M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President.
Léif Kolleeginen a Kolleegen, ech mengen, den André Bauler huet a sengem exzellente mëndlechen a schrëftleche Rapport duergeluecht, firwat dat Gesetz ugepasst gëtt a firwat mer u sech elo bei de Loi-spé- cialle méi Transparenz kréien.
Ech fannen dat perséinlech als Éischt emol eng grondsätzlech gutt Saach, datt déi Etüden, Avisen, déi dee Projet brauch, beim Finanzement matgere- chent ginn, mat derbäikommen. Dat gëtt der Cham- ber awer méi Abléck a verschidden dach ganz deier Projeten.
Et gëtt heiansdo esou salopp gesot: „Wat de Projet méi deier gëtt, wat mer hei an der Chamber u sech manner an der Plenière nach driwwer diskutéieren.“ Et ass heiansdo esou, dass mer fir déi ganz bëlleg Projeten oder Projeten, wou net vill Geld derhan- nertstécht, ganz laang, ganz grouss Debatten hunn, a wann et dann ëm ganz, ganz vill Geld geet, sinn et kuerz Debatten. Et ass e bëssen de Bikeshed-Problem ëmgedréint.
Dofir fannen ech et ganz gutt, datt mer hei bei de Loi-spécialle méi Transparenz kréien. Ech hoffen och, datt mer doduerjer an Zukunft ëmmer dann eng Loi spéciale virgeluecht kréien, wann och eng néideg ass, an datt mer net, wéi an der Vergaangenheet, bei Projeten ex post musse feststellen: „Léif Regierung, Dir hätt misse mat engem Gesetz kommen, fir dat doten ze finanzéieren.“ A virun allem géife mir eis wënschen, wann eppes muss ex post legaliséiert ginn, datt een och eng grondsätzlech Diskussioun eng Kéier driwwer hätt, wéi een dat ausschreift a sou weider.
Ech mengen, dat war an der Vergaangenheet net ëm- mer de Fall an ech hunn d’Hoffnung, datt duerch méi Transparenz e méi breeden Debat ka stattfannen, och dann an der Chamber, iwwert d’Sënnhaftegkeet vu verschhiddenen Depensen.
An ech ginn dem Kolleeg Gilles Roth absolutt Recht, wa gréisser Ännerungen u Projete sinn, wou natierlech an Zukunft dann och d’Dokumenter Bestanddeel vum ge- stëmmte Gesetz sinn, datt mer dann och mussen nach eng Kéier op déi Dokumenter zréckkommen. A wann déi änneren, da musse mer vläicht och d’Gesetzer eng Kéier nei stëmmen oder amendéieren, well soss ass et awer e bëssen de l’art pour l’art, wa mer hei higinn a mir ginn engersäits beim éischte Vott ganz Etüden, ganz Dossiere matstëmmen a wann herno eppes geän- nert gëtt, da gëtt d’Chamber net méi gefrot. Dat ass, mengen ech, eppes, wou d’Chamber dann och muss hiert Gewiicht wierklech weisen.
Dat gesot hoffe mer, datt et an Zukunft zu méi Trans- parenz kënnt, a mir stëmmen dëse Projet mat.