Projet de loi 8171, enger Ofännerung vum Covidgesetz

M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, mat dem neie Covid- gesetz komme mer quasi zréck an eng Zäit viru Covid. Bal op den Dag virun dräi Joer, fir genau ze sinn, den 22. Mäerz 2020, hu mer hei an der Chamber den État de crise validéiert, an dräi Joer a fënnef Deeg nom Declenchement vu genau deem duerch de Règlement grand-ducal.

De Virus ass zwar nach ëmmer do, awer net méi an deem Ausmooss, wéi dat déi lescht Joren de Fall war. Déi lescht grouss Mesüre ginn dowéinst mat deem heite Gesetz opgehuewen. 1.096 Deeg no dem éischte Vott heibanne kënne mer dann hoffentlech de virlee- feg leschte Vott huelen. Dat heescht, datt mer an der Moyenne bal all 35 Deeg e Vott heibannen haten zu engem Covidgesetz. Dat ass relativ impressionant. Wann ee bedenkt, wéi seelen aner Gesetzer ofgeän- nert ginn, sou hu mer déi lescht Joren u sech intensiv ëmmer erëm, deelweis an engem ganz muscléierte Rhythmus, Gesetzer gestëmmt, fir op eng ëmmer erëm ännernd Situatioun ze reagéieren; eng Situatioun, wou mer u sech ni woussten, wat hannert där nächster Kéier géif kommen, wou mer wierklech – an ech hunn dat e puermol a menge Riede gesot – „navigation à vue“ gemaach hunn, an dat an enger Situatioun, wou relativ vill Niwwel war. Dat ass eppes, wat net nëmmen um Mier, mee och an der Politick heiansdo ka schif- goen. A mir haten u sech Chance, datt et net schifgaan- gen ass. Mir hate Chance, datt mer u sech gutt duerch den Niwwel koumen.

Wat d’Gesetz ugeet, wäerte mer dat natierlech mat Freed matstëmmen, déi Mesüren opzehiewen. An och vill Biergerinnen a Bierger wäerten dës Gesetzesän- nerung sécherlech mat Freed ophuelen. Et ass eng gutt Saach, datt dës Mesüren ofgeschaaft ginn, well se sinn an der aktueller Situatioun – an ech betounen dat: an der aktueller Situatioun! – net méi ubruecht.

Mir begréissen et awer och ausdrécklech, datt et awer weiderhi wäert méiglech bleiwen, ënner gewës- sene Konditiounen eng Mask unzedoen. Datt d’Mas- ken net nëmme viru Covid kënne schützen, ass jo mëttlerweil ausräichend beluecht.

(Interruption)

Et gëtt nach ëmmer vulnerabel Leit, déi sech mat enger Mask viru Covid oder aneren ustiechende Krankheete wëlle protegéieren. A Verschiddener musse sech sou- guer protegéieren, well se eeben immuno…, well se Problemer mam Immunsystem hunn. Ech sollt mer keng esou komplizéiert Wierder a meng Riede schrei- wen, dann ass et och méi einfach, se ze halen.

(Hilarité)

An dofir muss et och weiderhi méiglech sinn, ouni datt dës Persounen, déi eng Mask undinn, géint d’Vermummungsverbuet verstoussen. D’Ministesch huet jo och schonn ewell ugedeit, datt mer kéinten am Code pénal op déi Pist goen, fir an Zukunft de Code pénal dohigeehend ze änneren, datt eng Mas- que médicale net méi zum Vermummungsverbuet géif gehéieren.

Wichteg wier et och, datt Leit, déi krank sinn, eeben och weiderhin drop zréckgräifen, net nëmme kënnen drop zréckgräifen, mee och weiderhin drop zréckgräi- fen, fir Leit an hirem Ëmfeld net unzestiechen. An hei- ansdo muss ee jo da vläicht e bësse méi wäit kucken a kucken, wéi Leit an Asien dat schonn zënter Joer- zéngte maachen, an u sech aus Respekt géigeniwwer eise Matbiergerinnen a Matbierger heiansdo den De- confort vun enger Mask erdroen, well mer grad krank sinn, well mer eis grad net gutt fillen an dofir da vläicht anerer net ustiechen. Esou kéint ee sécherlech och eise Gesondheetssystem, grad am Wanter, wann eng ganz Rei Virussen am Land ënnerwee sinn, e

bëssen entlaaschten, well eventuell manner Leit sech mat enger Gripp oder soss engem Virus ustiechen.

