Projet eduPrint – Wat stécht dohannert?

De Projet eduPrintsoll zu engem méi ressourcëschounenden Ëmgang mat Pabeier bäidroen an d’Drockvirgäng an de Schoulen an an den Administratiounen zentraliséiert geréieren. D’Piraten hunn nogefrot, wéi et technesch realiséiert gëtt, d’Utilisateuren zu engem méiglechst gerénge Pabeierverbrauch unzereegen a wollte wëssen, ob de Projet bis elo konkret Wierkung wéisst.

Déi offiziell Fro huet folgende Wuertlaut:

Här President,

Sou wéi den Artikel 83 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un de Minister fir Bildung weiderzeleeden.

Am Joresrapport vum Bildungsministère gëtt besonnesch am Deel iwwert den CGIE vum Projet « eduPrint » geschwat. Am Kader vun dësem Projet soll zukünfteg, esou d’Beschreiwung, eng zentraliséiert Gestioun vun den Imprimante vun der Verwaltung garantéiert ginn an e méi ressourcëschounenden Ëmgang mat Drockmaterialie gefërdert ginn. Konkret heescht et am Text: « Le CGIE généralise dans les administrations le système eduPrint qui permet d’établir une politique d’impression dans le respect du développement durable : il encourage l’impression recto-verso et noir et blanc et amène les utilisateurs à ne pas imprimer les documents inutiles tels que les e-mails à l’aide de messages d’alerte.»

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  • Wéi vill Imprimante sinn un de System eduPrint ugeschloss?
  • Wéi vill Utilisateuren hunn, opgeschlësselt no hirem Rôle als Member vun der Verwaltung, als Schoulmeeschter, als Lycéesproff, etc., Accès zum System eduPrint?
  • Wéi vill Säite goufen zanter der Aféierung vum eduPrint pro Joer mat Imprimanten aus dësem System gedréckt? Wéi vill Prozent dovunner:
    • Schwaarz/wäiss a wéi vill faarweg?• Rekto-Verso a wéi vill Rekto?
    • A4 a wéi vill aner Gréissten?
  • Wéi gouf et technesch realiséiert, datt eng Warnung kënnt, wann en Utilisateur eng E-Mail wëll printen? Gëtt dofir de Contenu vun de gedréckten Dokumenter analyséiert? Falls jo; op wat fir enger legaler Basis? Falls nee; wéi eng aner Technike gi benotzt, fir d’Ausso vum Joresrapport ze realiséieren?

Mat déiwem Respekt,

CLEMENT Sven

Député

Zesummenhang posts

 D’Ukrain-Kontaktgrupp huet sech eng leschte Kéier zu Ramstein getraff, ier den Donald Trump nees säin Amt untrëtt. Dës Grupp war an der Vergaangenheet zentral
An Däitschland gëtt d’Gewaltschutzgesetz verstäerkt an et gëtt e neit Gewalthëllefegesetz ausgeschafft. Zu Lëtzebuerg weisen d’Statistiken, dass et och bei eis Handlungsbedarf gëtt: eleng
Duerch politesch Ëmwälzungen a Syrien huet d’Lëtzebuerger Regierung temporär d’Beaarbechtung vun Asylunträg vu syresche Staatsbierger ausgesat. Familljenzesummeféierunge sinn awer weiderhi méiglech, wéi den Inneminister