Projet de loi 8195, eng Ofännerung vun der Akommessteier an d’Aféiere vun enger finanzieller Kompensatioun, déi de Verkafspräis vu bestëmmte Pëtrolsproduite soll reduzéieren

M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, mat dësem Text, dat hu meng Vierriedner/inne gesot, setzt d’Regierung dann eent vun de Kärstécker – et kéint ee scho bal soen ee vun de „Filetsstécker“ – vum Tripartitt-Ac- cord 3.0 ëm. Dofir Merci un de Rapporter fir den aus- féierleche mëndlechen a schrëftleche Rapport. Et geet bekanntlecherweis ëm d’Upassung vun der Steier- tabell, en neie Steierkreditt, d’Upassung vum Plaf- fong vun den Zënsen, fir mol nëmmen déi ze nennen, a mir kéinten nach weiderfueren.

Et ass awer elo scho geschwë véier Méint hier, dass den Tripartitt-Accord 3.0 geschriwwe ginn ass. An et gëtt héich Zäit, datt mer dat hei ëmsetzen! D’Leit hei am Land, an a ganz Europa, leiden zanter elo scho bal annerhallwem Joer ënnert de Konsequenze vun engem Ugrëffskrich vu Russland, deen duerch näischt ze justifiéieren ass! Si leiden ënnert der Inflatioun, den héijen Zënsen, jo, an den Energiepräisser. An elo kommen Hëllefen, mee si kommen och spéit!

Här President, d’Piraten hunn an hirer Pressekonfe- renz am Mäerz scho Kriticken um leschten Tripartitt- Accord virbruecht a selwer gerecht Léisunge fir haut a muer presentéiert, fir d’Steiergelder méi gerecht un d’Leit am Land ze verdeelen. Well d’Rechnung geet net op! Dat ass eisen éischte Constat, deen ee bei der Analys vum drëtten Tripartitt-Accord maache muss.

D’Rechnung geet net op, well d’Regierung déi reell Käschte vun alle Moossnamen net erwäänt huet, déi wäerte finanzéiert ginn. Op déi 500 Milliounen, déi fir d’Upassung vum Steierbarème geplangt sinn, kom- men nämlech 180 Milliounen drop fir d’Iwwerhuele vun de Käschte vun enger Indextranche, déi d’Re- gierung am zweeten Tripartitt-Accord scho versprach hat. An dës soll jo am drëtten Trimester plus/minus fälleg ginn a bis Enn Januar vum Staat iwwerholl ginn.

Hat d’Regierung nach am Dezember d’lescht Joer, an dat gouf haut schonn eng Kéier gesot, haart geruff, datt ee kee finanzpoliteschen, ech zitéieren, „Hara- kiri“ wéilt maachen, esou deit den Ubléck vun den ak- tuellen Zuelen éischter op e luest Ausbludde vun eise Staatskeessen hin. Do kann dann och net driwwer ewechtäuschen, datt mer strukturell a systematesch eis Recetten ënnerschätzen an eis Depensen iwwer- schätzen.

Iwwer zwee Joer gekuckt wëllt dës Regierung iwwer 1,5 Milliarden Euro ausginn. Déi wëlle se ausginn … De CNFP seet awer och ganz kloer, et gëtt ëmmer vun deene Mesüre geschwat, mee mir iwwerschätzen och ganz heefeg déi Ausgaben. Dat heescht, ech si wierk- lech gespaant, wou mer herno landen!

Engersäits kann et e gudde Batz méi sinn, wann een all d’Mesüren aus all den Tripartitt-Accorden zesumme- rechent, anerersäits kann et sinn, dass mer guer net alles ausginn. An déi Ongewëssheet, Madamm Finanz- ministesch, deet mech awer als Legislativ heibannen e bëssen zweiwelen, well u sech erwaarden ech mer, wa mer mat Zuele konfrontéiert ginn, déi en Impakt op de Budget hunn, datt mer do eng besser Plangbarkeet dovunner hunn.

