A menger parlamentarescher Fro n°2657 hat ech de Minister fir Kommunikatioun a Medien d’CNPD iwwert de Fonctionnement vu verschiddene Prozedure bei der CNPD befrot. Den 20ten Oktober 2020 huet d’CNPD d’Prozedur vun de Reklamatiounen schrëftlech an engem Dokument festgehalen. (LINK)
D’Piraten hunn der Regierung folgend Froen heuzou gestallt:
- Am Artikel 4 vun der Prozedur steet geschriwwen, datt de Plaignant sech als éischt beim DPO vun der betraffener Organisatioun fir seng Rechter asetze muss, ier en d’CNPD aschalte kann.
- Wou ass dës Dispositioun am RGPD oder am Dateschutzgesetz vun 2018 ze fannen?
- Kann de Minister confirméieren, datt sech dësen Artikel nëmmen op Fäll “en matière pénale ainsi qu’en matière de sécurité nationale” bezitt?
- Am Artikel 6, zweeten Ënnerpunkt, vun der Prozedur steet geschriwwen:la réclamation est rédigée dans la langue luxembourgeoise, française, allemande, (y compris les documents joints et attestant les faits décrits dans la réclamation) ;Falls ee Plaignant mat enger auslännescher Firma ze doen huet an dëser Firm net an enger vun den 3 Amtssprooche schreiwe kann, mee op Englesch, hëlt d’CNPD dës Reklamatioun an dësem Fall un oder muss de Plaignant se vun engem staatlech unerkannten Iwwersetzer iwwersetze loossen?
- Am Artikel 6, drëtten Ënnerpunkt, vun der Prozedur steet geschriwwen:la réclamation permet d’identifier son auteur, à savoir qu’elle contient au moins ses nom et prénom ou sa raison sociale et son adresse postale ;
- Aus wéi enge Grënn huet d’CNPD beschloss anonym Plainten (an deenen d’Plaignanten awer zum Beispill eng Mailadress hannerloossen) net zouzeloossen?
- Wat ass d’legal Basis vun dëser Decisioun?
- Wéi gi mat dëser Dispositioun Whistleblower geschützt?
- Den Artikel 8 beschreift den “Déclenchement d’une procédure d’enquête suite à l’instruction d’une réclamation”. Heizou hunn ech folgend Froen:
- Gëtt de Plaignant informéiert, wann d’CNPD eng Enquête opmécht ? Wann nee, firwat net?
- Wéi gëtt de Plaignant iwwert de weidere Verlaf vu senger Plainte um Courant gehalen a wat sinn d’Delaien, déi dofir virgesi sinn?
- Am Artikel 10 vun der Prozedur steet geschriwwen:Si la personne concernée souhaite être informée de l’état d’avancement de sa réclamation en cours auprès de la Commission nationale, elle peut contacter la CNPD par voie électronique ou postale en y mentionnant la référence attribuée par la CNPD à sa réclamation. La CNPD se réserve le droit de ne pas apporter une réponse à une demande d’état d’avancement d’une réclamation qui serait formulée endéans un délai de deux mois à compter de la date d’introduction de la réclamation.De GDPR gesäit am Artikel 78 (2) vir, datt wann d’CNPD spéitstens no 3 Méint de Plaignant net iwwert den Etat d’Avancement informéiert, datt d’Persoun da berechtegt ass, ee Recours virum Verwaltungsgeriicht ze maachen. Et stellt sech d’Fro vun der Finalitéit vum uewen zitéierten Artikel. Aus wéi enge Grënn huet d’CNPD dësen Artikel esou an der Prozedur festgehalen?
Fro Nummer 3354