Projet de loi 8183 iwwert d’Verbesserung an d’Moderniséierung vun der Lëtzebuerger Toolbox am Be- räich vun den Investitiounsfongen

M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, merci och un de Rapporter fir dee ganz gudde mëndlechen a schrëftleche Rap- port. Jo, dëse Gesetzesprojet soll d’Fongenindustrie méi attraktiv maachen. Ech wëll net soen „erëm“. Ech mengen, datt mer nach ëmmer eng attraktiv Finanz- plaz sinn. Andeem mer direkt fënnef sektoriell Gesetzer upassen, ginn Ausnamen an der Taxe d’abonnement geschaaft.

Am Prinzipp – an ech wëll soen „am Prinzipp“ – be- gréisse mir Piraten, datt an dësem wichtege Secteur Moderniséierungsmoossname kommen. Fir eis Piraten ass den aktuelle Problem awer net déi lëtzebuergesch „Toolbox“, wéi mer se ëmmer esou schéin nennen, déi u sech ganz komplett ass a wou vläicht punktuell u verschiddene Stellschrauwe muss gedréit ginn, mee verschidden Exigenzen am Kader vum AML (ndlr: Anti- money laundering), KYC (ndlr: Know your customer), de sougenannte „Look-through“, deen Depositaires- banke mëttlerweil musse maachen.

Ech mengen, de Problem vun de Firmen, déi Bankkon- ten opmaachen, dat ass an der Kommissioun schonn diskutéiert ginn, ass heibannen diskutéiert ginn. Ech ginn elo net dorobber an. Wat awer méi seelen dis- kutéiert gëtt, ass, datt mëttlerweil souguer Banken, déi als Depositaire fungéieren, änlech Problemer hu respektiv limitéiert sinn an hirer Aktivitéit. An do stellt sech fir mech d’Fro, wann een da wëllt d’Fongenindus- trie méi interessant maachen, méi attraktiv maachen, ob een net och aneren europäesche Banken, déi déi nämmlecht Krittären erfëllen, sollt d’Méiglechkeet ginn, als Banque dépositaire ze fungéieren, wann d’Banken op der Plaz dat haut net méi maache kënnen.

Mir Piraten stellen eis awer och d’Fro, wat fir Konse- quenzen op de Staatsbudget dann dëse Projet huet. Ech krut nämlech an der Finanzkommissioun … An ech hat d’Fro gestallt, nodeem ech d’Fiche financière ge- kuckt hat, déi awer fir esou e wichtegt Standbee vun eise Steierrecetten dach relativ sommaire war. Et ass ganz vill am Konjunktiv geschriwwe ginn, am Sënn vun: „D’Regierung mengt, datt mer 8 Millioune verléie- ren, mee datt déi awer eventuell vläicht kéinte kom- penséiert ginn duerch nei Recetten.“

Wéi se op déi 8 Millioune koum? Ech hat d’Fro an der Kommissioun gestallt. Ech krut keng zefriddestellend Äntwert. Dat war och herno de Grond, firwat ech mech beim Rapport enthalen hunn. Firwat sinn et 8, net 9, net 10, vläicht och nëmme 4 Milliounen? Hei gëtt, wéi bei der ATAD-Direktiv, déi mer d’lescht Woch diskutéi- ert hunn, a mengen Aen net genuch op eng wëssen- schaftlech Basis Wäert geluecht, fir erauszefannen, wat den Impakt wierklech op de Secteur ass.

Déi Changementer ënnerleie ville Facteuren. Do musse mer eis guer näischt virmaachen. Et ass net esou, datt déi Changementer eendeiteg zouuerdenbar sinn, mee esou Analysen, och mat enger gewëssener Onsécher- heet, kéinten awer Trajectoirë liwweren an eis méi ee Gesamtbléck op eis Finanzplaz ginn, a virun allem op hire Gesondheetszoustand.

Mir Piraten verstinn net – d’lescht Woch net, dës Woch nach ëmmer net –, firwat mer eis do net méi Moyene ginn, fir dat ze analyséieren. Mee bon, wann ee gesäit, datt d’Generalsekretärin vun der Partei, déi d’Finanz- ministesch stellt, um Radio seet, datt een, éier een iwwer finanztechnesch Reformen nodenkt, als Éischt nach misst Analyse maachen, obwuel déi nämmlecht Partei säit zéng Joer de Finanzministère besetzt, da stellen ech mer d’Fro, ob dat net vläicht strukturell e Problem ass.

Mee bon, Här President, léif Kolleeginnen a Kollee- gen, vu datt eis Piraten d’Donnéeë feelen, fir den Im- pakt hei ofzeschätzen, an et och net ersiichtlech ass, datt déi Donnéeën nogeliwwert wäerte ginn, wäerte mer eis bei deem heite Projet enthalen. Et ass net esou, datt eis net um Häerz läit, datt et der Finanz- industrie weiderhin och hei zu Lëtzebuerg gutt geet. Mir kënne just am Moment net wierklech ofschätzen, wuer dat heiten hiféiert. An deementspriechend ass eis Enthalung begrënnt.

Ech soen Iech Merci.

Zesummenhang posts

De Centre pénitentiaire d’Uerschterhaff ass zoustänneg fir d’Leit, déi an Untersuchungshaft sinn. Eisen Informatiounen no, si beim Bau vum Uerschterhaff och Büroe fir Untersuchungsriichter
Zënter Jore gëtt doriwwer diskutéiert, fir an der Rue de Linger op der Gemengegrenz tëschent Käerjeng a Péiteng ee gemeinsamen Zenter fir d’Police an