Projet de loi 8110 iwwert d’Aféiere vu Bäihëllefen, déi d’Hausse vun de Präisser vun den E-Borne soll limitéieren

M. Sven Clement (Piraten) | Dat läit nämlech dorun- ner, datt ech awer nach eng Kéier muss mat engem Iertum hei opraumen, datt et tatsächlech nach en Debat géif ginn ënner Wëssenschaftler, wat déi effi- zientst Untriibsform fir den Individualverkéier ass, …

(Interruption)

… an dat ass den Elektromotor. An do kann den Här Kartheiser a senger Welt vun den Dinosaurier, déi jo zum Pëtrol gi sinn, …

(Interruption par Mme Myriam Cecchetti)

… iergendwann eng Kéier eppes soen, mee um Enn vum Dag vum Individualverkéier muss electrifiéiert ginn, wa mer wëllen aus där Klimakatastroph eraus- kommen. An dat ass de Wee, dee mer sollte goen, an dofir ënnerstëtze mir och deen heite Projet, well et wär dach kokass, wa mer an enger Situatioun wären, wou mer de Stroumverbrauch doheem géife subventio- néieren, an op de Chargy-Bornen dobaussen de Präis komplett géif explodéieren. Dat wär net am Interêt vun der Saach. Deementspriechend freeën ech mech, eisen Accord heizou ze ginn, net awer, ouni mech de Wierder vu menger Virriednerin unzeschléissen, Iech alleguerte schéi Feierdeeg, e gudde Rutsch – rutscht net aus, wannechgelift! – ze wënschen, an domadder gi mir eisen Accord.

Ech soen Iech Merci.

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt