Question élargie n° 149 de M. Laurent Mosar au sujet de la nouvelle proposition législative de la Commission européenne visant à combattre les abus sexuels sur les enfants en ligne

M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President.
Léif Kolleeginnen a Kolleegen, wéi mer alleguerte
mëttlerweil hoffentlech matkritt hunn, ginn et op EU Niveau ëmstridde Pläng zur Ofschafung vum digitale
Bréifgeheimnis. D’EU wëllt all Ubidder vun engem
E-Mail-,Chat- oder Messengerservice obligéieren,
d’Noriichte vu senge Benotzer systematesch an automatiséiert ze duerchsichen.
Dat eigentlech luewenswäert Zil dovunner soll et sinn,
iwwert dëse Wee sougenanntent „child sexual abuse
material“, kuerz CSAM – fréier Kannerpornographie
genannt, vill méi e grujelege Begrëff –, ze erkennen
an dann d’Täter festzehuelen, en Zil, wat immens luewenswäert ass, wat awer mat där um Dësch leiender
Propos leider net erreecht wäert ginn. Villméi géif et
zu enger déifgräifender Aschränkung vum Recht op
Privatsphär an Dateschutz kommen an et géifen digital Diere fir Iwwerwaachung opgemaach ginn, déi den
Internet um Enn vum Dag zu engem manner séchere
Raum géife maachen, an dat eeben och fir d’Kanner.
Aus dësem Grond hunn d’Piraten dës Heure d’actualité
ugefrot, mam Zil, d’Positioune vun de lëtzebuergesche
Parteien an der Regierung zu der geplangter Chatkontroll ze héieren.
Mir däerfen eis hei keng Märercher opdësche loossen. De proposéierten Text an déi domat verbonne
Mesurë wäerten den Handel an d’Produzéiere vun
CSAMen an och sougenannte „Cybergrooming“ net
reduzéieren. Déi vun der Propos viséiert Plattforme
sinn nämlech guer net déi, déi primär fir d’Deele
vun esou Contenue benotzt ginn. An dorops mécht
och den Däitsche Kannerschutzbond opmierksam,
fir deen de Schutz vum Kand jo definitiv un éischter
Stell steet an deen och an der Vergaangenheet net fir
Parteipolitik bekannt war.
Et ass zënter Laangem awer bekannt, datt Persounen,
déi d’Duerstellung vu sexueller a sexualiséierter Gewalt u Kanner produzéieren oder ukucken, dëst oft
iwwer just zu deem Zweck ageriichten an opgebauten
eegen Netzwierker maachen.
Wann et also zu enger gesetzlecher Reegel géif kommen, déi et erlaabt, déi privat Konversatiounen all
ze scannen, ma da wäerten déi Kriminell sech ganz
séier op genau dës kriminell Netzwierker zréckzéien.
An ech sot et hei schonn am Kader vun aneren Interpellatiounen: Déi sinn net blöd! Se si vläicht kriminell,
mee se sinn net blöd, well se wëllen net erwëscht
ginn!
Dat ass genau dee selwechte Problem wéi mat den
Iwwerwaachungskameraen, wa mer Chatte wëllen
entschlësselen an esou weider. Just well mer eng Kamera ophänken, kënnt et vläicht do net méi zu Strofdoten, mee dann eeben an der Strooss niewendrun.
Dee Verdrängungseffekt ass gutt dokumentéiert,
an do dierf ee sech vun dëser EU-Propos net blende
loossen!
Jo, déi proposéiert Iwwerwaachung ass extreem
breet ugeluecht, soudatt se fir den, Zitat, „normale
Bierger“, deen en Handy huet a méiglechst nach mat
Famill a Frënn chatt a Fotoen a Videoe schéckt; enger
Iwwerwaachung vu senger ganzer Onlinekommunikatioun géif gläichkommen. Mee fir e Kriminellen,
dee weess, datt en eppes ze verstoppen huet, ass et
e Witz. Dee benotzt dann einfach keng europäesch
Plattforme méi a scho guer keng, déi enger grousser
offizieller Firma gehéieren. Deen zitt sech an den
Darknet zréck oder notzt oder baut eegen Netzwierker ganz ënnert dem Radar vun der staatlecher Iwwerwaachung op.
