M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President. Haut entscheede mer iwwer Direkthëllefen, déi och direkt beim Bierger wäerten ukommen, wa mer d’TVA erofsetzen.
Ech hat e puermol hei op der Plaz dat schonn am Summer gesot, virum Summer an herno am Summer nach an Interviewen, dass mer eigentlech gär 2 % ge- hat hätten, also en alen Taux. Bon, ech war elo scho frou, dass mer iwwerhaapt Diskussiounen haten, fir op 1 % erofzegoen. Deementspriechend kënne mer do ganz zefridde sinn. Et kritt ee jo ëmmer …, e klenge Kompromëss muss jo awer erauskommen.
Ech hat mer awer …, wann ech ganz éierlech sinn, wéi ech deemools hei gesot hunn, hat ech d’Erwaar- dung net, dass d’Regierung op de Wee géif goen, fir d’TVA erofzesetzen. Ech sinn awer dofir haut ëmsou méi frou, dass dee Wee agehale gëtt!
Déi eenzeg Fro hunn ech dozou, an dat ass: D’Madamm Lorsché hat et och elo nach eng Kéier ugekënnegt, an Däitschland, si hat Statistiken eraus- gesicht mat 20 % op de Liewensmëttel. Hei zu Lëtze- buerg ass et awer elo esou, dass den Taux vun de Liewensmëttel net an dëser Moossnam mat dran ass. Dat ass den Dräi-Prozent-Taux. An do ass d’Fro un d’Finanzministesch, firwat dass Der grad bei de Liewensmëttel deen Taux net erofgesat hutt op déi 2 %. Et ass eigentlech dat, wat de Besoin am Alldag ass vun de Leit. Dir hutt elo bei 17% op 16%, dat sinn d’Autoen, dat ass zum Deel Alkohol, Zigaretten, Allméigleches. Mee de Besoin vum Alldag hutt Der net mat erofgesat. Firwat dass net doru geduecht ginn ass.
Da musse mer allgemeng och oppassen, ech hat Iech do och e sëllege Question-parlementairen derzou scho geschriwwen, wa mer esou Ukënnegunge maa- che mat der TVA, déi mer begréissen, déi sinn dee- mools ëm de Solar gaangen, wou elo d’TVA op 3 % wäert erofgoen, vu 17 % op 3 %, wat eng super Iddi ass a wat ech direkt mat ënnerschreiwen! De Problem ass just, dass d’Handwierker, wéi mer elo gesot hunn, esou vill Storno kritt hunn, well d’Leit gesot hunn: „Nee, waart, ech loosse meng Anlag eréischt am Ja- nuar maachen“ – well esou eng Solaranlag läit ëm déi 30.000 Euro; da kënnt Der jo schnell rechnen, wat Der spuert, wann Der vu 17 % op 3 % erofgitt –, dass d’Handwierker elo am Leerlauf ee Moment sinn an d’Leit dann alleguerte gären am Januar déi hätten.
Elo sidd Der mat der Propos komm mat der Rech- nung, dass den Datum vun der Rechnung herno géif spillen. Mee do si mer um Problem, dass den Hand- wierker déi ganz Marchandise dann elo muss virfi- nanzéiere bis de Januar, bis déi Rechnung da ka geschriwwe ginn.
Deementspriechend ass et ëmmer schwiereg, wa mer esou TVA-Reduktioune maachen a se awer net direkt maachen. Dat ass déi Kritik, déi mer e bëssen awer nach musse mat haut heihinnerbréngen, dass Der hätt kënne méi schnell déi TVA-Reduktioun maachen.
Ech verstinn am grousse Ganzen, dass Der déi elo maacht fir den 1. Januar. Et ass méi einfach fir d’Kon- tabilitéit vun de Betriber; dat ass d’Konterargument, an dat verstinn ech och. Mee zum Beispill um Solar hätt een awer kënne vill méi schnell reagéieren an d’Leit och doduerch motivéieren fir ëmzeklammen. Well dat ass deen anere Punkt.
Ech hunn e bësse Bauchwéi, fir de Masutt matzestëm- men, mee ech weess awer och, wéi d’Lag am Moment bei den Handwierker ass, dass se einfach d’Alternati- ven, vu Wärmepompel bis Solar, Allméigleches, net erbäikréien. D’Leit musse jo awer iergendwéi am Moment mat hirem Masutt doheem hëtzen, well ee- ben d’Alternativ net do ass.
A wann den Handwierker och nach genuch Leit huet, fir den Optrag unzehuelen, dann huet en och nach Problemer, fir iergendzwousch seng Paneelen oder säi Material hierzekréien, well dann do erëm … Dat sinn awer da Coronaauswierkunge vu fréier.
Also, et däerf een och net alles mateneen ëmmer ver- mëschen. Et si sécherlech Punkten, déi duerch Sank- tioune komm sinn, déi ganz richteg sinn a wou mir Piraten dozou stinn, well et däerf een net d’Sanktiou- nen huelen als Excuse, dass dat komm ass, mee et ass déi Invasioun an d’Ukrain, déi iwwerhaapt zu deene Sanktioune gefouert huet.
Mee et sinn awer och e puer Saache wéi d’Materia- lien, wéi aner Produiten, déi doduerjer kommen, dass mer eng ze labber Geldpolitik haten ee Moment an doduerjer elo d’Inflatioun esou héich ass.
Merci och dem Gilles Baum fir säi gudde schrëftle- chen a mëndleche Rapport. A mir wäerten haut eisen Accord ginn.