An ech soen dat net mat engem liichten Häerz. Ech soen dat einfach aus deem Grond, well mer e Méin- den déi Presentatioun hate vum CNFP, deen eis gesot huet, datt déi Iwwerschätzung vun den Depensen an déi Ënnerschätzung vun de Recetten – an do schwätze mer vu 500 Milliounen Euro d’Joer! –, datt dat u sech net vu gëschter ass. Dat ass net dës Regierung, déi dat gemaach huet. Dat ass strukturell zënter 1996!

Dat heescht, déi lescht bal 30 Joer goufen der Chamber u sech ëmmer erëm Zuele virgeluecht, déi sech um Enn vum Joer ëm ronn 500 Milliounen falsch duergestallt hunn. Elo kann ee soen: „De Budget ass déi lescht Jore gewuess an doduerjer mécht dat prozentual manner aus.“ Bon, fir mech, ech géif mer wierklech wënschen, datt d’Rechnung opgeet, an ech géif mer wënschen, datt mer déi Rechnung och kéinten iwwerpréiwen.

(Interruption)

An dat bréngt mech dann zu enger zweeter Kritick: D’Steiermoossname sinn esou, wéi se hei sinn, net ganz gerecht. Op de Kapp gekuckt, kënnt en Elenger- zéiende méi schlecht ewech wéi eng Famill mat zwee Kanner. Dat weisen och d’Zuelen, déi de Ministère selwer publizéiert huet. An dëst obwuel déi Elenger- zéiend deem héchsten Aarmutsrisiko hei am Land ausgesat sinn!

Wann ee weess, datt d’Ofschafe vun der Steierklass 1a fir déi Elengerzéiend nëmme ronn 140 Milliounen – dat war aus eisem Steierdebat – Euro kaschte géif, dann huet d’Regierung an dësem Moment versot, well dat wären 10 % vun dem Gesamtbudget hei gewiescht, fir direkt! An, ech mengen, do hätt een eng Direktmooss- nam kënne maachen!

jeudi 29 juin 2023 20 | 36 D’Monoparentalle sinn also bei dësem Steierkreditt

definitiv erëm ënnert de Verléierer. A mir maache souguer strukturell d’Schéier zwëschent de bestue- tene Koppelen an den Elengerzéiende méi grouss. An dat kënne mir Piraten esou net einfach nëmmen hin- huelen! Dofir, léif Kolleeginnen a Kolleegen, hunn ech dat hei awer musse mat enger gewëssener Vehemenz soen. An ech wäert mech och drunhalen, datt mer dee Gap do zoukréien, well et muss e gerechte Steiersys- tem ginn! Et brauch e System, wou mer net d’Differenz maache bei dem État civil, fir den État fiscal ze bestëm- men.

Den 20. Mäerz hu mir Piraten dofir Alternative presen- téiert. Mir hu konkreet proposéiert, wat ee mat deene 500 Milliounen, déi elo an deem heite Package sinn, konkreet kéint maachen. Mir hu kloer gefuerdert, datt eng gerecht Léisung wier, wann d’Direkthëllef pro Persoun gestaffelt no Joresakommes misst kommen, fir datt d’Leit direkt méi Geld am Portmonni hätten an net iwwer d’Joer gekuckt. D’Leit hätten déi Suen direkt kënnen notzen a bräichten net dorop ze waarden, datt se mat den eenzele Steierkreditter all Mount no an no kommen.

Ech si scho frou, an dat wëll ech och soen, datt mer hei wéinstens bei engem Steierkreditt sinn, deen direkt op der Steierkaart applizéiert gëtt. Am Ufank war och do nach e bëssen en Doute, e Flou, well dat net ganz kloer war, ob dat elo eppes wär, wat iwwer d’Steierer- klärung oder iwwer den Decompte géif kommen oder direkt op der Steierkaart. Ech si ganz frou, datt mer et hei zumindest iwwer d’Steierkaart maachen, ech weisen awer drop hin, datt dat heescht, datt déi Suen iwwert déi nächst Méint drëppelcherweis de Leit ze- guttkommen an net, wéi mir dat proposéiert haten, an engem Coup.