Déi Kriminell, ëm déi et eigentlech bei dësem Gesetz
oder bei dëser Reegel soll goen, wäerten um Enn
also net méi einfach kënne fonnt ginn, mee Millioune
vun onschëllege Userinnen a User wäerten online
kee Wuert méi kënnen deelen, ouni datt iergendeen
Algorithmus dat kuckt an eventuell, wann den Algorithmus falsch erkennt, och Mënschen hir privatste
Biller kënne kucken.
Esou eng verdachtsonofhängeg Masseniwwerwaachung ass net mat eisen nationalen an europäesche
Grondrechter ze vereinbaren. Si ass net verhältnisméisseg an, wéi ech virdru scho sot, net zilféierend.
Ganz am Géigendeel géif se d’Kommunikatioun am
Internet nach méi onsécher maachen, an dat fir jiddwereen an, nach eng Kéier, och fir d’Kanner. Wann
d’Plattformoperateuren Outile musse kreéieren, fir
all d’Messagë kënnen ze duerchsichen, da kënnen
dës Outilen natierlech och vu Geheimdéngschter an
Hacker mëssbraucht ginn.
Wann et op eisen Handye bis méiglech ass, all Message, all Foto an all Video ze scannen, ma da kënnen
och Krimineller sech Zougang zu dëser Fonctioun verschafen. Coden ouni Bugs gëtt et net. Wa bis eng Dier
do ass, dann ass se do, da ka jiddwereen derduerchkommen, wann en den techneschen Knowhow huet.
Da kënnen och Staaten dës Dier notzen, fir zum
Beispill Journalistinnen, Journalisten a Regimmkritiker systematesch ze iwwerwaachen an dann och ze
verfollegen. Da kënnen Erpresser dës Dier notzen, fir
Profitt aus privaten Informatiounen ze schloen. Da
kënnen duerch dës Dier Identitéite geklaut ginn.
A jo, am schlëmmste Fall kéinten och Pedophiller dës
Dier notzen, fir privat Informatiounen ofzegräifen a
se ze notzen, fir hiren Affer méi séier nach méi no ze
kommen oder privat Fotoen, wou Kanner drop sinn,
ze sammelen. An dat wär jo dann awer de Gipfel vun
der Absurditéit vun esou engem Text!
A jo, Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, ech
weess, datt an der aktueller Propos net preziséiert ass,
wéi déi verlaangt Kontroll duerno soll technesch konkreet ëmgesat ginn. An doraus kéint ee jo elo ofleeden,
datt déi grad geäussert Bedenken alleguerten iwwerdriwwe sinn, well jo kee seet, datt et zu engem Client-Side-Scanning muss kommen, wou op dem Handy vum Notzer e Scanning gemaach gëtt.
Et kéint technesch jo och anescht geléist ginn.
D’Propos schreift jo näischt vir. A jo, dat stëmmt.
D’Propos schreift näischt vir. Den Artikel 13 huet och
net explizitt Uploadfiltere virgeschriwwen, an awer
si se komm. Datt d’EU hei net méi konkreet gëtt, läit
dorunner, datt et, wa se e konkreeten Outil géif nennen, vill méi einfach wär, duerzeleeën, firwat esou en Outil géint d’Grondrechter géif verstoussen. Doduerch, datt se vag bleiwen, ass den Text net esou ugräifbar.
An trotzdeem ass kloer, wéi d’Firmen duerno den
Exigenze vum Gesetz wäerten nokommen. Apple bitt
an den USA haut schonn d’Technik vum Client-Side-Scanning op hiren Telefonen un, fir den Elteren et ze
erméiglechen, op dem Handy vun hire Kanner e Scan
ze aktivéieren, deen eng Warnung erausgëtt, wann
e Kand probéiert, en Aktbild ze schécken oder dem
Kand eent geschéckt gëtt. Bis elo ass de Scan just lokal, dat heescht, et gi keng Informatioune vum Handy
erausgeschéckt, mee et gëtt just um Handy selwer
eng Warnung affichéiert, wou een dann ëmmer nach
kann decidéieren, d’Bild awer ze kucken.

