Projets de loi 8188, 8189, 8190, 8191 an 8192 iwwert d’Schafung vun enger Rei vun Établissements publics

M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, als éischt emol merci un d’Rapportrice fir net nëmmen ee Rapport, mee fënnef Rapporten, a gläichzäiteg souwuel schrëftlech wéi mëndlech. Datt et déi lescht sinn, mécht natier- lech dat Ganzt ëmmer e bësse méi emouvant, mee ech mengen, datt et warscheinlech net déi allerlescht sinn, déi aus Ärer Fieder hei an der Chamber wäerte presentéiert ginn.

Mat deene fënnef Projets de loi, déi och sequentiel numerotéiert sinn, sollen da verschidde kulturell Ariichtunge jeeweils zu engem Établissement public

ginn. An ech kann Iech direkt soen: Mir wäerten net nëmmen eemol Jo soen haut, mir soen direkt fënnef- mol Jo, well et mécht och einfach Sënn. Meng Virried- nerinnen hunn et gesot: Et ass eppes, wat net nëmme vun de Parteie gefuerdert gouf, et ass och eppes, wat vum Secteur gefrot war, an et ass och eppes, wat vun der Cour des comptes recommandéiert gouf, an dat scho viru fënnef Joer.

Mir gesi jo och an anere Secteuren, wat geschitt, wann een ASBLen huet, déi zu 100 % vum Staat subventio- néiert ginn a gläichzäiteg nach aner Verflechtungen hunn. Ech zitéieren do just den Educatiounssecteur mam Science Center an dräibuschtawege Firmen, déi do hannendrunhänken. Ouni wëllen an den Detail ze goen: Et ass wichteg, datt an alle staatlech subventio- néierte Secteuren Transparenz herrscht. Et muss Trans- parenz herrschen, wou d’Suen higinn, et muss awer och eng Autonomie herrschen, datt Konscht a Kultur sech kënne selwer entwéckelen. Et soll net zu enger Amëschung duerch d’Politick kommen an deement- spriechend ass en Établissement public, änlech wéi dat beim 100,7 de Fall ass, änlech wéi dat bei aneren Orga- nismen de Fall ass, déi bescht Rechtsform, well et eis einfach eng gewëssen Onofhängegkeet garantéiert. Et garantéiert eng Sécherheet fir déi Leit, déi do schaffen, an et garantéiert natierlech och, datt déi Suen, déi se kréien, räsonabel a virun allem transparent verwalt ginn.

Deementspriechend wëll ech Iech net weider lang- weile mat den techneschen Detailer, déi ganz gutt pre- sentéiert goufen. Also, ech kéint elo nach hei op dräi Säiten de Rapport nach eng Kéier maachen. Ech er- spueren Iech dat. Ech kann Iech soen: Ech si ganz frou, datt dat heiten trotzdeem, obwuel et vläicht e bësse méi laang gedauert huet, wéi deen een oder anere sech dat erwaart hat, elo haut nach d’Luucht gesäit, datt mer déi Projeten iwwert d’Zillinn kréien, an dofir ginn ech eisen Accord an ech soen Iech Merci.

Zesummenhang posts

De Centre pénitentiaire d’Uerschterhaff ass zoustänneg fir d’Leit, déi an Untersuchungshaft sinn. Eisen Informatiounen no, si beim Bau vum Uerschterhaff och Büroe fir Untersuchungsriichter
Zënter Jore gëtt doriwwer diskutéiert, fir an der Rue de Linger op der Gemengegrenz tëschent Käerjeng a Péiteng ee gemeinsamen Zenter fir d’Police an