Am gläichen Zuch hu mer proposéiert, keng Ënner- scheeder tëschent de Leit an de Steierklassen ze maa- chen, mee nëmmen Ënnerscheeder opgrond vum Akommes, fir d’Leit esou méi gläich, méi gerecht ze behandelen.

Här President, den 20. Oktober d’lescht Joer no dem Premier senger Ried zur Lag vun der Natioun hate mir Pirate scho proposéiert, den Undeel vun den Zën- sen ze verduebelen, déi ee bei senger Steiererklärung fir eng Wunneng oder en Haus, wou ee selwer dra wunnt, dierft ofsetzen. Amplaz vun de vun eis schonn am Oktober proposéierten 100 % geet d’Regierung nëmmen op de Wee vu 50 %, dëst, obwuel sech de Leetzëns eleng zanter dem Ënnerschreiwe vum Tripar- titts-Accord vun 2,5 % op 4 % erhéicht huet. Wéi mer eis Hëllef proposéiert hunn – an ech erënneren drun: Eis Hëllef wier duebel esou vill, wéi d’Regierung elo proposéiert –, wéi mir eis Hëllef proposéiert hunn am Oktober, war de Leetzëns nach bei 1,25 %; mir sinn elo bei 4 % – dat ass eng Verdräifachung!

Mee d’Zënsen, déi een op der Bank kritt huet, waren och du schonns dräimol sou héich wéi dat, wat de Leetzëns ass. Well de Leetzëns, dat wësse mer alleguer- ten, ass net dat, mat deem ee léine geet. Dat ass dat, wat d’Banken ënnertenee bezuelen, dat ass dat, wat se kréien, wa se Geld bei d’Zentralbank droen. Wat mir als Konsumenten u Prête musse bezuelen, ass ëmmer méi héich; et muss jo eng gewëss Marge do sinn.

Amplaz also proaktiv ze sinn, huet d’Regierung spéit an nëmmen deelweis reagéiert. Besëtzer vun enger Wun- neng oder engem Haus, déi ganz oder deelweis e varia- belen Taux hunn, sinn an de leschte Méint ferm an d’Struewele komm. Hinne muss richteg gehollef ginn! An eisen Immobiliëmarché leit, wa weider Immobilien op de Marché kommen, well d’Leit d’Mensualitéiten einfach net méi packen. An et muss ee kloer soen: Och

déi Mesür, däers si mer eis bewosst, gräift eréischt mat der Steiererklärung a gräift eréischt, wann d’Steierer- klärung och gemaach an ofgerechent ass. Dat heescht, och dat wär net eng direkt Mesür gewiescht, mee et hätt awer zumindest de Leit eng gewëss Planung- sécherheet ginn.

Ech kommen zum Schluss, Här President. Dat wich- tegst Stéck vun engem groussen Hëllefspak huet d’Regierung awer net mat beim Tripartittsaccord 3.0 decidéiert. Si nennt et zwar Solidaritéitspak 3.0, mee eng wierklech solidaresch a gerecht Steierreform, déi op individuell Besteierung setzt, huet se net dra verpak. Als gerecht Léisung fir muer wäerten d’Pirate sech weider fir dës Steierreform asetzen. D’Steierklasse mussen ofgeschaf ginn an duerch eng individuell Be- steierung ersat ginn, déi de wierkleche Liewenssitua- tioune vun de Leit Rechnung dréit! D’Steierbarèmë mussen ugepasst ginn, fir datt de Mindestloun och um Pabeier steierfräi ass, fir d’Leit eréischt ab deem Moment Akommessteier bezuelen ze loossen, wou et doriwwer erausgeet.