Dës Technik esou unzepassen, datt d’Warnung duerno net just lokal ass, mee direkt un d’Police weidergeet, obwuel et vläicht e sougenannte „false positive“ ass, oder eeben un een, deen d’Date géif illegal ofgräifen an dann och d’Bild géif matschécken, ma dat
ass leider e Kannerspill, technesch fir den Utilisateur
guer net nozevollzéien. An d’Technik ass do.
An duerfir wësse mer ganz genee, wéi d’Viraussetzung vun der EU-Propos duerno géif vun den Ubidder ëmgesat ginn. Déi benotze schliisslech léiwer déi Outilen, déi se schonn hunn, wéi fir deiert Geld nees eppes ganz Neies ze entwéckelen.
Mee dës Outile sinn e Sécherheetsrisiko fir eis digital
Kommunikatioun, entspriechen enger Ofschafung
vum Bréifgeheimnis a verstousse géint d’Recht op de
Schutz viru verdachtsloser Masseniwwerwaachung. A
se sinn och net feelerfräi: Och ganz legitimm Inhalter,
wéi zum Beispill eng Foto, déi een Elterendeel deem
anere schéckt, wou hiert Kand drop ass, wéi et glécklech an der Bidde spillt, géif vum Algorithmus erausgefëscht ginn, potenziell bei der Police landen an do
dann och nach vun engem consultéiert ginn.
Ech froen Iech alleguerten heibannen: Wëllt Dir, datt
Fotoe vun Äre Kanner a vun Ären Enkelen duerch
iergendeen Algorithmus erausgefëscht ginn an un
d’Police geschéckt ginn, wou dann en aarme Beamte
muss den Tri maachen, wat dann elo sexualiséiert Gewalt ass a wat net? Wëllt Dir dat wierklech?
Une voix | Nee!
M. Sven Clement (Piraten) | Da sidd Der fir déi Propos. Wann net, muss ee ganz kloer dergéint sinn!
Esou Inhalter géifen dann nämlech och zu Ermëttlunge féieren. An esou géife bei der Police wäertvoll
Personalressourcë verschwent ginn, fir esou Fäll
nozegoen. Déi am schlëmmste Fall esouguer Hausduerchsichunge maache kéinte bei Leit, wou de Kanner kee Leed geschitt ass, wou eebe just Eltere vläicht mat de Bomien a Bopien e bëssen ze vill där Fotoen hin- an hiergeschéckt hunn, wat awer definitiv kee
Leed generéiert huet. Kee Leed, bis hiert Recht op Privatsphär mat Féiss getrëppelt gëtt. An dat, well eng Foto vun hinnen, déi geduecht war, fir privat ënnerenee verschéckt ze ginn, op eemol bei der Police
gelant ass, ouni hiert Wëssen. Also, dat ass wéi eng
Hausduerchsichung, wou d’Police däerf iergendwann
an der Nuecht erakommen an einfach mol eng Kéier
an Ärem Tiräng wullen, ouni Iech ze soen, datt se do
war. Mech skandaliséieren esou Proposen!
An duerfir, Här President, deposéieren ech och eng
Motioun, mat där ech d’Regierung invitéieren, sech
am EU-Conseil géint den automatiséierte Screening
vu Biller, Videoen, Messagen a Sproochnoriichten
auszeschwätzen. Wannechgelift.
