Projet de loi 8116 iwwert d’Bäihëllefen, fir d’energeetesch Renovatioun an Transitioun ze promovéieren

M. Sven Clement (Piraten) | Här President, léif Kol- leeginnen a Kolleegen, da komme mer haut alt nach eng Kéier zu engem Projet, deen am Zesummenhang mam Tripartite-Accord 2.0 steet: Dës Kéier geet et dann ëm d’energeetesch Renovatiounen an d’Subsi- den, déi de Staat de Leit derfir gëtt.

Fir 2023 kënnen déi Leit, déi eng Fotovoltaikanlag fir d’Eegeconsommatioun wëlle bauen, oder déi Leit, déi zesummen eng Gemeinschaftsanlag wëlle bauen, bis zu 62,5 % vun de Käschten a Subsiden erëmkréien, an och bei Pelletheizungen oder Wärmepompele kann ee bis zu 50 % kréien, an och fir nohalteg Ofwaasser- systemer gëtt et dann Hëllefen.

Ech mengen, dat alles geet och aus dem Rapport ervir, dee mer virdru presentéiert kruten, an dofir e grousse Merci un d’Rapportrice, fir de mëndlechen a schrëftleche Rapport.

Et ass also en Deel vum Tripartite-Accord 2.0 a gehéi- ert zum sougenannte „Klimabonus Wunnen“ derzou.

D’Mesuren u sech begréisse mir Piraten, mat vläicht enger Ausnam: der Pelletheizung. Ech mengen, jidd- werengem heibanne misst et awer mëttlerweil kloer sinn, datt Pelletheizungen net wierklech nohalteg sinn. Et bedeit also am Ëmkeerschloss, datt mer mat dësem Gesetz hei Suen aus dem Klimafong benotzen, fir eppes Netnohalteges ze finanzéieren. Mir Piraten mengen, datt dat e falscht Zeechen ass, d’Leit elo nach ze motivéieren, fir Pelletheizungen ze bauen, dofir denke mer, datt hei aner Léisunge misste fonnt ginn a mer éischter misste Subside gi fir Leit, déi vun enger Pelletheizung wéilten ewechkommen.

Et däerf ee jo net vergiessen, datt am Tripartite-Ac- cord initial och Hëllefe fir Leit, déi mat Pellets heizen, vergiess goufen, also datt et u sech och guer kee Be- wosstsi gouf, datt d’Pelletheizungen nach sollten an Zukunft subventionéiert ginn, an elo op eemol dann hu mer hei e Projet leien, deen d’Leit encouragéiere soll, Pelletheizungen ze bauen. Also, Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, ech sinn do dann awer e bësse verwirrt, wéi dat iergendwéi op eng gemein- sam Linn soll kommen!

Mir mussen d’energeetesch Transitioun weider virun- dreiwen, mir mussen iwwerall do, wou ee kann eng PV-Anlag hunn, eng PV-Anlag bauen. Dofir mussen d’Leit déi Subsiden awer och kréien, well och do erëm: Wéi aus enger parlamentarescher Fro ervirgaangen ass, kruten all déi Leit, déi fir 2022 eng Demande de subside gemaach hate fir eng PV-Anlag, bis zu där Fro keen ee Subsid ausbezuelt. An der Moyenne, laut där nämmlechter Fro, dauert et 182 Deeg – dat ass relativ genau en halleft Joer! – bis eng Demande fir e Subsid bei de Fotovoltaikanlagen traitéiert ass. Dat dauert vill ze laang! Dat kascht d’Leit bei den aktuellen Zënsen tëscht 600 an 800 Euro zousätzlech un Zënsen – déi net subventionéiert sinn! –, wa se hir Installatioun mat engem Prêt virfinanzéieren.

Och dat gehéiert zur Realitéit! Dat heescht, mir maachen hei eppes fir déi Leit, déi entweeder d’Sue schonn um Kont hunn an et dofir maache kënnen, mee déi Leit, déi et mat engem Prêt prefinanzéieren, kënnen net vu 50 % oder 62,5 % profitéieren, mee u sech muss een do nach eng Kéier d’Zënsbelaaschtung ofrechnen.

Mir Piraten hunn et schonn oft op dëser Plaz gesot: Mir si fir d’Solarenergie, mir wëllen, datt iwwerall dohinner, wou et geet, eng Fotovoltaikanlag histoe kënnt. Eise Programm huet dat gefuerdert an och d’Regierung huet dat jo an der Ried zur Lag vun der Natioun versprach. Mir hunn awer – an dat soen ech och hei net fir d’éischt – am Budget gesinn, datt dat fir 2023 nach net budgetiséiert ass an och net am Pluriannuel. Och do stellen ech mer dann d’Fro, wéi een dat iergendwéi op e gemeinsamen Nenner soll bréngen!

Mir brauchen nämlech erneierbar Energien, mir brauchen och ganz kloer dezentral Energien. Mir brauchen dofir e staarkt Handwierk, wat mer nëm- men erreechen, wa mer d’Karriär vum Handwierker méi valoriséieren an eise Schoulen, an hei muss an den Ae vun eis Piraten nach vill gemaach ginn, well all déi Anlagen, all déi Heizungen hei, déi baue mer net a mat Leit, déi just um Büro sëtzen!

(Interruption)

Mir brauchen d’Leit um Büro, fir datt d’Subside mat- zäiten ausbezuelt ginn, mee mir brauche virun allem awer och d’Handwierker, fir iwwerhaapt emol déi Anlagen ze installéieren. Well wat bréngt de gréisste Subsid an dat séierst Ausbezuelen, wa keen Hand- wierker do ass, deen deng Anlag oder deng Fassad neimaache kann?

Här President, dat heiten ass eng Mesure aus dem Tripartite-Accord, déi mer kënne matdroen, natier- lech ënnert der Konditioun, datt d’Leit hir Subsiden dann och an engem räsonabelen Delai ausbezuelt kréien.

Ech soen Iech Merci.

Zesummenhang posts

Rezent gouf ugekënnegt, dass ab dem 21ten Dezember d’Gesellschaft China Southern plangt eng Kéier d’Woch mat engem Airbus 350-900-Fliger vun de Stied Guangzhou a