Radio 100,7 – Een Etablissement public “autonome” sou ewéi d’Spuerkeess?

D’Spuerkeess ass een Etablissement public “autonome”. Dem Finanzminister no ass dëst wichteg, fir d’Onofhängegkeet vun der Bank ze garantéieren. Firwat ass dat dann net beim ëffentlech rechtleche Medium 100,7 de Fall? Misst den 100,7 net och een Etablissement public “autonome” ginn?

An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro n° 1999 betreffend dem autonome Statut vun der Spuerkeess, referéiert sech den Här Finanzminister op den Exposé des Motifs vum Projet de Loi n° 3095, deen des Autonomie kontextualiséiert. Dem Finanzminister no, wier ee vun den Objektiver vun der Reform vum Spuerkeessgesetz vun 1989 gewiescht, sécherzestellen, dass d‘Regierung, an domadder de Finanzminister, sech net méi kéint an d‘Gestioun vun der Bank amëschen oder der Direktioun, respektiv dem Conseil, entspriechend Instruktioune ginn. A sengem Avis iwwert de Projet de loi n° 3095 schreift de Conseil d‘Etat dann ënnert anerem Folgendes: «L‘Etat, son seul propriétaire, accordera aux organes de la banque toute l‘autonomie dont elle doit disposer dans l‘exercice des activités d‘une banque universelle».

Mat Referenz op d’Äntwert op meng parlamentaresch Fro n° 1999 betreffend dem Statut vum «Etablissement public autonome» vun der Spuerkeess, stellt sech fir mech d‘Fro, firwat dësen Statut net och op aner Etablissement public‘en, fir déi eng gewëss Autonomie och onverzichtbar erschéngt, applizéiert gëtt. Ech denken do beispillsweis un d‘Presse a méi genee un den «Etablissement de radiodiffusion socioculturelle», genannt „Radio 100 Komma 7“. Am Artikel 1 vum Reglement grand-ducal vum 19 Juni „fixant les modalités de structure et de fonctionnement de l’établissement public créé par l’article 14 de la loi du 27 juillet 1991 sur les médias électroniques“ heescht et: «L’établissement public créé par l’article 14, alinéa (2) de la loi du 27 juillet 1991 sur les médias électroniques, appelée ci-après «a loi», jouit de la personnalité juridique et de l’autonomie financière et administrative.»

An deem Zesummenhang hu mir dem Minister dës Froe gestallt:

  1. Här Medieminister, ass virgesinn, dem «Etablissement de radiodiffusion socioculturelle» de Statut vum «Etablissement public autonome» ze konferéieren?
  2. Här Minister, wat ass den Ënnerscheed tëscht engem «Etablissement public autonome» an engem «Etablissement public qui jouit de l‘autonomie financière et administrative» ? Gëtt et do eng genee Distinctioun? Wa jo, wéi eng?
  3. De Fall gesat, d‘Denominatioun «Etablissement public autonome» konferéiert engem Etablissement public méi Autonomie ewéi engem Etablissement public qui jouit de l‘autonomie financière et administrative: Wier et an den Aen vum Medieminister opportun dësem ëffentlech-rechtleche Medium e Maximum un Autonomie ze ginn, entspriechend dem Statut vun der BCEE oder änlech?
  4. Baséierend um Saz «L‘Etat, son seul propriétaire, accordera aux organes de la banque toute l‘autonomie dont elle doit disposer dans l‘exercice des activités d‘une banque universelle». Wier et an ären Ae sënnvoll, dat selwecht op den Etablissement de radiodiffusion socioculturelle Radio 100,7 ze applizéieren? Wann net, firwat net, wëssend, datt d‘Fräiheet an d‘Onofhängegkeet vun der Presse fundamental Piliere vun enger Demokratie sinn an deemno méi Autonomie nie schuede kann?

De Minister fir Medien huet an der Chamberssëtzung vum 14te Juli 2020 mëndlech op eis Fro geäntwert.

Zesummenhang posts

Universitéits- an Héichschouldiplomer, déi een am Ausland erhält, muss een zu Lëtzebuerg an de Registre des Titres androe loossen, wann een se hei am
An engem Interview mat RTL huet de Wunnengsbauminister wësse gedoen, dass de Staat wäert 2 Projeten an der Stad an am Süde vum Land
Kaderprogramm Péiteng 2023