Motion 1
D’Chamber vun den Deputéierte stellt fest,
– dass ënner anerem d’Charta vun de Grondrechter vun
der Europäescher Unioun de Respekt vum Privat- a Familljeliewen an de Schutz vu persounebezunnen Date mat
den Artikele 7 an 8 festschreift;
– dass d’Recht op Privatsphär souwuel am Artikel 11 (3)
vun eiser Verfassung wéi och am Gesetz vum 11. August
1982 concernant la protection de la vie privée verankert
ass;
– dass d’Bekämpfung vum Kannermëssbrauch eminent
wichteg ass;
– dass een doduerch aner Grondrechter net gänzlech
aushielegen däerf;
– dass et wichteg ass, an deem Beräich en uerdentlechen
Equiliber ze fannen;
– dass d’EU Kommissioun den 11. Mee hir zweet legislatif
Propos zur Bekämpfung vun Abus sexuels vu Mannerjäregen am Internet gemaach huet;
– dass dës Propositioun vun Dateschützer kritiséiert gëtt,
well duerch dës Propos all Biller, Videoen, Messagen a
Sproochnoriichten aus Chats op Inhalter gescannt ginn.
Domat wier dat digitaalt Bréifgeheimnis net méi assuréiert;
– dass de Risk besteet, dass déi viséiert kriminell Persoune sech nei Plattforme sichen, wou si net vun der EU Kommissiouns-Propos betraff wären;
– dass eng Ëmsetzung vun der genannter Propos mat
erhiefleche Risike fir d’Sécherheet vun eiser gesamter
Onlinekommunikatioun verbonnen ass.
Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung,
– sech zum digitale Bréifgeheimnis ze bekennen;
– sech am EU-Conseil derfir anzesetzen, dass de Screening vu Biller, Videoen, Messagen a Sproochnoriichten,
dat heescht déi sougenannten „chatcontrol“, aus der Propos entfält.
(s.) Sven Clement, Marc Goergen, Martine Hansen,
Laurent Mosar, Gilles Roth.
Pedophilie bekämpft een net mat Masseniwwerwaachungen, mee mat Preventioun, mat Opklärungs- a
Sensibiliséierungsaarbecht bei den Elteren a Kanner, mat engem Opstocke vun de Policeunitiéiten
an dësem Beräich an och mat engem Ausbau oder
iwwerhaapt der Kreatioun vun enger Ulafstell fir Persounen, déi sech zu Kanner higezu fillen an net zu Täter wëlle ginn.
Hei mussen och zu Lëtzebuerg nach Fortschrëtter
gemaach ginn. An duerfir wëll ech och dës zweet Motioun deposéieren, zu där ech dann direkt nach eppes
Klenges soen.
Motion 2
D’Chamber vun den Deputéierte stellt fest,
– dass BEE SECURE schonn Traininge fir Grondschoulen (ab
dem Cycle 2.2) a Lycéesklassen op fräiwëlleger Basis ubitt;
– dass BEE SECURE op hirer Websäit Informatiounen zu
den Theemen CSAM („child sexual abuse material“), Grooming, Sextorsion ubidden;
– dass 2020 4.022 Fäll vun CSAM bei BEE SECURE gemellt
goufen an dovunner 2.410 als illegal agestuuft gi sinn an
un d’Police weidergereecht goufen;
– dass Affer vun CSAM, Grooming oder Sextorsion sech
kënnen un d’Police wennen an och deelweis kënnen direkt
iwwert den E-Commissariat e Fall signaliséieren;
– dass Persounen, déi gefäerdet sinn, zum Täter ze ginn,
eng Ulafstell brauchen, wou si onkomplizéiert a séier un
Hëllef kommen.
Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung,
– fir d’Schoule weider an dësem Beräich ze sensibiliséieren a si bei der Ausaarbechtung vu preventive Schutzkonzepter ze begleeden;
– fir all d’Schüler ab dem Cycle 4.1 en Training mat BEE
SECURE vu mindestens zwou Schoulstonne pro Schouljoer
obligatoresch ze maachen;
– d’Unitéit vun der Police judiciaire, déi fir CSAM („child
sexual abuse material“) zoustänneg ass, personell opzestocken, hinnen déi néideg Formatiounen a Weiderbildungen unzebidde souwéi och dat néidegt Material zur
Verfügung ze stellen;
– eng Websäit an eng Hotline, wou Persounen, déi gefäerdet sinn, zum Täter ze ginn, Informatiounen a
preventiv Hëllef ugebuede kréien, unzebidden a bekannt
ze maachen.