An ech kann aus perséinlecher Erfarung soen: Ech wär dëse Wanter ganz frou gewiescht, wann e puer méi Leit virun ustiechende Viruserkrankunge Respekt gehat hätten. Dann hätt ech net misse mat menger klenger Duechter vu 16 Méint an der Urgence sëtze mat RSV, well et sech eeben ugestach hat vu Leit, et kann een nëmmen dervun ausgoen, déi de Virus haten an e weiderginn hunn. A warscheinlech hätt eng Mask do eng Ustiechung verhënnert.

A jo, et hätte sech warscheinlech och nach vill manner Leit mat Covid ugestach, wann d’Maskendroen dann och vu jiddwerengem ëmmer ganz verstane gi wier.

An da kommen ech op ee leschte Punkt, Här Presi- dent – a pardon, wann ech zéng Sekonnen driwwer ginn. Ech hunn deene Rieden elo nogelauschtert vu menge Virriednerinnen a Virriedner. An do hunn ech da Froen héieren, wou ech … Also, ech hu virdru ge- sot: Mir hunn elo 30 Gesetzer gestëmmt. Mir stëm- men dat 30. Mir hunn eis 1.096 Deeg mam Covid-19 heibanne befaasst. Mir haten eng onzieleg Unzuel u Sëtzunge vun der Kommissioun. An ech weess net, wéi oft, zum Beispill, déi Fro vun der Pharmaco- vigilance beäntwert gouf, wéi oft mer déi Rapporten heibannen zerpléckt hunn, well se stinn online. Ech weess net méi, wéi oft mer déi Fro … An da wonnert et mech, wann ech heibannen héieren: „Ech hunn héieren, datt et kee Code gëtt.“ Ech mengen, mir hu mindestens an dräi Séance-plénièren heibannen dovunner geschwat, datt et dee Code net gëtt, mee datt natierlech d’Dokteren dat am Kader vun enger Consultatioun kënne maachen.

(Interruption)

Ech weess net, wéi oft mer heibannen iwwert d’Zuele geschwat hunn an datt grad d’Niewewierkunge vun der Covid-19-Impfung warscheinlech déi waren, déi am meeschte vun allen Impfungen deklaréiert goufen. Et gëtt keng aner Impfung, wou esou vill Deklaratioune gemaach goufe wéi bei der Covid- 19-Impfung.

(Interruption)

An dat fänkt u mat „Ech hat e bëssen den Aarm wéi“ – jo dat hat ech och allkéiers, wéi ech d’Impfung oder de Booster krut – oder „Ech hat Kappwéi“ oder „Ech hat Féiwer.“ Dat sinn awer natierlech keng schlëmm Nie- wewierkungen a si bei enger Impfung ze erwaarden.

An da muss ee sech awer wierklech soen: Wann dann d’Froen hei bei der 30. Iteratioun nach eng Kéier ge- stallt ginn, déi elo scho fir d’fënneft, sechst, siwent beäntwert goufen, da froen ech mech wierklech, wéi seriö Verschiddener d’Parlament hei huelen!

Ech soen Iech Merci.

Zesummenhang posts

D’Situatioun um Wunnengsmaart huet sech an deene leschte Joren immens geännert. Zënter der Invasioun vun der Ukrain, der uschléissender Inflatioun an der Erhéijung vun
Wärend der Covid-19-Pandemie huet een erausfonnt, dass ee vill Zäit a Ressourcë ka spueren, andeems ee Reuniounen iwwert Videokonferenz ofhält. Esou goufe wärend der
An der Press gouf bericht, datt den US-amerikaneschen Entreprise SpaceX en Accord mat der indescher Firma vum Milliardär Mukesh Ambani ënnerschriwwen huet, fir de