Protektioun vum Dateschutz #Chatcontrol

Context:Heure d’actualité – Proposition législative de l’UE visant à prévenir et à combattre les abus sexuels sur les enfants en ligne

D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:

  • Dass d’Charta vun de Grondrechter vun der europäescher Unioun de Respekt vum Privat- a Familljeliewen an de Schutz vu persounebezunnen Date mat den Artikele 7 an 8 festschreift;
  • Dass d’Recht op Privatsphär zu Lëtzebuerg am Gesetz vum 11 August 1982 concernant la protection de la vie privée verankert ass;
  • Dass d’EU Kommissioun den 11te Mee seng zweet legislatif Propos zur Bekämpfung vun Abus sexuels vu Mannerjäergen am Internet gemaach huet;
  • Dass des Propositioun vun Datschützer kritiséiert gëtt, well duerch dës Propos all Biller, Videoen, Messagen a Sproochnoriichten aus Chats op Inhalter gescannt ginn. Domat wier dat digitalt Bréifgeheimnis net méi assuréiert;
  • Dass de Risk besteet, dass déi viséiert kriminell Persounen sech nei Platformen sichen, wou si net vun der EU-Kommissiouns-Propos betraff wären;
  • Dass eng Ëmsetzung vun der genannter Propos mat erhiefleche Risike fir d’Sécherheet vun eiser gesamter Online-Kommunikatioun verbonnen ass.

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:

  1. Sech zum digitale Bréifgeheimnis ze bekennen;
  2. Sech am EU Conseil dofir anzesetzen, dass de Screening vu Biller, Videoen, Messagen a Sproochnoriichten, d.h. déi sougenannten Chatcontrol, aus der Propos entfält.
Eis Motioun gouf vun DP, LSAP an déi Gréng ofgeleent.

Zesummenhang posts

Le parti Pirate a tenu le 29 septembre une conférence de presse sur le sujet “Un monde du travail équitable pour aujourd’hui et demain”.
Am Walkampfofkommes ass festgehaale ginn, dass Ministeren a Ministeschen an der Ausübung vun hirem Mandat wärend der Period vum Walkampf keng bezuelte Reklammen iwwert