(s.) Sven Clement, Marc Goergen, Martine Hansen,
Laurent Mosar, Gilles Roth.
Sech zu Kanner higezu fillen ass eng Krankheet, keng
Strofdot. Mee senge Gefiller nozeginn an e Kand
unzepaken oder d’Duerstellung vu sexueller oder
sexualiséierter Gewalt u Kanner ze kucken oder ze
produzéieren ass eng kloer Strofdot an et ass eng Entscheedung! Kee gëtt gezwongen, zum Täter ze ginn. Et
kann een och de Wee wielen, sech Hëllef ze sichen an
domat d’Kanner a sech selwer ze schützen. A leider ass
dëse Wee zu Lëtzebuerg nach net accessibel genuch.
Ech hu wärend der Preparatioun vun dëser Heure
d’actualité zwou séier Internetrecherchen, eemol op
däitsch an eemol op franséisch, gemaach an zweemol
hunn ech keng Ulafstell hei zu Lëtzebuerg ugewise
kritt, wou Persoune sech kéinte mellen. Ech hoffe
just, datt ech elo net um Radar vun de Strofverfollgungsbehörde sinn, déi elo iergendwéi dann eng Kéier bei mir nokucken.
Ech mengen, datt hei eng staatlech Websäit, déi op
Therapieoptioune verweist, an och eng Hotline, un
déi Persoune sech anonym wenne kënnen, wa se
d’Gefill hunn, sech net méi am Grëff ze hunn, wierklech hëllefe kéinten, en Deel vun de Strofdoten un de Kanner ze vermeiden.
Duerfir fuerdert dës Motioun niewent enger méi staarker Preventiounsaarbecht bei de Kanner an enger
Opstockung vun de Policeunitéiten och eng besser
Preventiounsaarbecht um Niveau vun de potenziellen
Täterinnen an Täter. Esou kann een nämlech wierklech
hëllefen, Iwwergrëff op Kanner opzeklären an Täter
festzehuelen oder d’Doten esouguer ze verhënneren.
Mat digitaler Iwwerwaachung geet dat net. Duerch
Iwwerwaachung mécht ee keng Preventioun an et
dréckt een d’Kriminalitéit just nach méi déif an den
Ënnergrond an et mécht een d’Policeermëttlungen
domadder nach méi schwéier.
Mir Piraten soen duerfir kloer Nee zur Ofschafung
vum digitale Bréifgeheimnis, nee zur Chatkontroll,
mee Jo zu enger personeller Stäerkung vun der Police
a Jo zu méi Preventioun!
Ech soen Iech Merci.
M. Marc Goergen (Piraten) | Ganz gutt!
M. Sven Clement (Piraten) | Här President, et deet
mer Leed, ech hätt dat nach misse klarifiéieren: Déi
zwou Motiounen, déi ech ofginn hunn, hunn ech zesumme mam Kolleeg Laurent Mosar, dee jo och déi
Question élargie huet, ausgeschafft an ech deposéiere
se och an eisen zwee Nimm an net nëmmen eleng.
Une voix | Très bien!

M. Sven Clement (Piraten) | Dat geet, mengen ech,
net, wann ech an der …
M. Mars Di Bartolomeo, Président de séance | Dat
mengen ech och. Dat war …
M. Sven Clement (Piraten) | Dir hutt dem Här Jans
haut op RTL nogelauschtert, dee gemengt huet, et
misst ee mech klonen. Mee esou wäit si mer nach net.

M. Sven Clement (Piraten) | Ça promet, ça promet.

M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President.
Also als Éischt emol sinn ech e bëssen erstaunt, wann
d’Madamm Empain seet, datt an der Motioun vum
Här Mosar a vu mir net iwwer Grondrechter geschwat
géif ginn, well den éischte Considerant schwätzt vun
der Grondrechtscharta an deen zweete schwätzt vun
eiser Verfassung. Also ech mengen, méi héich kënne
mer d’Grondrechter net hänken an enger Motioun.
