Projet de loi 8157 iwwert d’Finanzéierung vum MGS-Programm

M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President. Zënter dem leschte Joer huet sech d’Sécherheets- situatioun an Europa an an der NATO dramatesch ver- ännert duerch d’Invasioun vu Russland an der Ukrain. Dat bréngt och nei Erausfuerderunge fir d’NATO. A mir als Piraten stinn och ganz kloer zu der NATO.

Et muss een awer, och wann een zur NATO steet, eng Kéier déi Diskussioun féieren, ob deen 1 % vum PIB nach ëmmer dee richtege Berechnungsmodell ass, well Lëtzebuerg huet, an dat wësst Der jo alleguerten, en immens héije PIB, verglach mat den anere Länner, och mat den aneren NATO-Memberen – huele mer Li- tauen, Lettland, Estland oder Island, déi alleguerten hanner eis leien, also wierklech herno och pro Kapp manner mussen an d’Defense investéieren.

Kuckt een am Moment déi aktuell Statistiken, si mir weltwäit op der aachter Plaz, wann ee kuckt, wéi vill pro Awunner an d’Defense investéiert gëtt. An do kënne mer scho ganz houfreg drop sinn. D’Fro ass eeben elo – wat de Minister ugekënnegt huet –, ob mer do wierklech mussen an nächster Zäit op 1 Mil- liard pro Joer eropgoen oder ob mer net sollten awer eng Kéier diskutéieren, ob déi PIB-Reegel nach ëm- mer ubruecht ass, well de PIB eeben zimmlech relativ ass a grad zu Lëtzebuerg e schwierege Berechnungs- modell ass a par rapport zu den Awunner.

Zu dësem Satellitt, deen net, wéi meng Virriedner ge- sot hunn, een eenzege Satellitt ass, deen eropgeschoss gëtt, mee wat e ganzt Netz ass vu Satellitten, déi herno wäerten am Weltraum ronderëmdréinen, soudass et net op een eenzegen hei wäert ukommen: Et ass och hei esou, muss ee soen, dass d’Regierung, zumindest de Minister hei, den aktuelle Minister, den Här Bausch, aus de Feeler vum Virgänger geléiert huet. Well hei ass et esou, dass een op e garantéierte Partner zréckgräift, an zwar d’SES! Et gëtt keen op der Welt, dee méi Erfa- rung huet an de Satellitten, dee méi weess, wéi een do d’Kommunikatioun richteg opbaut an deen och nach eng Lëtzebuerger Firma ass!

Dat heescht, mir liwweren hei der NATO Kapazitéi- ten, déi herno iwwer eng Lëtzebuerger Firma wäer- ten ofgerechent ginn, wat natierlech eng Retombée ass fir eist Land. Dofir wäerte mir Piraten och haut dëse Projet matstëmmen, well en ass ganz wichteg fir eis Satellittenentwécklung, fir d’SES. An Dir wësst alleguerten, d’SES muss gestäerkt ginn, et steet eng Fusioun am Raum. A wann d’SES do gutt Partner hei am Land huet, ass dat och eng Sécherheetsgarantie, fir dass d’SES herno ka soen, datt hir Satellitten an hire Siège zu Lëtzebuerg bleiwen. Duerfir ass et gutt, dass d’Regierung zu dësem Moment der SES de Réck stäipt.

Dann zu dësem Projet: Deen ass eis och ganz sympa- thesch, well dëse Projet wäert an der Ukrain nei Méig- lechkeete schafe fir d’Kommunikatioun. Jo, ech hat et an der Kommissioun gesot, leider e bëssen ze spéit: Et wäert Enn des Joers sinn. Et ass am Moment schonn en aneren SES-System, deen aktiv ass, dee manner schnell ass, dee manner Kapazitéiten huet, deen een awer och elo scho kéint der Ukrain zur Verfügung stellen. Well am Moment, musst Der wëssen …, d’Ukrain ass am Moment e bëssen ofhängeg. Et ass fei gewiescht, dass den Elon Musk seng Kapazitéiten direkt am Ufank zur Verfügung gestallt huet, mee et ass awer nun emol eng privat Entreprise, déi am Moment der Ukrain d’Méiglechkeeten zur Kommunikatioun zur Verfügung stellt.

An dës Satellitten, déi herno wäerten operativ sinn … An ech hoffe wierklech, dass et ganz schnell wäert goen – well d’Ukrain brauch se schnell – an dass se fir Enn des Joers wäerten operativ sinn. Déi wäerten dann och nach eng Kéier der Ukrain, wa mer deenen d’Kapazitéiten zur Verfügung stellen – an ech hoffen, dat wäert d’NATO maachen –, do kräfteg hëllefen, fir d’Russe vun hirem Territoire ze verdreiwen.

Dofir wäerte mir dat haut matstëmmen. An ech ver- stinn och déi aner Parteien, déi esou géint e Satellitt sinn, well wann ech hir Ukrain-Positioun kucken, dann ass dat heiten alles an enger Linn. Merci.

Zesummenhang posts

De Centre pénitentiaire d’Uerschterhaff ass zoustänneg fir d’Leit, déi an Untersuchungshaft sinn. Eisen Informatiounen no, si beim Bau vum Uerschterhaff och Büroe fir Untersuchungsriichter
Zënter Jore gëtt doriwwer diskutéiert, fir an der Rue de Linger op der Gemengegrenz tëschent Käerjeng a Péiteng ee gemeinsamen Zenter fir d’Police an