M. Sven Clement (Piraten) An dat muss een ein- fach konstatéieren. Ob een da mat deene Meenun- gen averstanen ass oder net, dat ass nach eng aner Saach, mee et muss een awer éierlech mat sech sel- wer bleiwen a soen, datt et net esou ass, datt d’Bier- gerbedeelegung ëmmer nëmmen am Interêt vun der Regierung stattfonnt huet.
Zu deem heite Projet: D’Chambre des Fonctionnaires et Employés publics huet an hirem Avis bemängelt, datt et ze vill Hürde géif ginn, soudass et de Leit duerch Seuilen, Delaien an eng aner Rei vu Modalitéiten – an d’Madamm Beissel huet virdru vun dem Refus vun hybride Sammelaktiounen zum Beispill geschwat – ex- treem schwéier gemaach gëtt an an der Praxis deen heien Outil warscheinlech net immens vill genotzt wäert ginn.
Ech wëll och hei ganz kloer soen: Ech bedaueren, datt mer net en hybride Wee fonnt hunn. Ech bleiwen der Meenung, datt dat machbar gewiescht wier, ech hunn awer och konstatéiert, datt an der Kommis- sioun, wou ech kee Stëmmrecht hunn, keng Majori- téit ze fanne gewiescht wär, déi meng Proposition de loi oder meng Amendementer an deem Sënn vun ausserhalb vun de stëmmberechtegte Memberen ugeholl hätt. Bon, si hu mat där Kritick also och net ganz Onrecht an zumindest bei mir oppen Dieren agerannt, mee et ass eis och bewosst, dass et gewës- sen Hürde brauch. Mir hätten der anerer virgesinn. Och do, ech ka mech awer mat deem ufrënnen, wat mer elo als éischte Schrëtt hunn.
D’Aarbecht vun der Chamber ass immens wichteg a mir gesinn eleng dës Woch, wéi vill Texter mer an enger Woch kënnen heiansdo traitéieren. Dofir ass et och wichteg, datt mer net mat schonn 100 Ënner- schrëfte mat enger Proposition de loi befaasst ginn. Dat heescht, e gewëssene Seuil ass do ganz räsona- bel. Nichtsdestotrotz sollte mer eis selwer d’Wuert ginn, datt mer eis an der nächster Legislaturperiod nach eng Kéier deen Outil hei ukucken, éierlech mat eis selwer evaluéieren, wéi gutt en ugeholl gouf a wéi vill Propositionen et bis an d’Chamber dann och gepackt hunn. Well wann do d’Resultat duerno Null oder Eent ass, da sollt ee sech vläicht d’Fro stellen, ob een net nach eng Kéier muss iwwer déi Seuilen hei nodenken.
Bis dohinner gi mer deem Outil eng Chance, mir hof- fen, datt e breet genotzt gëtt, datt ganz interessant Propositiounen aus der Populatioun hei an d’Cham- ber gedroe ginn, an deementspriechend kënne mir eisen Accord ginn.
Ech soen Iech Merci.