Proposition de loi 8036, eng Ofännerung vum Gesetz iwwert d’Enquêtëkommissioun

M. Sven Clement (Piraten) | Duerch eng Enquêtë-

kommissioun an duerch e klore gesetzleche Kader gi mer der Chamber e wichtegen Outil. Mir stäer- ken domadder d’Institutioun a mir ginn eis en neien Outil am Kampf géint d’Politickverdrossenheet. Kee Mënsch steet iwwert dem Gesetz, och net d’Politiker an d’Politikerinnen. Wann en Abus de pouvoir sollt virkommen, da muss dat déi entspriechend Konse- quenzen hunn. D’Chamber kann dann och an Zukunft déi entspriechend Enquêtë méi einfach lancéieren.

Zudeem ginn déi eenzel Schrëtt a Modalitéite fest- gehalen an, ech mengen, och do ass et e grousse Worf no vir par rapport zum aktuelle Gesetz, wat dat awer méi rudimentär ëmfaasst huet. Virun allem och d’Méiglechkeet, datt d’Minoritéitsmeenungen, d’Minoritéitskonklusiounen, herno kënnen am Rap-

port vun enger Enquêtëkommissioun festgehale ginn, ass an eisen Aen e wichtegen Outil, deen et virdrun net gouf an dee mer heimadder schafen, well et erlaabt eng méi nuancéiert Duerstellung vun der Situatioun. Dat ass eppes, wat béidsäiteg schafft. Et ass net eppes, wat just der Oppositioun zegutt kënnt, dat kënnt natierlech och dem Kontrolléierten zegutt, well et erlaabt, an Zukunft méi nuancéiert Rapporten ze ginn, déi eeben net nëmme schwaarzwäiss musse sinn, méi déi eebe kënnen e puer Facetten ofbilden.

An och domadder stäerke mer d’Vertraue vu de Bier- gerinnen a Bierger an eis politesch Institutioun, well mir dierfen och net mengen, datt Politickverdros- senheet e Randphenomeen ass. Et gëllt, et eescht ze huelen. An dës Politickverdrossenheet kënnt ënner anerem haut dohier, datt vill d’Leit d’Gefill hunn, datt sech Politiker alles erlabe kënnen. Dat ass weeder de Fall, nach dierft et de Fall sinn.

An domadder ginn ech den Accord vun de Piraten. Ech soen Iech alleguerte Merci fir déi ganz gutt Ze- summenaarbecht an der Kommissioun op deem hei- ten Text. Merci.

Zesummenhang posts

De Centre pénitentiaire d’Uerschterhaff ass zoustänneg fir d’Leit, déi an Untersuchungshaft sinn. Eisen Informatiounen no, si beim Bau vum Uerschterhaff och Büroe fir Untersuchungsriichter
Zënter Jore gëtt doriwwer diskutéiert, fir an der Rue de Linger op der Gemengegrenz tëschent Käerjeng a Péiteng ee gemeinsamen Zenter fir d’Police an