M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, als Éischt emol e grous- se Merci un d’Rapportrice, d’Madamm Mutsch, fir de mëndlechen a schrëftleche Rapport, deen u sech jo erkläert, datt hei de Kader fir zwee EU-Reglementer am Land soll ëmgesat ginn, eng Kéier d’Direktiv fir d’Kontroll vun de sougenannte „Gatekeepers“ um Internet an eng Kéier zum Theema „Kontroll vun auslänneschen Investissementer“. A béide Fäll geet et drëms, der Autorité de concurrence d’Mëttel an d’Rechter ze ginn, fir d’Anhale vun dësen Dispositiou- nen ze kontrolléieren.
Ech wëll op dëser Plaz awer just kuerz den Digital Mar- kets Act – oder kuerz gesot: den DMA – uschwätzen. Mir Piraten begréissen, datt heimat méi fir User ge- maach gëtt an déi onbegrenzt Muecht, déi verschidde Big Player sech opgebaut hunn, agegrenzt gëtt. De fräie Choix um Internet muss geschützt ginn. Eis si Sichmaschinnen, déi Contenu op Basis vu Bezuelung pushen, en Dar am An, an datt dat elo endlech kloer muss markéiert ginn, ass immens wichteg.
A wien an deene leschte Wochen a Méint op groussen Hotelsplattforme gesicht huet, mierkt, datt dat och ukënnt, andeem mëttlerweil kloer indiquéiert muss ginn: „D’Uerdnung oder d’Reiefolleg vun de Resul- tater kann duerch Bezuelung manipuléiert sinn.“ An ech mengen, datt dat ville Leit virdrun net bewosst war. An datt dat elo kloer gekennzeechent gëtt, ass e wichtege Schrëtt och en vue vum Konsumenteschutz.
Och d’Aschränke vun der Interoperabilitéit, déi ab- sichtlech opgebaut gëtt, fir d’Leit bei deenen eegene Produiten ze halen, muss endlech ophalen. Dat war och eng grouss Fuerderung vun eise Kolleegen am Europaparlament. Dofir hunn eis Kolleegen dann och den DMA um Enn am Europaparlament ënnerstëtzt.
An och wa beim DSA nach ëmmer keng zefriddestel- lend Léisunge fonnt goufen, war den DMA e wichtege Schrëtt fir de Konsumenteschutz. An ech mengen, d’Madamm Mutsch huet virdrun ee Beispill gesot, datt ee kann Appen desinstalléieren, déi am Virfeld installéiert waren.
U sech hate mer an Europa geduecht, datt dat mat der Entscheedung Europäesch Kommissioun géint Microsoft wéinst dem Internet Explorer schonn ent- scheet wär. An du koumen aner nei Big Player, déi deemools nach ganz kleng waren an déi haut maart- dominant si mat Smartphonen an déi genau dat net méi erlaabt hunn an déi genau déi nämmlecht maart- dominant Positioun haut ageholl hu wéi deemools Microsoft. An dofir ass et wichteg, datt deen Digital Markets Act net nëmmen als Reglement, dat direkt applikabel ass, Zänn huet, mee datt mer och den Autoritéiten, déi dee Reglement sollen zu Lëtzebuerg ëmsetzen, déi néideg Zänn ginn an, wann et muss sinn, hinnen och de Maulkuerf kënnen ausdoen. An dofir stëmme mir dëst Gesetz mat.
Ech soen Iech Merci.