D’CO2-Steier, déi aktuell nëmmen de Konsum be- strooft, muss duerch e Klimabonus erweidert ginn, fir d’Leit ze motivéieren, um Klimaschutz deelzehuelen, andeems de Verzicht op onnéidege Konsum belount gëtt. Jo, dat sinn déi Mesüren, déi de Leit laangfristeg géifen hëllefen, duerch dës Multikrisen ze kommen an déi eist Land géifen am Kampf géint de Klimawan- del weider no vir bréngen!

Elo soen ech Iech awer, léif Kolleeginnen a Kolleegen: Dat heiten ass zumindest eng kleng Drëps. An dofir wäerten d’Piraten dat awer matdroen. Ech soen Iech Merci.

M. Marc Goergen (Piraten) | Ganz gutt!

M. Fernand Etgen, Président | Merci villmools, Här Clement. Den Här Baum wëllt Iech nach eng Fro stellen, Här Clement.

M. Gilles Baum (DP), rapporteur | Nee, nee, Här Clement, et ass keng Fro. Et ass just: Dir hutt virdru ge- sot, et hätt laang geschleeft. Ech wollt Iech just soen: Den Accord ass ënnerschriwwe ginn den 3. Mäerz, d’Gesetz ass deposéiert ginn de 5. Abrëll, dat war an der Ouschtervakanz. Den 21. hate mer d’Presentatioun an der Kommissioun, du war et beim Staatsrot a sou- bal, wéi den Avis vum Staatsrot zréck war – dat war, waart, ech kucken eng Kéier, hei hunn ech et stoen, den 13., do ass den Avis vum Staatsrot komm, den 13. dëse Mount –, den 22., hu mer de Rapport gestëmmt an haut ass et an der Chamber.

Ech fannen, dass mer wéi an allen aneren Dossieren hei esou séier geschafft hunn, wéi mer konnten. Mir waren och hei tributaire vum Staatsrot. Mengt net, ech wär net méi wéi eng Kéier gefrot ginn: „Wéini kënnt dat do? Wéini kënnt dat do endlech?“ Wéi gesot, ech si frou, dass mer, mengen ech, haut hei e ganz grousse Konsens hunn. Mee, wéi gesot, fir ze soen, mir hätten et hei schleefe gelooss, dat fannen ech net ganz ge- recht.

Une voix | Très bien!

M. Sven Clement (Piraten) | An ech muss dorobber just äntweren, dass ech net gesot hunn, mir als Cham- ber hätten et schleefe gelooss. Ech hu constatéiert, datt véier Méint fir déi Leit, déi betraff sinn – an Dir hutt warscheinlech déi nämmlecht Temoignagen héiere wéi mir alleguerten heibannen –, eng laang Zäit waren. Dat ass nun emol esou, wann een eppes hautdesdaags an den Zäite vu soziale Medien annoncéiert, datt d’Leit sech och erwaarden, datt et ab muer a Kraaft trëtt. An et ass eeben net esou, datt et deemools wéi beim Fall vun der Berliner Mauer geet, datt dat ëmmer esou séier geet, dat muss een dann och erklären.

Ech wëll awer och ganz konkreet soen, datt ech beim Steierkreditt och kritiséiert hunn, datt en eeben net als Direkthëllef, wéi mir dat proposéiert hunn, ausbe- zuelt gëtt, wou et elo nach méi séier gehollef hätt, mee datt en eeben elo pro rata mat all Pai de Leit eebe proratiséiert zeguttkënnt. Mir haten do eng méi séier Léisung proposéiert, mee dat ass eeben, wann een an der Oppositioun ass, dann huet een heiansdo och minoritär Iddien.

Ech soen Iech Merci.

Zesummenhang posts

Rezent gouf ugekënnegt, dass ab dem 21ten Dezember d’Gesellschaft China Southern plangt eng Kéier d’Woch mat engem Airbus 350-900-Fliger vun de Stied Guangzhou a