Projet de loi relatif à l’acquisi­ tion de surfaces dans la copropriété de l’immeuble « Twist » à Belvaux

M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, merci dem Rapporter fir den exzellente mëndlechen a schrëftleche Rapport.Ech berouegen Iech, ech wäert elo keng Kommissiouns- aarbecht hei maachen. A contrairement zum Projet vum K22 gouf der Chamber hei vun Ufank u kloer an transparent kommunizéiert, fir wien dat Gebai ge- braucht gëtt. De Statec an och de Gesondheetsminis- tère brauche Plaz. Dat ass kee Geheimnis, dat ass méi wéi eng Kéier och an der Vergaangenheet schonn the- matiséiert ginn. Et läit also net nëmme vir, wien et kritt, mee et ass och e konkreete Besoin do, dee kloer konnt bewise ginn.

Hei läit de Präis fir de Quadratmeter Bürosfläch iw- wregens bei e bësse manner wéi der Hallschent vun deem, wat am Fall vum K22 néideg gewiescht wär. An deementspriechend, Här President, kann ech just den Accord vun de Piraten gi fir e Projet, dee kloer an trans- parent kommunizéiert gouf a wou de Besoin och kloer definéiert ass.

Ech soen Iech Merci.

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen