Zu Gast: Recht op Gléck

Published by Carole on

Dësen Artikel gouf geschriwwe vum Mandy Arendt, Gemengeconseillière zu Colmar-Bierg an Präisidiumsmember, an war den 9ten September am Lëtzebuerger Land.

 

Verschiddener dreeme Joren a Joerzéngte vum grousse Familljegléck. Ech hunn déi grouss Chance, dass ech meng kleng Famill hunn an dat mécht mech wierklech glécklech. Mee ech weess och, dass et vill Fraen dobausse gëtt, déi een aner Häerzenswonsch hunn – ee vun enger Zukunft ouni Kanner.

Dee Moment sinn se awer oft mat Virurteeler konfrontéiert. “Firwat wëlls du dann net?” “Waart wann s de bis de Richtege kenne geléiert hues, dann…”

Dobäi sinn sech vill Frae scho ganz fréi bewosst, dass se ni Kanner wëllen. Fir si ass d’Angscht, ongewollt schwanger ze ginn, wa si sexuell aktiv sinn, omnipresent – schliisslech bitt kee Verhütungsmëttel 100%ege Schutz. An dat ass eng konstant mental Belaaschtung fir dës Fraen.

Ee Wee, fir dëser Angscht een Enn ze setzen, ass eng Sterilisatioun. Mee fir esou e medezineschen Agrëff, muss een déif an d’Täsch gräifen, well d’CNS d’Käschten, déi bei ronn 5000€ leien, net iwwerhëlt. An eventuell muss ee virdrun och nach eng psychiatresch Analyse maache loossen, falls dës gefrot gëtt. Dat ass net nëmme mental belaaschtend, mee suergt och fir eng sozial Diskriminatioun, well Frae mat engem méi klengen Akommes sech esou eng OP net leeschte kënnen.

Virun allem jonk Frae stousse beim Thema Sterilisatioun op grouss Hürden. Et gi kaum Medezinner(innen), déi eng Sterilisatioun bei hinne wëllen duerchféieren. Et kritt ee gesot et soll een nach waarden, villäicht wéilt ee jo awer nach eng Kéier Kanner. Et gëtt gefaart, dass een säi Choix iergendwann beréit. Souguer wann d’Patientin e favorabele psychiatreschen Avis virleeë kann, gëtt et keng Garantie, dass den Agrëff wäert gemaach ginn. Dobäi kéint den Dokter oder d’Doktesch jo froen, ob een Eezelle wéilt afréieren, fir d‘Dier opzeloossen, fir en eventuellen zukünftege Kannerwonsch. Mee et schéngt eng ongeschriwwe Reegel ze ginn, déi seet, dass een iwwer 35 Joer al muss sinn an am Beschte scho Kanner soll hunn, fir kënnen eng Sterilisatioun ze kréien.

Och jonk Männer hunn et hei net ëmmer einfach, mee well d’Chancen, fir eng Vasektomie réckgängeg ze maachen, besser sinn, an de soziale Stigma vum Kannerwonsch bei Männer manner matspillt, sinn hier Chance méi héich, een ze fannen, deen hinnen hëlleft.

Well et zu Lëtzebuerg fir jonk Frae ganz schwéier ass, een ze fannen, deen hirem Wonsch vun enger Sterilisatioun nokënnt, begi vill Fraen sech a medezinesch Behandlung an eise Grenzgebidder. Dat ass een Aarmutsbekenntnis fir eist Land, wat sech chancegläich a modern wëll ginn.

D’Ministere Lenert an Haagen hu viru kuerzem d’Méiglechkeet op den Dësch bruecht, dass d’Sterilisatioun soll vun der CNS iwwerholl ginn. Och wann dat ee gudde Schrëtt ass, fir sozial Diskriminatioun ze verhënneren, wat bréngt engem de Remboursement vun der CNS, wa sech kee fanne léisst, deen engem säi Wonsch gewäert? All d’Geschlechter sollen de Choix kënnen hunn, ob se Kanner wëllen oder eben net.

Zum Schluss nach eng perséinlech Anekdot:

Eng Bekannten huet jorelaang Dokteren hei am Land ofgeklappert, bis se an Däitschland endlech ee fonnt huet, deen erkannt huet, dass d’Iddi vun engem Liewen ouni Kanner keng “Phase” wier, mee een Häerzenswonsch. Nodeems d’Sterilisatioun gemaach war, sot hat, dass him ni bewosst war, wéi grouss dee Steen eigentlech war, deen ëm dunn vum Häerz gefall ass. Nach 2 Méint duerno hat et Tréinen an den Ae vu Gléck, wann et dovu geschwat huet, a kéint haut net méi glécklech iwwert seng Decisioun sinn. A genau dat wënschen ech mir fir all Fra, déi keng Kanner wëll – ee Recht op Gléck.


0 Comments

Leave a Reply

Your email address will not be published.

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.