Projet de loi 8087 iwwert d’Aféiere vu Bäihëllefe fir Strukture fir eeler Leit, déi vun der Hausse vun den Energiepräisser betraff sinn

M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President. Och mir wäerten haut dëse fënneften Deel vun der Tripartite matstëmmen, well et eeben eng Beroue- gung ass fir déi Bewunner vun den eenzelnen Hee- mer, wou se kënne berouegt sinn, dass d’finanziell Laascht net ze vill klamme wäert.

Jo, et sinn e puer Detailer, iwwert déi een hätt kënnen diskutéieren. Wéi d’Chambre de Commerce och rich- teg opgeworf huet, hätt ee kënne mam 1. Februar ufänken, wéi dat och zum Deel bei den Entreprisen de Fall ass. Mee dass dëse Package haut esou komm ass, ass schonn emol dee richtege Schrëtt.

Wat awer elo bedenklech fir d’Zukunft ass, ass déi Formule mam Index. Net den Index a sech, mee wéi den Index an de Seniorië berechent gëtt. Dee gëtt nämlech op de ganze Montant berechent an net just op deene Leeschtungen, déi eigentlech personal- bedéngt sinn.

Dat heescht, Äert Zëmmer, Äre Steen, Är Miwwelen, alles, wat Der an der Seniorie hutt, gëtt domat méi deier, wann den Index klëmmt. An dat ass sécherlech eng Diskussioun, déi een eng Kéier muss féieren, ob dat nach korrekt ass. Well et si vill Leit am Land, déi elo schonn ënnert de Präisser an de Seniorië leiden, déi déi net kënne bezuelen an déi sech dann och déi Zousazleeschtunge just nach dreeme kënnen, mee net realiséieren.

Dofir sinn ech och amgaangen, en Dossier ze maachen, wou ech all d’Präisser vun den eenzelnen Altersheemer

queesch duerch d’ganzt Land erfaassen, fir dass mer d’nächst Joer hei kënnen eng Diskussioun hunn iwwert d’Präisstruktur vun de Seniorien, wéi d’Leit do ënner- bruecht sinn a wéi dat nach ze finanzéieren ass.

Allgemeng sinn nämlech an eisen Aen d’Käschten an de Seniorië fir d’Leit ze héich, vergläicht een et mat dem Pensiounsduerchschnëtt. A wann d’Präis- ser schonn esou héich sinn, ass et fir eis Piraten och kloer, dass d’Infrastruktur muss stëmmen. An do hat ech der Ministesch d’lescht Joer, 2021, schonn eng Question parlementaire gestallt, …

(Interruption)

… an där et drëm gaangen ass, firwat da keng Toi- letten oder keng Duschen an deenen Zëmmeren ze fanne sinn. Dat ass fir eis Piraten en Zoustand, deen net ze akzeptéieren ass. Et kann net sinn, dass een u sengem Liewensowend mol keen Zëmmer méi kritt, wou eng Toilette mat dran ass! Dat ass fir eis einfach onerdréiglech, well och déi Leit hunn nach e Recht op hir Privatsphär. Vun der Dusch nach guer net ze schwätzen, mee ech ginn elo haut emol op d’Toiletten an.

Duerfir hunn ech och eng Motioun matbruecht, an där ech d’Regierung opfuerderen, dass se bis am Joer 2024 op d’Seniorien awierkt, fir dass déi Toilet- ten endlech op den Zëmmere wäerten ze fanne sinn an dass d’Leit net mussen iwwert de Gank oder an aner Strukturen dofir goen, fir hinnen esou d’Liewen ze erliichteren.

Merci.

Motion 1

D’Chamber vun den Deputéierte stellt fest,

– datt et eng Fro vun Dignitéit fir déi Betraffen ass, eng eegen Toilette am Zëmmer ze hunn;

– datt et laut Äntwert op d’parlamentaresch Fro N° 4733 Stand Juli 2021 271 Logementer a 7 verschiddenen Alters- a Fleegeheemer gëtt, déi keng eegen Toilette hunn;

– datt sech dës Zëmmeren ënner anerem am Foyer St. Elisabeth, am CIPA „Am Park“, am CIPA „Um Lauterbann“ an am CIPA „Roude Fiels“ befannen;

– datt d’Covid­19­Pandemie op erschreckend Aart a Weis gewisen huet, wéi eng Konsequenze gemeinsam Sanitär- anlagen an engem Alters- oder Fleegeheem kënnen hunn.

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéier- ten d’Regierung,

– all Alters­ a Fleegeheem ze verflichten, Zëmmeren, déi bis elo ouni Toiletten offréiert ginn, bis spéitstens den 8. Dezember 2024 ëm eng Toilette ze erweideren.

(s.) Marc Goergen.

Zesummenhang posts

De Centre pénitentiaire d’Uerschterhaff ass zoustänneg fir d’Leit, déi an Untersuchungshaft sinn. Eisen Informatiounen no, si beim Bau vum Uerschterhaff och Büroe fir Untersuchungsriichter
Zënter Jore gëtt doriwwer diskutéiert, fir an der Rue de Linger op der Gemengegrenz tëschent Käerjeng a Péiteng ee gemeinsamen Zenter fir d’Police an