Dat als Éischt emol gesot.
Dat Zweet, mengen ech, huet den Här Mosar ganz
richteg gesot. Also mat Ausnam vun engem Considerant kann ech ganz gutt domadder liewen an ech ka
se matstëmmen, well et ass esou generique, datt,
mengen ech, jiddweree se ka matstëmmen.
Warscheinlech géif souguer d’Europäesch Kommissioun se matstëmmen, déi déi Propos hei deposéiert
huet, well d’Europäesch Kommissioun behaapt och,
datt hir Dispositiffen d’Droits fondamentaux géife
respektéieren, proportionell wäre par rapport zum
Objectif recherché an natierlech och d’Jurisprudenz
vun der Cour géife respektéieren. Well wa se dat net
géife behaapten, léif Kolleeginnen a Kolleegen, da
kéinte se et dach net deposéieren. D’Europäesch Kommissioun kann dach net higoen a soen: „Mir deposéieren hei en Text, wou mer wëssen, datt e géint eis Droits
fondamentaux geet, datt e keng Proportionalitéit huet
an datt e géint d’Jurisprudenz vun der Cour de justice
geet.“
Also ganz éierlech, dat heite seet just aus, wat d’Europäesch Kommissioun souwisou gesot huet dee
Moment, wéi se den Text deposéiert huet. Deementspriechend, ech kann et matstëmmen, et ass Wischi-waschi. A ganz éierlech, de leschte Considerant, deen
Der maacht: „soulignant l’engagement du Grand-Duché de Luxembourg en matière de protection des
données, tant au niveau national qu’international“,
do liesen ech awer ganz vill Artikelen an der internationaler Press bei „Politico“, bei „Luxembourg Times“,
wou deen Engagement awer ëmmer mat engem
groussen Asterisk versi gëtt. Also deementspriechend, ech kann et matstëmmen, ech gleewen et just
net ganz.
Dat Zweet: Wann Der dem Här Mosar a meng Motioun net wëllt stëmmen, da sot Der ganz kloer heibannen, datt Iech déi zwee Invitten, sech kloer zu
engem digitale Bréifgeheimnis ze bekennen, also
eppes, wat am Analogen …, wou keen heibanne géif
op d’Iddi kommen, et am Analogen a Fro ze stellen.
Kee vun Iech kënnt op d’Iddi, d’Bréifgeheimnis a Fro
ze stellen, mee am Digitalen, jo, vläicht dann awer,
wann et géint d’CSAMe geet, da maache mer et awer.
Ma bekennt Iech dozou! Huelt deen Invite mat an Är
Motioun eran! Do hunn ech kee Problem dermat.
An dann, sech géint de Screening anzesetzen: Wie
mengt, datt et iergendeng technologesch Léisung
géif ginn, iergendeng, déi grondrechtskonform kann
Texter screenen, ouni datt d’Bréifgeheimnis violéiert
géif ginn, ouni datt eis Droit-fondamentalle géife
violéiert ginn, ma dee gleeft och nach un de Kleeschen! Also deementspriechend, ween dorunner
gleeft, dee soll eis Motioun ofleenen, da si mer séier
fäerdeg.

M. Sven Clement (Piraten) | Dat ass Är Interpretatioun an dat ass meng Interpretatioun vun Ärer Motioun.

M. Sven Clement (Piraten) | D’Majoritéit huet dat
net matkritt.

Zesummenhang posts

D’Office Sociaux’en hei am Land leeschten ee wichtegen Déngscht, fir deene Leit, déi et hei am Land finanziell net iwwert Ronne packen, ënnert d’Äerm
An mindestens engem Foyer fir Leit déi op Lëtzebuerg geflücht sinn elo am Wanter Zoustänn, déi esou fir Kanner an och Erwuessener net gutt
Lëtzebuerg fir d’Zukunft stäerken. Dat geet nëmmen, wa Lëtzebuerg energiepolitesch esou onofhängeg wéi méiglech ass. Dofir muss virun allem de Staat mam gudde Beispill