M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President. Als Éischt e grousse Merci un d’Madamm Josée Lorsché fir den exzellente mëndlechen a schrëftleche Rapport.
Mir hunn e bësse bedauert, datt dat heiten esou laang gedauert huet. Ech mengen, et gëtt Erklärun- gen. Dat eent, dat si prozeduraler: datt de Staatsrot e puer Hoer an der Zopp fonnt hat, datt et wierklech net einfach war, deen Text esou ze schreiwen, datt en och d’Strooss hält. Dat kann een natierlech schued fannen. Ech mengen, et sollt een et och schued fan- nen. Wat mir eis gewënscht hätten, wär, datt et vun Ufank un zum Beispill e Moratoire de paiement gi wier fir déi Leit, déi hei betraff waren, well awer en Deel vun de Leit iwwerrascht waren, datt op där enger Säit eppes annoncéiert gëtt an engem Tripar- titt-Accord, op där anerer Säit se dann awer hir Rech- nunge kréien an déi och bezuelt musse ginn, voire souguer och Rappelle kréien.
Mir wäerten dat heite matstëmmen, dat ass ganz kloer. Ech hunn awer elo grad driwwer nogeduecht, an d’Madamm Cecchetti huet gesot: „Et wär jo schéin, wann et eng Prozedur géif ginn.“ Ma et gëtt eng Pro- zedur, fir deen Datum ze änneren. An ech kéint mer och virstellen, datt de Staatsrot kee Problem domad- der hätt, wa mer par Amendement parlementaire dat géifen haut an hei nach änneren. An ech mengen, datt mer trotzdeem d’Dispens vum zweete Vott géife kréien, wa mer haut elo géifen en Amendement par- lementaire huelen.
De Problem ass: Ech selwer kann et net proposéieren, well dofir brauche mer laut eisem Reglement fënnef Ënnerschrëften. Mee wa wierklech de Wëllen do ass, datt dat heiten direkt bis Enn des Joers weiderleeft an net nach eng Kéier muss opgemaach ginn, da géife sech jo awer sécher fënnef Kolleegen a Kolleeginne vun der Oppositioun oder vun der Majoritéit fannen, fir dat ze maachen.
Wann net … Also, ech bidde meng Ënnerschrëft un. Ech kann och fir de Marc Goergen schwätzen. Mir bidden eis zwou Ënnerschrëften dann un. Wa sech also nach dräi Kolleege géife fannen, kéint een dat nach maachen.
Ech soen Iech Merci.