Projet de loi 8150, eng Ofännerung vum Walgesetz

M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, fir d’éischt wierklech e grousse Merci un de Guy Arendt, deen hei e gudde mëndlechen a schrëftleche Rapport presentéiere konnt. Zu deem heite Projet kann een als Éischt emol soen: endlech! Endlech e längst iwwerfällege Schrëtt

an déi richteg Richtung! Well mat deem aktuelle Wal- gesetz hu Leit, déi ënner enger Tutelle stinn, net dierfe wiele goen, an dat ass en absolutten No-Go.

Dës Leit goufen einfach vum Wielen ausgeschloss, wat manifestement eng Diskriminéierung ass, an dat kann een och net anescht nennen oder schéischwät- zen. An dowéinst gëtt et héich Zäit, datt mer och dëse Membere vun eiser Gesellschaft d’Méiglechkeet ginn, fir eebe wielen ze goen. Well och Persounen, déi ën- ner enger Tutelle stinn oder déi zum Beispill e men- talen Handicap hunn, gehéieren zu eiser Gesellschaft derzou a solle genausou dorunner deel kënnen huele wéi all déi aner Leit och. An och wann een e mentale Problem huet oder ënner enger Tutelle steet, soll ee kënne wiele goen, well net all mentale Problem be- deit, datt een net bewosst an enger Walkabinn ka seng eegen Entscheedung treffen oder fir sech iw- werleeën, wéi eng Partei oder Persoun an deemjéi- nege sengen Ae seng Interessien am beschte vertrëtt.

Mir begréissen et dann och doriwwer eraus, datt d’Logoe vun de Parteien dierfen op de Walziedelen ofgebilt ginn. Dëst mécht et de Leit – an zwar net nëmme Leit mat Handicap, mee jiddwerengem – méi einfach, d’Parteien erëmzeerkennen, an dréit zu enger besserer Visibilitéit bäi.

Ech hu virdru vun engem Schrëtt an déi richteg Richtung geschwat, mee mir sinn nach net do ukomm, wou mir als Land missten hikommen, well fir d’Piraten gehéieren nach aner Aspekter zu engem inklusive Walrecht. Mir mussen zum Beispill och iwwert d’Visibilitéit an d’Ac- cessibilitéit vun eise Walbüroen – fänke mer domadder un –, mee och vun eise Walziedele schwätzen. D’Lisibil- téit dovunner léisst heiansdo ze wënschen iwwereg a wann ech verschidde Walkabinne kucken, wäert et – a mir gesinn alleguer d’Walziedele virun eis – en Chal- lenge ginn, ob déi alleguerten ëmmer do op den Dësch passen. Och dat, d’Maniabilitéit, d’Accessibilitéit, och d’Lisibilitéit vun deene Walziedele missten an eisen Ae kloer nach eng Kéier op de Leescht geholl ginn.

Ee Punkt wëll ech dann awer nach umierken, och wann et net direkt mam Walgesetz ze dinn huet, mee mat der Tutelle: Mir brauchen endlech e modernt Ge- setz. Schued, datt d’Madamm Tanson, déi de ganze Moie hei bei eis war, dat elo net héiert, mee mir brauchen e modernt Tutellesgesetz, well dat aktuellt Gesetz ass absolutt net méi ugepasst a muss endlech verbessert ginn, an dat esou séier wéi méiglech! An ech verstinn net, wéi mer dodrobber déi lescht zéng Joer net weiderkomm sinn.

Ech soen Iech Merci.

Zesummenhang posts

Bierger:innen a Betriber sinn oft op de Service vu staatleche Verwaltungen ugewisen. Verschidde Froen loossen sech effikass an effizient iwwert den direkte Kontakt mat
Déi zoustänneg Ministeren hu gëschter der Ëffentlechkeet de Bilan zur Asyl- an Immigratiounspolitik zu Lëtzebuerg virgestallt. An der zoustänneger Chamberskommissioun sinn awer verschidde Froen
 Ee WORT-Artikel vum 23ten Dezember 2024 hat informéiert, dass op der Schnellstreck vum Tram tëschent der Stad an dem Belval elo dach ee weideren