Projet de loi portant modification de la loi du 18 juillet 2018 concernant la protection de la nature et des ressources naturelles

M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President.
Dëst Naturschutzgesetz ass, well et ëm de Klimaschutz geet, eent vu menge Liblingstheemen. A mir
Piraten wäerten et och haut esou an där Form matstëmmen.
Mir hunn nëmmen ee Planéit an dëse Planéit an all
déi Wonner, déi op em drop sinn, musse mer schützen. D’Mënschheet huet sech et bis elo ëmmer einfach gemaach, fir d’Natur ze behandelen …, bon,
kommt mir soen, fir se schlecht ze behandelen. An
der Vergaangenheet goufe Bëscher ofgeholzt a ganz
Landstrécher goufen oft massiv duerch intensiv
industriell Aktivitéite kontaminéiert, déi heemesch
Déieren- a Planzewelt gouf vernicht, wann de wirtschaftlechen Interessi virun d’Natur gestallt gouf.
D’Mënschheet huet d’Ëmwelt wärend laanger Zäit wéi
eng Minière behandelt, ganz nom Prinzip: einfach
alles eraushuelen, ouni Récksiicht op d’Natur. Wou
dat higefouert huet, gesi mir haut.
Weider da mam Zoustand vun eise Grondgewässer a
Flëss, déi a Rapporte vun der EU-Ëmweltagentur leider ganz schlecht ewechkommen. Och eis Bëscher
sinn an engem zimmlech schlechten Zoustand, wat
zum Deel op de Klimawandel zréckzeféieren ass, mee
zum Deel och op eng intensiv Forstwirtschaft an op
eng konventionell Landwirtschaft.
Alles dat féiert am Endeffekt zu enger Verschlechterung vun den natierleche Liewensraim vu villen heemeschen Déieren a Planzen. Wéi den Observatoire de
l’environnement festgehalen huet, sinn zwee Drëttel
vun den natierleche Liewensraim an engem schlechten Zoustand a vill Déierenzorte si lues a lues um Wee
vun der Ausläschung.
Zu Lëtzebuerg si mer nach ëmmer wäit vun engem
naturnoen an nohaltege Wirtschaftssystem ewech.
Lëtzebuerg huet nach ëmmer en ze héije Ressourcëverbrauch. Eisen ekologesche Foussofdrock ass leider
nach ëmmer enorm.
Et gëtt och ëmmer erëm driwwer geschwat, dass de
Bauperimeter soll erweidert ginn, woubäi mer u sech
am bestoende Bauperimeter genuch Fläch fir de
Wunnengsbau zur Verfügung hunn, wouvun eng 500
Hektar Bauland am Besëtz vum Staat sinn, dee mol
selwer net soe kann, wéi vill Terrainen aktuell do drop
bebaut kéinte ginn, wéi aus enger Äntwert vun enger
parlamentarescher Fro ervirgaangen ass.
Lëtzebuerg ass kee Musterschüler am Ëmwelt- a Klimaschutz a vill Indicateure weisen dat ganz gutt. Aus
deem Grond ass et och eis Flicht an eis Verantwortung,
endlech d’Kéier ze kréien hin zu engem Wirtschaftsmodell, deen Natur, Ëmwelt a Klima respektéiert. Dofir
ass dës Ännerung vum Naturschutzgesetz fir eis Piraten och ganz sënnvoll, well mir derfir suergen, dass
d’Spillreegelen – jo, wann och vläicht nëmme liicht –
méi streng ginn, fir dass de Mënsch an de Planéit net
méi wéi eng Minière behandelt ginn.
Mir Piraten begréissen dofir dëse Gesetzesprojet,
deen der Natur liicht méi Gewiicht gëtt par rapport zu
de wirtschaftlechen Interessen. Et ass richteg, dass
mir Mënschen eis Liewenswelt méi der Ëmwelt
upasse mussen an net méi ëmgedréit.
Natierlech ass awer och dëst Gesetz bei Wäitem nach
net staark genuch, fir all d’Effekter ze bremsen. An de
verschiddenen Avise vun de Beruffskummeren an
Organisatioune koum vill Verschiddenes an och Nëtzleches u Kriticken un d’Liicht. D’Prozedure bei der
Ëmweltverwaltung si laut den Avisen nach ze lues an
ze laangwiereg an hei ass d’Regierung, jo, virun allem
d’Ministesch an der Flicht ze kucken, dass d’Prozeduren net hänke bleiwen, wann d’Lag kloer ass.
Et ass och oft ze liesen, dass d’Informatiounen iwwert
den Ëmweltschutz net kloer an net zentraliséiert
genuch ze fanne sinn, zum Beispill wat d’Biotope
betrëfft, wou de Syvicol zum Beispill eng Zentraliséierung vun de verschiddene Kadasteren am Geoportail
freet. De Mouveco freet souguer, dass hei en ale
Kadaster aktualiséiert a juristesch verankert gëtt, well
e puer vun den erfaasste Biotope mëttlerweil jo leider
verschwonne sinn.
Wat d’Kriticken zum Bau a Gréngzonen ugeet, do
muss ech dann awer och kloer soen: Eng Gréngzon
ass eng Gréngzon a fir eis Piraten soll se och eng
Gréngzon bleiwen.
Mir Piraten gesinn dat prinzipiell esou, dass de
Mënsch sech net méi soll a Gréngzonen amëschen.
Mir sinn dofir och net ganz averstanen, fir elo hinzegoen an ze probéieren, biologesch Landwirtschaft a
Gréngzonen unzefänken, well mir éischter der Meenung sinn, dass et nach genuch Flächen hei am Land
gëtt, wou iwwerhaapt emol eréischt mat der biologescher Landwirtschaft misst ugefaange ginn.
Mam Strofekatalog, deen elo mat dësem Gesetz agefouert gëtt, kann een och vill driwwer diskutéieren,
ob déi Strofen elo ugepasst sinn. Allerdéngs muss ech
elo och op dat zréckkommen, wat ech virdru gesot
hunn: Mir dierfen d’Natur net weiderhi behandele
wéi eng Poubelle!
D’Strofen op e Verhalen, wou Déiere gequält ginn,
Dreck an d’Natur gehäit gëtt oder illegal Bauten an
enger Gréngzon gemaach ginn, sinn an eisen Aen elo
endlech ugepasst. Et ass wichteg, dass d’Leit verstinn,
dass d’Natur dobaussen eppes ass, wat mer fleege
mussen. Et gouf an de leschte Jore scho genuch futti
gemaach. Mir stinn an enger Biodiversitéitskris, an
enger Klimakris. Mir kënnen eis kee grave Feeler méi
erlaben! Dofir musse mer derfir suergen, dass eis
Natur an Ëmwelt an deenen nächste Joren erëm
opgebaut kënne ginn anstatt dass se ofgebaut ginn.
Mir Piraten wäerten dëse Gesetzesprojet haut matstëmmen an e Merci un de Rapporter, den Här
François Benoy. Merci.

Zesummenhang posts

D’Piratepartei huet den 3ten Oktober op enger Pressekonferenz Léisungen fir eng gerecht Stéierpolitik presentéiert. D’Presentatioun gouf vum Sven Clement, eisem nationale Spëtzekandidat, an och
Den 18ten Oktober invitéiert de Chef d‘État Major vun der Arméi op ee Concert mam Titel „Fënnef Joer Engagement fir d‘Arméi“. Dësen Owend, zu
Le parti Pirate a tenu le 29 septembre une conférence de presse sur le sujet “Un monde du travail équitable pour aujourd’hui et demain”.