Projet de loi 8154 iwwert d’Ac- quisitioun vu Parten am K22-Gebai um Kierchbierg

. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President. De Lëtzebuerger Staat, eis Regierung, wëllt sech um Bau vum K22-Gebai vun ArcelorMittal bedeelegen.

Bon, mir hunn elo scho vill doriwwer geschwat. De Rapporter huet en extensive Rapport gemaach iw- wert d’Zuelen. Merci dofir, och wann ech net vill Positives um Gesetz fannen, muss een awer respek- téieren, datt de Rapport ganz gutt gemaach war.

Ech kann Iech direkt soen, mir gesinn deen Akaf oder déi Participatioun skeptesch, aus ganz ville Grënn. Skeptesch als Éischt emol an deem Sënn, datt de Staat leider net seelen an och meeschtens kuerz virum Enn vun enger Legislaturperiod sech bei Projeten engagéi- ert an duerno d’Käschte vum Projet explodéieren. Dat ass eppes, wat heefeg an der Lescht de Fall war.

All Legislaturperiod – an deenen zwou leschten zumin- dest – war et esou, datt an deene leschte Woche virum Enn nach Projete gestëmmt goufen am Wäert vun Honnerte vu Milliounen, an déi nächst Legislatur huet sech dann domadder beschäftegt, fir erauszefannen, firwat dat Ganzt da méi deier ginn ass.

Bon, dat ass deen éischte Constat. Mir schwätzen hei awer vun 273 Milliounen Euro. Et ass och net e Projet, wou mer elo direkt wëssen, wat mer domadder maa- chen.

Mir wëssen, datt mer Bürosraim kréien. Mir wëssen, datt mer eng ganz schéin Terrass um 15. Stack kréien. Wien dann herno an déi Büroe soll erakommen – grousst Fragezeichen! Wien herno op där schéiner Ter- rass däerf Receptioune ginn – grousst Fragezeichen!

An da komme mer op d’Montanten. De Laurent Mosar huet et virgerechent, d’„Lëtzebuerger Land“ huet déi nämmlecht Zuele genannt: 15.000 Euro de Quadrat- meter, dat ass substanziell iwwert deem, wat ee fir Nettosurfacë soss enzwousch an der Stad bezilt, virun allem, wann ee se baut, wann een net och nach mat Benefiss …, also datt nach iergendeen Zwëschenhänd- ler Benefiss drop gemaach huet! A jo, et gëtt mat Livre ouvert geschafft, a jo, et si just déi reell Baukäschten – mee da stellen ech d’Fro emol anescht: Wann iergend- eng staatlech Verwaltung elo géif hikommen a soen: „Mir bauen en neit Bürosgebai fir eis Besoinen an den Nettoquadratmeterpräis si 15.000 Euro“, da géife mer hinnen zu Recht soen: „Ma hutt Der se nach all?!“ Mir géifen hinne soen: „Geet et net och vläicht e bësse méi bëlleg, well et sinn awer d’Sue vum Steierzueler?“ An héchstwarscheinlech géif och keng staatlech Verwal- tung op d’Iddi kommen, d’Chamber mat engem Projet ze befaassen, wou e Gebai, dat se selwer géif plangen, 15.000 Euro de Meterkaree Nettosurface géif kasch- ten.

Wann awer en Drëtten et plangt an och d’Pläng schonn deposéiert huet, dann op eemol keeft de Staat fir dee Präis an da gëtt argumentéiert mat: „Et huet e schéi- nen Atrium, et ass e Prestigebau, et ass wichteg, Arce- lorMittal heizehalen.“ Et zweifelt keen drun, datt mer wëllen ArcelorMittal heihalen. Et zweifelt och keen drun, datt et wichteg ass fir d’Lëtzebuerger Plaz, datt ArcelorMittal weider säi Siège hei hält – mee, wéi de Laurent Mosar dat virdru gesot huet: Et géif och mat Acteure vum Privatmarché goen, fir dat Gebai do ze finanzéieren! A wann ech dann héieren, datt et jo awer relativ einfach wär herno fir de Staat, dat Gebai vläicht ze verlounen, seng Surfacen ze verlounen, ma da gëtt et jo manifestement eng Demande um Marché, fir fir 15.000 Euro de Meterkaree esou, jo, esou Meterka- reeën ze bauen, ze kafen. Da sollte mer vläicht als Staat soen: „Bon, fir eis, mir geréieren awer d’Staatsfinanzen en bon père ou bonne mère de famille, ass et vläicht besser, mir loossen dem Privatsecteur de Virtrëtt.“ Well ob elo de Staat d’Halschent vum Gebai keeft oder baut oder en zweete privaten Acteur nieft ArcelorMittal än- nert näischt drun, datt ArcelorMittal d’Hallschent vum Gebai baut a bezilt an do bleift. A jo, mir si bei deem Präis pro Meterkaree 50 % iwwert dem Marchéspräis.

An da weess een nach net, ob mer bei deene Käschte bleiwen. Elo stellen ech mer just vir …, stellt Iech vir, e puer Honnert Meter weider ass e Gebai gebaut gi virun e puer Joren, do stoung de Chantier dunn eng Zäit laang roueg, well e bestëmmte Steen, deen den Architekt onbedéngt wollt hunn, net méi ze kréie war, a scho guer net fir dee Präis, deen ursprénglech ge- plangt war.

