Projet de loi 8098 iwwert d’Mesuren, déi d’Hausse vum Präis vun den Holzpellets limitéiere soll

M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, mam Tripartite-Ac- cord gouf eng ganz Rei un Aidë geholl, fir d’Leit hei am Land wärend dëse schwéiere Krisenzäiten – an dat muss ee soen: Et si schwéier Krisenzäiten – ze

ënnerstëtzen. An domadder hu mer am Prinzipp guer

kee Problem.

Am Géigendeel: U sech begréisse mer dës Aiden, och wa se eis ze vill mat der Strenz verdeelt ginn. A jo, och mir si fir eng Hëllef fir Leit mat enger Pelletheizung. Bon, am Ufank hat een déi Leit bal vergiess.

Woumat mer dann awer e bësse méi e Problem hu wéi mam Prinzipp, dat ass de Finanzement vun dë- sen Aiden. A jo, et ass keen einfache Projet, mee dës Aidë gi mat Suen aus dem Klimafong bezuelt, engem Fong, deen ënner anerem als Zil huet, Mesuren ze finanzéieren, déi eis an eisem Kampf géint de Kli- mawandel zeguttkomme sollen, hei als Stéchwuert d’Beispill vun enger energeetescher Sanéierung. An dat ass hei guer net de Fall. U sech ginn hei Suen zweckentfremdet, amplaz se fir dat ze benotzen, fir dat se virgesi sinn.

Grondsätzlech hu mer och e Problem mat Pellets u sech. An ech maachen elo hei deene Leit guer kee Virworf, déi sech esou eng Pelletheizung ugeschaaft hunn, well u sech sinn dës Leit Affer vun enger falscher Energiepolitik vun deene leschte Jore ge- wiescht. Et ass net eréischt zënter Kuerzem bekannt, datt Pellets eeben net esou nohalteg sinn, wéi ee ganz laang gesot huet. Gëschter gouf hei op dëser Plaz gesot, datt d’Nohaltegkeet vun de Pellets hei zu Lëtzebuerg awer guer net esou schlecht soll sinn. Mir sinn do anerer Meenung, mee bref.

Ech hunn et gëschter scho gesot an ech widderhuelen et haut dann nach eng Kéier: Datt et Primme fir nei Pelletheizunge gëtt, ass fir eis net de richtege Wee, well domadder drécke mer de Problem och an d’Zu- kunft!

Bon, ëmmerhi gouf jo gëschter dann och gesot, datt Pelletheizunge jo net méi als laangfristeg Alternativ fir d’Zukunft gesi ginn. Schwätze mer guer net dovun- ner, datt et schwéier ass, eng installéiert ze kréien. Mee da stellen ech mer awer d’Fro, wa mer soen: „Et ass keng laangfristeg Zukunftsvisioun méi fir Pel- letheizungen do“, firwat subventionéiere mer dann nach den Abau vu Pelletheizungen?

Et ass e wichtegt Signal, datt mer déi Leit, déi eng Pel- letheizung hunn, elo ënnerstëtzen, esou wéi mer all Leit, déi wéinst der Kris Problemer hunn, fir d’Enner beieneenzekréien, ënnerstëtze mussen, mee kommt, mir maachen eis dach näischt vir: Mir sollten e staarkt Signal no bausse ginn, datt Pelletheizungen net d’Zu- kunft sinn, an ech hoffen, datt dat awer och iergend- wann eng Kéier kënnt!

Ech soen Iech Merci.

Zesummenhang posts

De Centre pénitentiaire d’Uerschterhaff ass zoustänneg fir d’Leit, déi an Untersuchungshaft sinn. Eisen Informatiounen no, si beim Bau vum Uerschterhaff och Büroe fir Untersuchungsriichter
Zënter Jore gëtt doriwwer diskutéiert, fir an der Rue de Linger op der Gemengegrenz tëschent Käerjeng a Péiteng ee gemeinsamen Zenter fir d’Police an