Projet de loi 8152, eng Ofännerung vum Artikel iwwert d’Sonndesaarbech

M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President. Glécklecherweis hunn ech net dat lescht Wuert, de Minister kënnt jo nach!

Merci als Éischt un d’Rapportrice fir de Rapport. Ech mengen, et ass wéi ëmmer e ganz ausféierleche mëndlechen a schrëftleche gewiescht, och wann et u sech e ganz kuerzt Gesetz ass, dat just eng Ausnam zousätzlech virgesäit, obwuel, wéi d’Virriedner/innen et gesot hunn, mer u sech eng ganz Rëtsch aner Aus- namen an deene Grozonen hunn, wat d’Sonndesaar- becht ugeet, a virun allem de Sport ass do genannt ginn.

Ech mengen, dass mer eis do wierklech laangfristeg mussen eng Kéier Gedanke maachen, wéi mer mat all deene Froen, mat all deene Besoinen ëmginn. Esou wéi mer et haut geléist hunn, datt verschidde Betri- ber kënnen de ganze Sonndeg opmaachen an datt do Sonndesaarbecht och erlaabt ass, well se an enger Zone touristique leien, kann een driwwer schwätzen, ob een op eng Tankstell an an de Supermaché Tou- rismus maache geet. Dat ass, mengen ech, eng Fro, déi … Haut ass dat d’Ausnam, mat där verschidde Supermarchéen all Sonnden op sinn. An de Super- marché, deen net an enger Zone touristique ass, dee gëtt anescht behandelt. Ech mengen, datt mer do wierklech eng Kéier grondleeënd mussen iwwert d’Sonndeger schwätzen.

An ech mengen, mir hu virdrun iwwert den Droit à la déconnexion geschwat. Esou muss et natierlech och en Droit au repos ginn. An dat gëtt am Moment ënnerwandert mat enger ganzer Rëtsch Grozonen. An ech denken, do sollt ee fundamental an net nëmme mat Plooschteren driwwer schwätzen.

Fir eis ass et kloer: D’Personal an de Muséeë muss och kënne sonndes schaffen, well ënnert der Woch, wann all déi aner Leit schaffen, ass et schwéier, an de Musée ze goen. Dat muss een einfach …

(Interruption par M. Marc Spautz)

Et ass vläicht méi Plaz, Här Spautz, jo.

(Hilarité)

Et steet vläicht kee virum Bild, wann Der dann dee Moment kucke gitt. Mee et ass natierlech wichteg, wa mer Leit wëlle Kultur méi no bréngen an och Famillje wëllen encouragéieren, mat hire Kanner zum Beispill an de Musée ze goen, da mussen d’Muséeë weekends op sinn. A fir dat ze erméiglechen, brauch ee Personal, soss geet et net. An deementspriechend – dat heiten ass jo och mat de Personalvertrieder ofgeschwat – gi mir eisen Accord, fir datt d’Muséeën och an Zukunft kënne legal sonndes operéieren.

Zesummenhang posts

Rezent gouf ugekënnegt, dass ab dem 21ten Dezember d’Gesellschaft China Southern plangt eng Kéier d’Woch mat engem Airbus 350-900-Fliger vun de Stied Guangzhou a