M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, als Éischt emol ass kloer: D’Geriichtsurteeler mussen ëmgesat ginn, ob eis den Timing passt oder net. Dat ass ëmmer esou, wann ee verléiert, da passt engem den Timing seelen, mee nichtsdestotrotz musse se ëmgesat ginn. A mir packen dat heite jo elo esou tout juste nach.
jeudi 29 juin 2023 20 | 18 Et ass vill vum Assistant d’hygiène sociale geschwat
ginn, datt et där nach 17 gëtt mat Autorisation d’exer- cer. Et ass schued, eng dovunner ass am Moment rouend, well déi Persoun ass Minister gi säitdeem, an et kënnen also am Moment tatsächlech just 16 Leit dat exercéieren. Ech fannen dat … De Georges Engel schwätzt eis ëmmer dovun, wat fir e schéine Beruff dat ass, och wann et en net méi wierklech gëtt.
Bon, et gouf schonn dovu geschwat: D’Chance fir déi grouss Reform gouf hei e bësse verpasst. Ech mengen, dat war och zäitleche Contraintë geschëllt, ech wëll dofir do elo net nach weider drop erëmreiden. An ech mengen, mir kënne ganz frou sinn, datt mer zesumme mam Staatsrot mat all deenen Allez-retouren elo en Text hikruten, deen d’Spuer hält an deen dann och d’gesetzlech Dispositioune respektéiert.
Ech wëll dofir och nach eng Kéier der Rapportrice e grousse Merci soen, fir déi 156 Säite Rapport net nëm- men am Schrëftlechen, mee och am Mëndlechen dann nach eng Kéier presentéiert ze hunn.
Mee nieft all deene Mercien, nieft all deem Positi- ven – an ech kann Iech soen, mir wäerten dem Gesetz eis Zoustëmmung ginn – wëll ech awer eng Remark iwwert d’Prozedur maachen:
D’Chamber huet e Gesetz gestëmmt, wat den 2. Novem- ber 2021 a Kraaft getrueden ass, an dat ass d’Gesetz iwwert den Examen de proportionnalité bei verschid- dene Beruffer. Dat Gesetz gesäit u sech vir, datt, wa verschidde Beruffsgruppe betraff sinn, en Examen de proportionnalité schonn um Niveau vum Avant- projet de loi muss gemaach ginn. Dësen Text, dësen Examen muss dann och public sinn, fir datt sech déi betraffe Beruffsgruppen an aner Stakeholdere kënnen dorunner inspiréieren an dat an hir Stellungname mata- fléisse loossen. Dat heescht, se missten ëffentlech an domadder publizéiert sinn. Elo constatéieren ech awer, datt se zumindest net bei der Chamber publizéiert goufen an och sécher net beim Depot virlouchen, zu- mindest net der Chamber virlouchen, well anescht kann ee sech dee ganzen Hin an Hier zwëschent Staatsrot, Regierung an deelweis och Chamber net erklären.
Den 29. November 2022, also ee Joer, nodeem dat Gesetz a Kraaft getruede war, gouf deen heite Projet de loi deposéiert. Du louch en e bëssen do, an dräi Méint méi spéit, de 6. Februar, huet de Staatsrot schonn déi éischte Kéier no deem Examen de proportionnalité ge- frot a krut dunn och en Transmis vun der Regierung. Ech gesinn de Minister fir d’Relatioun mam Parlament hei viru mer sëtzen. Deen huet déi Bréiwer jo zum Deel och un d’Chamber weidergeleet, dofir wësse mer déi Timeline och mëttlerweil. An zwou Wochen, dräi Wo- chen drop, den 28. Februar, huet de Staatsrot du ge- sot: „Moment, dat doten ass net alles. Dir hutt net dee ganzen Examen de proportionnalité geliwwert.“ Dunn huet et e Mount gedauert an an där Zäit huet dunn de Gesondheetsministère dem Staatsrot geäntwert, do wäre keng weider Beruffer betraff, de Staatsrot géif do eng falsch Lektür maachen, wat dunn den Dag drop derzou gefouert huet, datt d’Chamber dunn och déi Do- kumenter krut, soudatt mer eis en eegent Bild konnte maachen.
De Staatsrot huet sech dunn nach eng Kéier anner- hallwe Mount Zäit geholl, fir säin Avis ze schreiwen, a seet dunn a sengem Avis de 16. Abrëll (veuillez lire: de 16. Mee): „Dach, hei si Beruffer betraff“, a mir hu schonn iwwert den Assistant senior ënner anerem ge- schwat, „wou misst awer en Examen de proportionna- lité gemaach ginn.“ Bon, vu d’Contrainte-temporellen hu mer dat dunn duerch Amendementer geléist. Mir hunn also u sech déi Opposition-formellen, déi do ge- stanen hunn, doduerjer geléist, datt mer dat no hanne
pousséiert hunn, datt mer déi ganz Prozedur vun deem Examen de proportionnalité och no hanne pousséiert hunn. Mee mir hunn et net aus der Welt geschaaft, well déi nämmlecht Froe stelle sech och an Zukunft nach.
Dat heescht, hei hu mer e Gesetz, wat hätt misse beim Depot vum Gesetz nach respektéiert ginn a wou d’Regierung sech et awer e bëssen einfach gemaach huet a souguer huet missen zweemol vum Staatsrot rappeléiert ginn. An ech mengen, dat ass eppes, wat an der Prozedur … Mir wëssen alleguerten, heiansdo muss et séier goen, mee ech verstinn, datt och Beam- ten net ëmmer kënnen 100 % perfekt eppes liwwe- ren. Mee ech géif mer awer wënschen, datt mer, wa mer an Zukunft a reglementéierte Beruffsgruppe sinn, awer wéinstens déi Gesetzer vun Ufank u géife respektéieren, déi mer eis selwer ginn hunn.
An da vläicht déi lescht Fro un d’Madamm Ministesch zu deem Examen de proportionnalité: Ech wollt just froen, wou d’Verëffentlechung vun deem Examen de proportionnalité ass, wéi en am Gesetz vum 2. Novem- ber 2021 virgesinn ass. Well wann deen Examen soll ëffentlech sinn … Ech weess, datt mir en an der Cham- ber als Transmis kruten, ech hu mech awer gehitt, dee mat iergendengem aneren ausserhalb vun der Cham- ber ze deelen, well mir kruten deen iwwert de Courrier interne. An ech hunn haut nach eng Kéier gekuckt: En ass net publizéiert ginn am Dossier parlementaire. Deementspriechend gouf et warscheinlech keng In- structiounen, do ze publizéieren. Dofir wollt ech just froen: Läit de Feeler bei der Chamber? Hätte mir dat däerfen, kënnen, solle publizéieren? Oder hätt de Mi- nistère dat missen enzwousch anescht publizéieren? Dat ass eng Fro, op déi ech bis elo keng Äntwert hunn.
Ech soen Iech Merci.