M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President. Merci dem Rapporter François Benoy fir dee gudde schrëftlechen a mëndleche Rapport. Et ass e Projet, deen och mir Piraten wäerte matstëmmen. Et ass zwar e bëssen e Projet, wou ee sech e gutt Gewësse mat dem néidege Geldfloss ka kafen. Mir sinn nach ëmmer der Meenung, dass mer hei zu Lëtzebuerg méi misste maachen a méi missten an d’erneierbar Energien investéieren, do ginn ech dann dem Här Benoy net wierklech Recht, dass Lëtzebuerg kleng ass a mir awer am Moment d’Potenzial nach net ganz ausnotze vun deem, wat do ass, mee dat hunn ech schonn a villen Dossiere gesot, dass mir Piraten zimmlech ongedëlleg sinn, wat d’erneierbar Energien ubelaangt, an dass dat zu Lëtzebuerg ze laang ge- schleeft huet!
Sief dat Solar, sief dat Wand, et muss einfach ge- maach ginn an et mussen natierlech och déi privat Haushalter matagebonne ginn, well et ass do, wou den Daach fräi ass, et ass do, wou een am schnellste Solar kann opbauen – a vläicht och kleng Wandrie- der: Dat ass eng nei Technik, déi elo komm ass, déi ganz diskreet ass, da brauch den Här Keup sech net opzereegen, dass d’Landschaft géif verschampeléi- ert ginn duerch erneierbar Energien, woubäi ech déi Meenung guer net deelen. Am Contraire, mir hunn herno méi Problemer, wann eis Landschaft duerch de Klimawandel drastesch leit! Dat deet de Leit vill méi wéi an do hunn d’Leit vill méi Problemer wéi mat enger Wandmillen, déi an der Géigend steet!
M. Sven Clement (Piraten) | Ganz gutt!
M. Marc Goergen (Piraten) | Well déi mécht herno, dass de Klimawandel gestoppt gëtt – mee bon, dat verstitt Dir bei der ADR souwisou ni!
Et gëtt déi kleng Wandmillen, déi ee sech kann op den Daach bauen an do ass meng Fro un de Minis- ter: Ass dat zu Lëtzebuerg méiglech? Ech hunn déi Projeten elo an Däitschland gesinn, wou dat ganz interessant ass, well alleguerten déi Haushalter, déi sech fir Solar entscheet hunn, déi kënnen doduercher maachen, dass wann eng Kéier schlecht Wieder ass, se alternativ iwwert déi kleng Millen, déi se op den Daach gebaut hunn, an – déi gesi ganz diskreet aus, déi gesinn einfach ronn aus an dann dréint et – wann d’Loft deementspriechend kënnt, kënne se awer hir Energie do erzeugen, soudass dat eigentlech eng Léi- sung wär.
Well fir eis Piraten ass et ganz kloer: Mir mussen déi privat Haushalter mat u Bord kréien. Mir wëssen och, dass d’Gemenge wichteg sinn. Ech weess och, dass verschidde Gemengen am Land sech leider schwéier dinn, wann ee kuckt, wéi wéineg Solar oder wéi wéi- neg erneierbar Energie se ëmgesat hunn. Mir hunn awer och aner Gemengen, déi e Musterbeispill sinn an déi deementspriechend eppes fir d’Energie maa- chen.
mercredi 8 février 2023 10 | 69 Mir stëmmen dat haut mat a mir hoffen, dass do-
duerjer och op laang Zäit eng Kritick, déi ech ëmmer erëm ubréngen a bei där ech einfach net midd ginn, well et mech nach ëmmer stéiert, a wat mer wierklech um Häerz läit …, dass den Atomundeel hei zu Lëtze- buerg, deen am Moment nach ëmmer bei 10 % läit, endlech wäert erofgoen. Dat ass einfach e Facteur, deen eis Piraten esou eppes vu stéiert, dass Lëtzebuerg nach ëmmer 10 % Atomstroum importéiert. Dat dierf einfach net sinn!
Merci.