Projet de loi 8130 iwwert d’Subven- tioun vum zwielefte Fënnefjoresprogramm vun de sportlechen Ekippementer

M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, merci als Éischt der Rappor- trice fir dee ganz gudde mëndlechen a schrëftleche Rapport. Dat erlaabt mir, mech e bësse méi kuerz ze faassen. Mir stëmmen haut een neie Fënnefjorespro- gramm fir d’Infrastrukturen am Sport a fir eis Piraten gëtt et e puer Aspekter, déi eis um Häerz leien. Dozou gehéiert, datt beim Plange vun den neien Infrastruk- turen och besonnesch soll dru geduecht ginn, datt dës och vu Sportlerinnen a Sportler aus dem Beräich vum Handicap kënne benotzt ginn an deementspriechend och un déi entspriechend Besoinen ugepasst sinn.

Eis Piraten ass et dann och wichteg, datt grad d’Ge- menge vu staatlecher Säit beim Plange vun neie Sport- infrastrukture finanziell ënnert d’Äerm gegraff kréien, well net all Gemeng huet déi finanziell dofir néideg Moyenen. Vum Bauen hu mer jo scho laang net méi geschwat, mee mir schwätzen elo och fir d’éischt Kéier vum Plangen an et ass wierklech wichteg, datt mer och qualitativ héichwäerteg plange vun Ufank un. An och Projeten, wou sech zum Beispill zwou Gemengen eng Infrastruktur deelen, sinn awer dofir finanziell net onbedéngt méi einfach ze stemmen. Well et gëtt eng ganz Rëtsch Beispiller vun interkommunalen Infrastrukturen an et ass grad do wichteg, datt d’Ge- mengen awer och vläicht am Sënn vun enger méi ko- härenter Landesplanung zesummeschaffen. An deem- entspriechend begréisse mer och déi Akzenter.

Eis Gesellschaft beweegt sech ze wéineg – dat sot ech schonn eng Kéier hei d’lescht Woch, ech soen et dann och nach eng Kéier dës Woch – an Iwwergewiicht an déi domat verbonne Krankheete wéi Diabetes an Häerz- a Kreeslafkrankheete sinn ëmmer méi verbreet. Eis Ge- sellschaft ass iwwert déi lescht Joren awer gläichzäiteg och massiv gewuess, an dëser Evolutioun mussen eis Infrastrukture Rechnung droen an natierlech Loft hunn, fir datt sech erëm méi Leit an eiser Gesellschaft kënnen, jo, och wëlle beweegen. Et ass dowéinst dann och fir eis Piraten positiv, datt de Budget an dësem Fënnefjores- plang nach eng Kéier eropgesat gëtt.

Wat mir dann och begréissen … Da kommen ech op d’Theema vun de Buvetten ze schwätzen – ech mengen, et huet jiddwereen haut hei vun den Tribü- nen a vun de Buvettë geschwat. Ech maache gäre Sport, ech ginn awer och heiansdo ganz gäre Sport ku- cken, a béides gehéiert zesummen. Sport ouni Specta- teuren ass zwar gutt fir d’Gesondheet, ass och gutt fir de kompetitive Geescht, mee iergendwou feelt awer eppes, wann een net och d’Ambiance an der Hal huet oder um Terrain. An deementspriechend reien ech mech an d’Rei vun all deene Riednerinnen a Riedner haut an, déi gesot hunn, datt et gutt ass, datt mer hei elo eng pragmatesch Léisung fonnt hunn, fir datt ee Buvetten an Tribüne matfinanzéiere kann. Well an engem Veräi Sport ze maachen, bedeit net nëmmen, sech zesummen ze beweegen, mee dozou gehéiert eeben och d’Buvette. Jo, déi, wou d’Sportlerinnen an d’Sportler nom Match, nom Training awer nach no der gemeinsamer Beweegung kënnen zesummekommen a vläicht aner Muskelen trainéiere wéi déi, déi se vir- drun um Terrain benotzt hunn. Jo, och d’Tribün, hunn ech gesot, ass wichteg, fir datt een den Zuschauerin- nen an Zuschauer d’Méiglechkeet gëtt, deem Effort no- zekucken an d’Sportlerinnen an d’Sportler unzefeieren.

mardi 4 juillet 2023 21 | 32 Well wat ee méi ugefeiert gëtt, wat natierlech och den

eegenen Usporn an d’Luucht geet.

Perséinlech … an ech kucken op d’Auer, hätte meng Virriednerinnen a Virriedner fënnef Minutte méi laang gebraucht, hätt ech hei kënnen den Discours vun der Presidentin vun der Volleyballsfederatioun féieren, deen a fënnef Minutten dann op der AG vun der Fede- ratioun gefouert gëtt. Et ass nämlech dëst Joer, men- gen ech, déi éischt Kéier, säitdeem ech Volleyball spillen, datt keen op där AG wäert no enger Beachvol- leyballshal ruffen. Dat läit dodrunner, datt mat deem heite Projet – a meng Virriednerinnen a Virriedner hunn et, mengen ech, alleguerten ugeschwat – dann och dee Projet endlech ageschriwwe gëtt an dann och wäert zäitno d’Luucht vum Dag gesinn.

Jo, léif Kolleeginnen a Kolleegen, loosst mech dann elo nach eng Kéier d’Lëscht vun all de Projeten eenzel duerchgoen. Mir hu jo nach e bëssen Zäit.

(Hilarité)

A nee, dat ass ewell gemaach ginn, deementsprie- chend ginn ech eisen Accord an ech soen Iech Merci fir d’Nolauschteren.

Zesummenhang posts

Rezent gouf ugekënnegt, dass ab dem 21ten Dezember d’Gesellschaft China Southern plangt eng Kéier d’Woch mat engem Airbus 350-900-Fliger vun de Stied Guangzhou a