M. Sven Clement (Piraten)
Merci, Här President.
Léif Kolleeginnen a Kolleegen, haut hu mer dann héieren, datt d’Gewerkschaften objektiv wieren. An dat aus deem selwechte Mond, deen d’leschte Kéier nach gesot huet, der Press ënnerstallt huet, engem Presseorgan ënnerstallt huet, et wär net objektiv, well
et enger Gewerkschaft géif gehéieren.
(Hilarité)
Bon, bref, haut hu mer dann héieren, d’Gewerkschafte wären objektiv. Forcement mussen dann och d’Presseorganer, déi d’Gewerkschaften als Aktionär hunn, objektiv sinn. Oder et huet ee sech do awer e bësse geiert oder vertuddelt. Ech weess et net. Op alle Fall …
(Brouhaha)
ass et e Constat, deen een haut huet musse maachen.
(Interruptions)
An nee, Här President, ech hu keen Numm gesot. Just fir direkt dorobber anzegoen.
(Hilarité)
Eng qualitativ héichwäerteg Kanner- a Jugendbetreiung an och eng kontinuéierlech Evaluatioun vun der Qualitéit vum Schoulservice si wichteg Bausteng fir eng fondéiert Kanner-, Jugend- an, jo, och
Bildungspolitik. D’Zil ass, déi zwee national Observatoiren aus dem
Beräich vun der Educatioun an de Kanner an der Jugend elo ze fusionéieren,
(Brouhaha) fir esou de besseren Austausch tëscht den Theemefelder ze garantéieren. Dat fënnt eis Ënnerstëtzung. Wéi vill déi Concernéiert duerno awer tatsächlech an der Realitéit zesummeschaffe wäerten, dat bleift nach ofzewaarden. Esou wéi de Gesetzestext opgebaut ass, kéint de Volet Kanner a Jugend och weiderhin onofhängeg vum Volet vun der Schoul schaffen, wat natierlech bedauerlech wär an net am Interêt vun deem, wat mer hei am Gesetz wëlle maachen. Dofir hoffe mer, datt deen Austausch – a mir sinn eis u sech sécher, datt dat och geschéie wäert – wäert gesicht ginn, och wann d’Gesetz en net explizitt virschreift.
Sou sti mer dem Projet dann och insgesamt positiv géintiwwer, well et sech an eisen Aen ëm eng Verbesserung par rapport zu der aktueller Situatioun handelt. Et gëtt awer och nach e puer oppe Froe respektiv Punkten, déi ee muss a Fro stellen. Do ass dann zum Beispill d’Fro vun der tatsächlecher Onofhängegkeet vum Observatoire vu sengem Ministère de tutelle. Den Observatoire dierf selwer entscheeden, wéi eng Methoden en uwende wëll an ass och fräi, seng Beobachtungen a Recommandatiounen ze formuléieren, mee et ass de Ministère, deen d’Prioritéite festleet. D’Muecht, déi domat verbonnen ass, ze bestëmmen, wat analyséiert gëtt oder eeben och grad, wat net analyséiert gëtt, ass net ze ënnerschätzen! Andeems een de Fokus bewosst op deen ee Punkt lenkt a geneesou bewosst op en aneren net, kann een eng Selektioun maachen. Eng Selektioun, déi eventuell derzou bäidroe kéint, Mëssstänn bewosst onentdeckt an domat och onkommentéiert ze loossen. An ech wëll hei absolutt keng Ënnerstellung maachen, datt dat aktuell géif geschéien. Ech wëll just drop opmierksam maachen, datt dat virleiend Gesetz keng Protektioun virun dësem Problem bitt. An dat ass awer bedauerlech, well et hätt een et kënne matabauen. Och bedauerlech ass, datt et, wéi d’CSL richteg ugemierkt huet, keng verflichtend Kooperatioun tëscht der Uni Lëtzebuerg an dem Observatoire am Gesetz gëtt. Grad wat d’Evaluatioun vu wëssenschaftleche Standarden ugeet, kéint eng Zesummenaarbecht mat enger Uni dach sécher Virdeeler hunn. Mee bon. Firwat sollte mir besser si wéi verschidde franséisch Unien? Natierlech hunn d’Observateuren och selwer eng ganz Rei Kompetenzen, wat d’wëssenschaftlech Aarbecht ugeet. Mee wann eis d’Aktualitéit rezent eppes gewisen huet, da jo wuel, datt et heiansdo besser ass, wa méi Leit en An op eng wëssenschaftlech Aarbecht werfen, wéi manner. Souwuel um Niveau vun der Onofhängegkeet wéi och bei der Iddi vun enger eventueller Zesummenaarbecht mat der Uni Lëtzebuerg sollt een an eisen Aen an Zukunft also nach eng Kéier eng Schëpp bäileeën. Trotz deen opstoende Punkte wäert de virleienden Text awer déi aktuell Situatioun verbesseren an dofir wäerte mir deem Gesetz net am Wee stoen an et matstëmmen.
Ech soen Iech Merci