Projet de loi 8091, enger Ofännerung vum Gesetz iwwert d’Aféiere vun enger Rei Mesuren am Kader vun der Covid-19-Pandemie

M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President. Merci dem Carlo Weber. Also, ech war selwer an deem Fall, dass ech per Videokonferenz an de Ge- mengerot zougeschalt gi sinn, dofir weess ech dat Gesetz ze schätzen. Deemools huet sech just nach eng weider Fro gestallt: Wéi et mat de Kommissiounen ass.

Bei eis war et esou, dass de Schäfferot dunn esou frëndlech war ze soen, ech kéint och per Visio un de Kommissiounen deelhuele vun der Gemeng. Dat ass am Gesetz elo net gereegelt, mee a sech ass et awer flott, wann de Schäfferot de Conseilleren esou wäit entgéintkënnt, dass se och, wéi eeben an der Cham- ber, per Video un enger Kommissioun deelhuele kën- nen. Dofir gi mir och haut eis Zoustëmmung, fir dëst ze verlängeren.

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt