M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, als Éischt emol e grous- se Merci un de Rapporter Mars Di Bartolomeo fir säi gudde mëndlechen a schrëftleche Rapport.
D’Covidpandemie hat eis deemools e bëssen aus dem Näischt getraff. Mir waren als Land net drop prepa- réiert. A wéi ech schonn a menger Ried zu de Léieren aus der Pandemie viru Kuerzem hei sot, hu mer déi ganz Situatioun bis op e puer Ausnamen u sech ganz gutt gemeeschtert. Vill Mesurë goufe geholl, fir dës Situatioun, déi nei war, Meeschter ze ginn, dorën- ner eeben och de Congé pour raisons familiales. An dat war och gutt esou. Och dat muss ee soen. Wann eppes Guddes gemaach gëtt, soll een dat och roueg kënne soen!
Ech mengen, mir wëssen alleguerten heibannen, fir- wat dee Congé pour raisons familiales agefouert gouf. Et war an ass eng Mesure, déi vu ville Leit genotzt gëtt, jo, och nach vu ville Leit muss genotzt ginn, well e krankt Kand kann een net einfach sech selwer aleng doheem iwwerloossen. A vun Elteren ze verlaangen, hire reguläre Congé ze notzen, fir bei hirem kranke Kand doheemzebleiwen, an dat matten an enger Pan- demie, déi eis alleguerten hei am Land schwéier be- laascht huet an eis d’Liewe schwéier gemaach huet, wär keng Optioun gewiescht. Dowéinst hu mir Piraten och dës Mesure ëmmer matgestëmmt.
De Congé pour raisons familiales ze stëmmen, ass awer nëmmen déi eng Säit. Dat Ganzt muss jo och finanzéiert ginn, woumat mer da bei deem haitege Projet de loi ukomm wären. Mir stëmmen haut doriw- wer of, datt och 2023 d’Staatskeess soll d’Käschte fir de Congé pour raisons familiales iwwerhuelen. Dofir si 37,5 Milliounen extra am Budget virgesinn an dat fanne mir Piraten och nëmme richteg.
Well wéi am Exposé des motifs ganz richteg gesot gëtt: Och wann d’Zuele vu Covid-19-Fäll dëse Summer relativ niddreg waren a mer och haut gesinn, datt se sech och elo nach an engem, soe mer, gereegelte Kader halen, sou ka sech dat awer erëm nees séier änneren. De Virus ass bekannt fir seng Mutatiounen a glécklecherweis war déi lescht net esou grav wéi déi virdrun. An egal op Mutatioun oder net, de Virus ass nach ëmmer do an e kann och jiddereen nach ëmmer zu all Ablack treffen. Dowéinst muss de Congé pour raisons familiales esou weiderbestoen.
Ee Bemoll wëll ech dann awer op dëser Plaz ubrén- gen an dat ass d’Äntwert, déi ech an enger rezenter Question parlementaire krut an déi mir net esou be- wosst war, léif Kolleeginnen a Kolleegen, an dat ass, datt et eng ganz Rëtsch Leit gëtt, déi net vum Congé pour raisons familiales kënne profitéieren, an dat sinn all déi Leit, déi an Aarbechtsmesurë sinn, ob dat e CAE, CIE oder eng OTI ass – ech hu sécher nach e puer Dräi-Buschtawen-Akronymme vergiess. Déi hunn, an dat war d’Äntwert, déi mer vum Aarbechts- ministère kruten, jo keng Aarbecht. Also, si gi schaf- fen, si schaffen eppes, meeschtens am Déngscht vun der Allgemengheet, mee si ginn net als Salarié consi- deréiert, si sinn net esou affiliéiert. Deementsprie- chend kënne se kee Congé pour raisons familiales huelen.
Elo ass et awer esou, datt dat jo meeschtens Leit sinn, déi souwisou schonn an enger vulnerabeler Posi- tioun sinn. Wann deenen hir Kanner dann och nach krank sinn, hu se als eenzeg Méiglechkeet, net an hir Aarbechtsmesure ze goen, sachant datt, wann een a senger Aarbechtsmesure x-mol feelt, dat jo och Kon- sequenze mat sech bréngt!
An u sech misste mer do eng Kéier als Chamber no- besseren, soit op Initiativ vun der Regierung, soit op Eegeninitiativ. Mee ech mengen, et kann net sinn,
datt Leit, déi à toute fin utile fir sech selwer mengen an och schaffen … Also, et ass jo net nëmmen e Gefill, datt se schaffe ginn, si gi schaffen, si sinn all Dag …, si stinn op, si ginn op eng Aarbecht a si schaffen do. Mee se ginn anescht behandelt, wann et drëm geet, datt hir Kanner krank sinn. An ech mengen, dat sollte mer dréngend nach eng Kéier op de Leescht huelen an do nobesseren, well soss hu mer awer hei eppes gemaach fir déi, déi et brauchen, mee mir hunn awer eng ganz grouss Kategorie vu Leit, déi et wierklech brauchen, dobäi vergiess.
Dat gesot wäerte mer dëse Projet matstëmmen an ech soen Iech Merci.