(Interruption par M. Michel Wolter)

Stelle mer eis elo mol vir, datt iergendeppes bei deem Bau do schifgeet an dee Bau sech do verzögert. Da gëtt deen net méi bëlleg. An ech schwätzen elo vun de Präiskäschten. Ech kann och d’Vëlospist vun Esch huelen, de Projet vum Militärsatellitt. Bon, ech mengen, mir kennen alleguerten d’Fäll, mat deene sech d’Comexbu déi lescht Joren hei beschäftegt huet, zum Deel mat Projeten, déi an de leschte Woche vun der leschter Legislaturperiod gestëmmt goufen, séier nach duerch d’Chamber, fir datt mer se séier virun de Walen nach duerch hunn. Mir hunn also Zweifel, datt et bei den 273,5 Millioune wäert bleiwen.

Här President, wat eis dann och wonnert, ass, datt de Lëtzebuerger Staat sech entscheet huet, d’Gebai mat- zebauen, matzefinanzéieren, ouni datt kloer ass, wat mer mat eise siwe Stäck maachen. Firwat? Fir wien? Jo, wie kënnt an déi siwe Stäck am Endeffekt? Dat ass och eng wichteg Fro, wann ee bedenkt, datt d’Regie- rung sech entscheet huet, sechs uneneenhängend Stäck fir sech ze froen an de siwente Stack, dee mer awer kafen, duerno um 15. Stack läit. Dat ass dee mat där schéiner Terrass, mat där Privatterrass. Do stellen ech mer dann d’Fro: Wie kritt dann dee Büro um 15. Stack mat schéiner Vue imprenable an enger schéiner grousser Terrass?

Firwat hu mer keng vun de Stäck méi wäit ënne kritt respektiv gefrot, soudatt alles zesummegehaangen hätt? Gëtt et vläicht schonn een, deen do en An op dee Stack geworf huet? Oder vläicht net?

Ech géif elo proposéieren …, mir stëmmen dat heite jo net mat, dat ass elo kee Geheimnis, mee wa mer wierk- lech, an ech weess, datt d’Säit vun der Majoritéit dat dote stëmme wäert, wa mer da wierklech probéieren, Saachen aus dem Stadkär erauszekréien. Et bezweifelt keen, datt d’Chambersplenière hei soll bleiwen. Mee wann ech kucken, wat d’Chambersverwaltung am Mo- ment u Lokalitéite lénks a riets ronderëm d’Chamber brauch fir d’Fraktiounen, fir Büroe vun der Verwaltung, déi net zesummenhänken, fir d’Kommissiounssäll, déi erëm ze kleng sinn, déi net disponibel sinn, da kéint ee sech jo awer d’Fro stellen, ob et net sënnvoll wär, datt mer géifen, wéi aner Parlamenter, eis Kommissiounen an engem anere Gebai maache wéi eis Plenière an datt ee vläicht dee Wunnraum, deen d’Chamber iwwert déi lescht Joren hei, also u sech de Finanzministère, deen dat der Chamber zur Verfügung stellt, iwwert déi lescht Joren accaparéiert huet hei ronderëm, erëm fräi géif maachen, och vläicht d’Bürossurfacen hei erëm géif fräimaachen a mer fir d’Plenière an de Stadzentrum géife kommen, awer d’Kommissiounsaarbecht och liicht dezentraliséiert vum Chambersgebai kéint statt- fannen.

A jo, da géif de Chamberspresident, dee grad net hannert mer sëtzt, vläicht och eng schéin Terrass kréien, fir seng Receptiounen ze organiséieren, wann auslännesch Dignitairë kommen.

(Interruptions diverses)

Sou. Bleiwe mer beim Präis: 273,5 Milliounen. Dat sinn, wa mer den aktuelle Baupräis vu Logement usetzen, 78.000 Meterkaree Logementssurface. Mir wëssen, datt iwwer 5.500 Leit op de Waardelëschte si fir abordabele Wunnraum. 78.000 Meterkaree Wunn- fläch sinn 1.050 Wunnengen. Dat wär e bësse méi wéi

mercredi 5 juillet 2023 21 | 53 eng Drëps op de gliddege Steen. Dat wär e Fënneftel

vum Besoin un abordabelem Wunnraum laut den ak- tuelle Waardelëschten.

(M. Fernand Etgen reprend la présidence.)

Oder soyons fous! 273,5 Milliounen Euro sinn de Re- klassement wärend zwee Joer vun all Monoparental an d’Steierklass 2. Dat hätt Leit direkt gehollef. A jo, elo kënne mer soen, d’DP seet: „Mir hu 600 Millioune Steier- entlaaschtunge gestëmmt.“ Et kann ee soen: „Jo – a mir hunn awer déi Leit, déi monoparental sinn an an der Steierklass 1a hänken, net weider entlaascht!“

Dat heescht, mir hätten hei eppes kënne maachen. Mir huelen hei Suen an de Grapp, richteg vill Geld fir Bü- roen, déi an eisen Aen, an dat hunn ech elo grad duer- geluecht, ze deier sinn, fir dat, wat mer do bezuelen. A mir hätten domadder kënne Leit entlaaschten oder Wunnraum schafen. Mir hätten op alle Fall Leit kënnen hëllefen, anstatt hei e Prestigebau ze finanzéieren, ouni datt mer wëssen, wat mer mat deem Prestige herno maachen. Well mer also fir all déi Froe keng Äntwerten hunn, kënne mer dëse Projet leider net matstëmmen.

Ech soen Iech Merci.

Zesummenhang posts

De Centre pénitentiaire d’Uerschterhaff ass zoustänneg fir d’Leit, déi an Untersuchungshaft sinn. Eisen Informatiounen no, si beim Bau vum Uerschterhaff och Büroe fir Untersuchungsriichter
Zënter Jore gëtt doriwwer diskutéiert, fir an der Rue de Linger op der Gemengegrenz tëschent Käerjeng a Péiteng ee gemeinsamen Zenter fir d’Police an