Projet de loi 8169 iwwert d’Prise en charge vu Kan- ner mat spezifesche Bedürfnisser

M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, merci och dem Claude Lamberty fir de gudde mëndlechen a schrëftleche Rapport. Jo, vill Schüler kämpfen hei am Land am Laf vun hirem schoulesche Parcours mat deem engen oder anere Problem – mol méi grav, mol manner grav. Déi manner grav, déi léise sech meeschtens aleng duerch Zäit, duerch e bëssen Effort, duerch den Enthusiasmus, den Engagement vum Léierpersonal a vun de Schülerinnen a Schüler, vun den Eltere sel- wer op. Mee datt et der och gëtt mat méi grave Pro- blemer, dee Problem ass net nei! Mir wäerten en och warscheinlech ni ganz aus der Welt geschaaft kréien. Dat ass ganz normal.

An et gouf jo och an deene leschte Joren ëmmer nees eppes gemaach, fir datt dëse Schülerinnen a Schüler méi Hëllef soll zoukommen, aner Hëllef, méi cibléiert, mee dacks sinn déi Mesüre guer net oder eréischt vill

méi spéit wéi geplangt um Terrain bei de Kanner a Jonken ukomm, zum Beispill och mam Resultat, datt vill ze vill Jonker d’Schoul ouni Ofschloss verlooss hunn. Well amplaz gehollef ze kréien, goufen dës Jonker dann awer an der Vergaangenheet – Tempi passati, ech schwätzen iwwert d’Vergaangenheet – am Ree stoe gelooss, an dat kann net sinn!

Ob elo dem Minister seng Propos, den Décrochage scolaire domat ze bekämpfen dass een den Alter vun der Schoulflicht an d’Luucht setzt, eng Léisung soll sinn, bezweifelen ech, well et net d’Wuerzel vum Pro- blem bekämpft, mee u sech de Symptom bekämpft. A Problemer kënnen nëmme geléist ginn, wann ee se un der Wuerzel upaakt. An do muss een dann awer och soen: Esou wéi all Problem sinn och all d’Schü- lerinnen an d’Schüler eenzegaarteg, an dowéinst brauche mer eng enk an op déi jeeweileg Kanner zougeschnidden Hëllef. A jo, dat soll mat deem heite Projet geschéien, an dat liest sech an der Theorie ex- zellent.

Et gouf och mam Terrain zesummegeschafft, fir dee Projet hei auszeschaffen. Se ware vläicht net Deman- deur, mee no allem, wat mer héieren hunn, hu sech d’Gewerkschafte jo och mat an deem Projet hei abruecht an et liest ee jo och hir Handschrëft zu engem groussen Deel eraus.

Trotzdeem stelle sech fir eis Piraten a puer Froen. D’Delaie fir den Diagnostic ze etabléieren, solle méi kuerz ginn. Ech sot, an der Theorie liest sech dat alles exzellent an dat ass och eng gutt Saach. Ob dës méi kuerz Delaien awer an der Realitéit herno agehale kënne ginn, dat muss d’Praxis nach weisen. Ech ginn do emol e Vertrauensvirschoss, datt mer dat hikréien. Mee u sech brauche mer dofir dann och méi Perso- nal, an dat Personal ass jo haut net do. Dat heescht, ech froe mech, wou dat Personal esou séier soll hier- kommen.

An da gesi mer et och kritesch, datt elo d’Assistants pour élèves à besoins éducatifs spécifiques, also d’A-EBSen, da just en Diplom DAP sollen hunn. Ech wëll domat net soen, datt dës Assistenten net och e gudden Job kënne maachen.

(Brouhaha)

Also, léif Kolleeginnen a Kolleegen op der lénker Säit, wann ech Iech langweilen, sot mer et, da maachen ech meng Ried méi kuerz!

Une voix | A, dat ass eng gutt Iddi.

M. Sven Clement (Piraten) | Ok, manifestement interesséiert verschidde Leit heibannen den Debat iwwer Elèves mat schoulesche Problemer net esou ganz, mee bref!

(Brouhaha)

Jo, ech sinn der Meenung, en … Ech héiere mech bal selwer net, Här Minister, dofir ass et schwéier, meng Wierder ze fannen!

(Interruptions)

Ech wëll net soen, datt déi Assistente mat engem DAP e schlechten Job wäerte maachen. Och do ass e klenge Vertrauensvirschoss ginn. Mir mengen awer, datt héich qualifizéiert a spezialiséiert Personal ge- braucht gëtt, fir op spezifesch Problemer kënnen anzegoen. An et soll kee Fräifaartschäi sinn, just well mer d’Leit mat deem héije Bildungsniveau net rekru- téiert kréien, elo Leit mat engem anere Bildungs- niveau ze rekrutéieren.

An dann zum Schluss – an dat ass awer haut, mengen ech, op där ganzer rietser Säit vun der Chamber hei, also op der Oppositiounssäit ugeklongen – hu mer awer och Bedenken, datt hei en administrative

Waasserkapp geschaaft gëtt. Dëst hu mer an der Ver- gaangenheet schonn ze oft erlieft. An dës Kanner a Jugendlecher mussen esou séier wéi méiglech gehol- lef kréien. A wann een do nei administrativ Hürden abaut, da kann dat méi laang daueren, wéi mer u sech wëllen. An duerfir gesi mer dann och d’Schafe vun deem neie Service national de l’éducation inclu- sive kritesch.

An an deem ganze Kontext ass jo elo mëttlerweil dann och de Moien nach an der Press eng kleng Po- leemik entstanen, firwat deen heite Projet als urgent beim Staatsrot, also als politesch Prioritéit beim Staatsrot, deklaréiert gouf an dofir séier behandelt gouf an d’Tâchëgesetz awer net, obwuel do d’Ge- werkschaften Demandeur waren. An do gëtt insinuéi- ert – an ech hoffen, datt de Minister dat widderleeë kann –, datt hei séier nach en neien Direkteschposten hätt misse geschafe ginn. Dat ass nämlech eng ganz ferm …, jo, u sech ass dat eng ferm Uschëllegung, vun där ech hoffen, datt de Minister déi ka widder- leeën, well soss hu mer awer en anere Problem.

Am grousse Ganzen ass dee Projet hei um Pabeier gutt. Ob en et an der Praxis ass, wäerte mer nach gesinn. Mir wäerten op alle Fall eis Zoustëmmung ginn, well mer der Meenung sinn, datt een deem Projet eng Chance muss ginn. An ech hoffen, datt en do ukënnt, wou en hiwëllt, an him net à mi-chemin d’Loft ausgeet.

Ech soen Iech Merci.

Zesummenhang posts

D’Situatioun um Wunnengsmaart huet sech an deene leschte Joren immens geännert. Zënter der Invasioun vun der Ukrain, der uschléissender Inflatioun an der Erhéijung vun
Wärend der Covid-19-Pandemie huet een erausfonnt, dass ee vill Zäit a Ressourcë ka spueren, andeems ee Reuniounen iwwert Videokonferenz ofhält. Esou goufe wärend der
An der Press gouf bericht, datt den US-amerikaneschen Entreprise SpaceX en Accord mat der indescher Firma vum Milliardär Mukesh Ambani ënnerschriwwen huet, fir de