Obwuel et zanter 2015 en entspriechend Gesetz gëtt, kréie Patienten zum aktuellen Zäitpunkt d’Käschte fir Sëtzungen beim Psychotherapeut ëmmer nach net vun der Krankekeess rembourséiert.
Mir hunn beim Gesondheetsminister a beim Minister fir d’Securité Social nogefrot, bis wéini d’Patiente mat enger Prise en Charge duerch d’Krankekeess rechne kennen.
Trotz dem Gesetz vum 14. Juli 2015 iwwert d’Aféierung vum Beruff vum Psychotherapeut ass et Patienten zu Lëtzebuerg zum aktuellen Zäitpunkt ëmmer nach net méiglech, d’Käschte vun Therapiesëtzunge bei Psychotherapeuten vun der Krankekees rembourséiert ze kréien.
Wéi aus enger Äntwert ob d’parlamentaresch Fro Nummer 389 vum Deputéierte Marc Baum ervirgeet, ass de Fait, datt keen Accord tëscht der CNS an der Fabsylux (der Federatioun vun den Associatiounen, déi d’Psychotherapeuten am Land representéieren) fonnt konnt ginn, primär Schold drun, datt bal véier Joer nodeems d’Gesetz gestëmmt gouf, ëmmer nach keng Remboursementer méiglech sinn.
Konkret heescht et an där Äntwert: “Suite à l’échec des négociations conventionnelles entre la Fapsylux et la CNS, la procédure de médiation avait été entamée le 1er octobre 2018. Cependant, la procédure de médiation n’a également pas permis de trouver un accord de sorte que les dispositions obligatoires de la convention doivent être fixées par voie de règlement grand-ducal en application de l’article 70, paragraphe 2 du Code de la sécurité sociale. Les travaux y relatifs sont actuellement en cours.”
An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:
- Wat waren d’Haaptgrënn dofir, dass keen Accord tëscht der CNS an der Fapsylux konnt fonnt ginn?
- An der Äntwert ob d’parlamentaresch Fro Nummer 3858 vun den Mesdames Deputéierten Lorsché an Tanson aus dem Juni 2018 gouf gesot, dass d’CNS an d’Fapsylux am Januar 2018 ugefaangen hätten iwwert eng Conventioun ze negociéieren. Wisou sinn des Gespréicher eréischt méi wéi zwee Joer nodeems d’Gesetz vum 14. Juli 2015 gestëmmt gouf, ugefaangen ginn?
- Bis wéini ass mat deem an der Äntwert ob d’Fro vum Här Deputéierten Baum genannten Reglement ze rechnen? Bis wéini wäerten d’Patiente spéitstens nach waarde mussen, bis si d’Käschte fir hier Therapiesëtzunge vun der Krankekees rembourséiert wäerte kréien?