Gesetzespropositioun fir eng besser Protektioun vun de Bewunner vun Alters- a Fleegeheemer

Virum Hannergrond vun den erschreckende Verloschter, déi ganz vill Famillen an de leschte Wochen opgrond vu Corona-Clusteren an Alters- a Fleegeheemer an och a betreite Wunnstrukturen, ze erleiden haten, sinn d’Piraten der Meenung, dass d’Covid-Gesetz misst adaptéiert ginn. Nei Dispositiounen, déi méi konkret Reegelen, wéi d’Haiser hier eeler Bewunner schütze mussen, sinn dréngend néideg.

Déi lescht Wochen hunn eis op eng schrecklech Aart a Weis nees virun Ae gefouert, wéi vulnerabel den 3. Alter face vum Covid ass.

De Sven Clement huet dofir haut eng Proposition de Loi deposéiert, déi virgesäit, dass Strukture fir eeler Leit mussen hier protocoles sanitaires vun der Direktioun vun der Santé validéiere loossen.

Bis elo gesäit d’Gesetz des Flicht just fir d’Grandes Surfacen, also fir Geschäfter, déi eigentlech op vill manner Hygiènesmesure oppasse mussen, vir. 

Dat kënne mir net novollzéihen an dofir soll dat duerch eis Proposition de Loi och geännert ginn.

Et ass och virgesinn, dass all Haus muss e Konzept hunn, fir am Noutfall e Cohortage kënnen ze maachen, – sief et am Haus oder villäicht an Zesummenaarbecht mat der Gemeng an engem anere Gebai.

Mir wësse wat fir schlëmm Konsequenzen et kann hunn, wann de Virus sech an der Population âgé ausbreede kann, an d’Politik kann net einfach weider hier Responsabilitéiten ignoréieren an op den Terrain ofdrécken.

Dës Proposition de Loi gouf net geschriwwen, well mir mengen, dass d’Alters- a Fleegeheimer ouni e Gesetz wat hinne virschreift e protocole sanitaire ze hunn, keent hätten. Nee, déi allermeeschten hunn e Kriseplang gemaach, och wann d’Regierung si net obligéiert huet. Mee, si ware mat dësem Plang bis elo eleng an si hunn dofir och d’Responsabilitéit eleng gedroen. Dass dat zu villen Onsécherheeten an och Feeler gefouert huet, hu mir alleguerte gesinn.

Mat engem Protocole sanitaire, dee vun der Santé muss validéiert ginn, kéint ee garantéieren, dass am viraus an Zesummenaarbecht tëscht de Gestionnairen an der Santé déi bescht Mesure geplangt gi fir den Noutfall an et hëlt een esou och den Drock vun de Gestionnairen, eleng dës Kris geréieren ze mussen.

Mir mussen déi eeler Populatioun schützen an dofir hu mir dës Gesetzespropose agereecht:

D’Propos gouf de 27ten Abrëll a 7ten Mee an der Santéskommissioun behandelt. D’Regierung huet virgeschloen, dës Propos an de Projet 7524 z’integréieren.

Zesummenhang posts

D’Post bitt zënter 2023 de Service vum online Recommandé un, mat deem ee Bréiwer iwwert den elektronesche Wee kann un een Destinatäre fortschécken. D’Post
A menge parlamentaresche Froe n°3813 an 3927 hat ech op d’Situatioun vun Déierenbesëtzer um Wunnmarché opmierksam gemaach, wou et virkënnt, dass Locatairen verbuede kréien,