Question n° 313 du 19 mai 2022 de M. Jeff Engelen relative aux périodes de repos des pilotes, adressée à M. le Ministre de la Mobilité et des Travaux publics

M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President,
léif Kolleeginnen a Kolleegen, den 22. Oktober
d’lescht Joer huet eng ganz Hickecht u Ministeren,
nämlech d’Ministere Jean Asselborn, Henri Kox, Sam
Tanson, Paulette Lenert a Claude Meisch en neie
Moossnamekatalog fir d’Bekämpfung vun der Drogekriminalitéit virgestallt.
Eng vun dëse Mesurë sollt e Gesetzesprojet zur Legaliséierung vum Cannabis sinn, deen et ënner anerem
erlabe sollt, doheem bis zu véier Cannabisplanze selwer ze hunn, selwer ze ernten an da selwer och ze
consomméieren – logescherweis, soss huet dat Hale
jo net vill Sënn.
Den Transport soll explizitt net méiglech sinn, mee an
deem Zesummenhang wéilt ech awer e puer Froen un
d’Madamm Justizministesch stellen: Wou ass dee Projet haut drun? Dat ganz speziell, well an Däitschland
d’Regierungsparteien, déi jo eng änlech Kompositioun hu wéi hei zu Lëtzebuerg, zumindest vun de
politesche Bluttgruppen hier, sech gëeenegt hunn, fir
eng Legaliséierung vu Cannabis fir Genosszwecker ze
maachen.
Ech hat mer bal erhofft, datt d’Madamm Ministesch
haut géif de Projet mat an d’Chamber bréngen, fir
en hei ze deposéieren, datt mer kéinten driwwer
diskutéieren. Wéini denkt Der awer, wann et net
haut ass, datt Der e kënnt deposéieren? An dann:
Wéi huet sech d’Situatioun zu Lëtzebuerg verännert
doduerjer, datt elo e grousse Staat wéi Däitschland
sech awer gëeenegt huet, fir d’Legaliséierung vum
Cannabis no vir ze dreiwen, virun allem wann een
dem Karl Lauterbach, dem neie Gesondheetsminister
an Däitschland, seng dach ganz wäitreechend Aussoe
consideréiert, déi jo awer e bësse méi wäit gi wéi dat,
wat hei zu Lëtzebuerg bis elo am politeschen Discours
war?
Ech mengen, mir hunn eis ganz vill mat internationalen Traitéen auserneegesat, wärend Däitschland
dat scheinbar vläicht e bësse méi simplistesch gesäit.
Mee ech freeë mech do op d’Äntwert vun der Justizministesch.
Ech soen Iech Merci.

Zesummenhang posts

D’Regierung well méi bauen a méi séier bauen an huet dofir d’lescht Joer am Juni verschidde Moossnahmen ugekënnegt, dorënner den nouveau partenariat public-privé (PPP)
Iwwert 5.000 Persoune schaffe bei den CFL mam Zil, fir Lëtzebuerg um Rullen ze halen. An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro n°949 hat
Op Social Media ass ee Post ze gesinn, op deem eng Awunnerin zu Luerenzweiler op d’Situatioun der Zuchbarrière an der Rue de l’Alzette opmierksam