Proposition de loi 8049 iwwert d’Ëmsetzung vum Artikel 82 vun der Constitutioun

M. Sven Clement (Piraten) | Här President, léif Kol- leeginnen a Kolleegen, als Éischt emol e grousse Merci un de Mars Di Bartolomeo fir de gudde mëndlechen a schrëftleche Rapport, well haut stëmme mer iwwer eng Proposition de loi of, déi längst iwwerfälleg ass an u sech och vill méi séier hätt kënne kommen, an ech mengen, mir sinn net déi eenzeg, déi laang gewaart hunn, an ech fäerte ganz, datt et e bëssen ze laang ge- dauert huet. Et wär gutt gewiescht, hei däitlech méi séier ze sinn!

An enger juristescher Affär ëm e Member vun der Re- gierung ass d’Theema vun der Responsabilité pénale an d’Ëffentlechkeet komm an et gouf an der Zäit och als éischt emol ganz vill Poleemik ëm déi Affär, an datt de gesetzleche Kader an d’Prozeduren net ganz kloer waren, huet der ganzer Saach net gehollef – am Géigendeel!

Vu verschiddene Säite waren ënnerschiddlech Mee- nungen an Usiichten ze héieren, wéi déi Saach dann elo ze behandele wär, an eppes huet sech derbäi gewisen, vläicht dat Wichtegst: D’Biergerinnen an d’Bierger hei am Land erwaarde sech, datt d’Politi- ker a Politikerinne kënne bestrooft ginn, wa si sech net un d’Gesetz halen. A si erwaarden dat net nëm- men, mee se verdéngen et och! Mir liewen an enger Demokratie, wou de Bierger duerch d’Walen déi Re- presentantë wielt, déi a sengen Ae seng Interêten am beschte representéieren. Dat ass awer kee Fräifaarts- schäin fir eis alleguerten an der Politick fir, zum Bei- spill, ze maachen, wat ee wëllt a seng Positioun zum eegene Virdeel ze notzen.

Wie sech net un d’Gesetz hält, soll bestrooft ginn, egal ob Citoyen lambda, Chambersdeputéierten oder Regierungsmember. Bei de Biergerinnen a Bierger dierft den ugeschwate Fall dann och net zum Ver- trauen an d’Politick an an d’Politikerinnen an d’Poli- tiker bäigedroen hunn. Och do, am Géigendeel!

Dëst Vertrauen ass awer ganz wichteg, well eigent- lech solle souwuel d’Membere vun der Chamber wéi och d’Membere vun der Regierung d’Vertraue vun de Biergerinnen a Bierger hei am Land hunn. Wéi séier dat Vertrauen an d’Politikerinnen an d’Politiker ka verspillt ginn, weist déi aktuell Korruptiounsaffär am Europaparlament. Déi betraffe Persoune kréien zwar déi juristesch Suitten ze spieren – an dat ass och nëmme richteg –, mee de Schued ass awer do an en ass net ze negligéieren! E staarke gesetzleche Kader a kloer definéiert Prozedure kënnen hei duerchaus als Ofschreckung déngen, weise se dach, datt een och als Member vun der Regierung net iwwert dem Ge- setz steet.

Juristesch Suitte sinn awer nëmme méiglech, wann et genau dofir de gesetzleche Kader gëtt. Dee soll dann heimadder och bei eis – endlech, muss ee soen, well d’Verfassung huet dee ganz laang virgesinn an d’Chamber huet e ganz laang net geholl – endlech um Niveau vun der Regierung an opgrond vu Remar- ke vum Staatsrot och fir d’Membere vun der Europä- escher Kommissioun, déi vu Lëtzebuerg dohinner ge- schéckt ginn, gëllen.

A well mer hoffen, datt genau dësen Text hei e klen- gen Deel derzou bäidréit, Vertrauen an d’Politikerin- nen an d’Politiker erëm hierzestellen, ze weisen, datt et och an der Politick keen „hors-la-loi“ gëtt, gi mir als Piraten eisen Accord fir dëse Projet.

Ech soen Iech Merci.

Zesummenhang posts

De Centre pénitentiaire d’Uerschterhaff ass zoustänneg fir d’Leit, déi an Untersuchungshaft sinn. Eisen Informatiounen no, si beim Bau vum Uerschterhaff och Büroe fir Untersuchungsriichter
Zënter Jore gëtt doriwwer diskutéiert, fir an der Rue de Linger op der Gemengegrenz tëschent Käerjeng a Péiteng ee gemeinsamen Zenter fir d’Police an