Projet de loi 8079 iwwert d’Revisioun vum generelle Kader vum Enseignement supérieur

M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, merci als Éischt och dem Rapporter fir de gudde mëndlechen a schrëftleche Rap- port. Mat dësem Gesetz, dat huet en erkläert, ginn eng ganz Rei vu Reegelen am Bezuch op eis Lëtzebuerger Universitéit an op verschidden Universitéitsdiplomer geännert, … bon, „Ofschlossdiplomer“ muss ee soen. Insgesamt begréisse mir Piraten dës Ännerungen. Ech wëll dofir hei just op verschidden Aspekter agoen, déi fir eis besonnesch wichteg sinn. Dozou gehéiert, datt verschidde Begrëffer nach eng Kéier gereegelt ginn.

An dat ass fir eis Piraten dann och längst iwwerfälleg, well mir sinn an der Vergaangenheet ëmmer nees vu Leit kontaktéiert ginn, déi sech an enger Struktur fir e Studium ageschriwwen haten, ouni ze wëssen, datt entweeder de Studium oder dat entspriechend Eta- blissement – jo! – hei am Land net unerkannt sinn. Dës Institutiounen hunn d’Leit och heiansdo am Glawe gelooss, datt se do e gudde Studium géife maachen, andeems se sech – kommt, mir sinn éier- lech! – falsch duergestallt hunn, deelweis och mat Nimm geworben hunn, déi net onbedéngt der Reali- téit entsprach hunn.

Eng Rei Informatioune sinn an deem Kontext zwar schonns ze fannen, mee d’Praxis huet ëmmer erëm gewisen, datt dat net ëmmer duergeet. Mir mussen dofir hei streng Krittäre festleeën. An dat wäerte mer absolutt kënne matdroen.

Da wäerten zum Deel och Passerellen tëscht dem BTS an dem Bachelor méiglech gemaach ginn, genausou wéi et wäert méiglech gemaach ginn, datt Persou- nen, déi schonn en DAP-Ofschloss hunn, nach kënnen e BTS maachen. Och dat ass wichteg: datt mer am Ka- der vum Lifelong Learning jiddwerengem d’Méiglech- keet ginn, dat wierklech ze maachen, wou säin Häerz en dann och hinzitt.

An Zukunft kënne Studente wärend hirem Stage, dee se am Kader vun hiren Etüde maachen, indemniséiert ginn. Dat, mengen ech, ass eppes, wat mir Piraten scho méi laang gefuerdert hunn, an dofir begréisse mer och dat ausdrécklech.

Dat bedeit awer och, datt duerch dës Mesür d’For- matioun, zum Beispill bei der Medezinn oder de Ge- sondheetsberuffer, soll valoriséiert a méi attraktiv gemaach ginn. Dozou gehéiert och, datt bei der Uni nei Bachelorprogrammer ugebuede ginn, zum Bei- spill den „Infirmier en soins généraux“, genausou wéi e Bachelor „Sage-femme“. Et muss een dann awer soen, datt et och scho véier Programmer vum „Infir- mier spécialisé“ do gëtt.

An Zukunft soll een dann och de Grad vun engem Dokter an der Medezinn op der Uni hei am Land maa- che kënnen. Dësen enthält dann och zwee Semes- ter fir d’Recherche clinique, wat fir eis Piraten vu grousser Wichtegkeet ass, wann ee sech mat esou engem akadeemesche Grade wëll schmécken. Do- mat gëtt dann och ënner anerem de Revendicatioune vum Corps médical an och vun de Studentinnen a Studenten an de medezinnesche Beruffer Rechnung gedroen, déi jo awer an deene leschte Joren oft ap- plaudéiert kruten, mee heimadder dann och noge- lauschtert kruten.

Domat soll de Medezinnstudium op der Uni Lëtze- buerg méi attraktiv gemaach ginn. An dat ass am Prinzipp och richteg, et wäert awer net duergoen – dat wëll ech hei awer och kloer soen –: Mir wäerten nach weider Mesüre brauchen, fir dee Medezinnstu- dium richteg attraktiv ze maachen.

Dozou gehéiert och, nach eng Kéier driwwer noze- denken, wéi zum Beispill eis Medezinner am Stage bei hire Patrons de stage indemniséiert ginn. Haut gi se do als MEVSen, also Médecins en voie de spécia- lisation, einfach fix bezuelt, wärend hir Patron-de- stagen awer déi eenzel Akte vis-à-vis vun der CNS ofrechne kënnen, wat awer zu komesche Situatioune ka féieren. Do sollt een, mengen ech, och – an dat ass net den Héichschoulminister eleng … Do muss och de Minister fir d’Sécurité sociale warscheinlech matage- bonne ginn, do muss och warscheinlech de Gesond- heetsministère nach eng Kéier matagebonne ginn. Et sollt een awer driwwer schwätzen.

Jo, mir däerfen eis awer och net drop ausrouen a mengen, datt mer mat deenen heite Reformen de

Personalmangel un Dokteren a Gesondheetsberuffer komplett wäerte léisen. Villméi ass et een Element – een Element vu villen –, fir de Problem op de Leescht ze huelen. Well et ass zwar richteg, datt vill Studen- tinnen a Studenten, déi hire Studium am Ausland suivéieren, net méi zréckkommen, mee dat huet ën- nerschiddlech Grënn. An deene musse mer dann och Rechnung droen. Well e Grond, fir net op Lëtzebuerg zréckzekommen, huet och zu engem ganz groussen Deel mat den Aarbechtsbedingungen ze dinn, an net onbedéngt domadder, datt mer bis elo kee Studium hei haten.

De Beruff vum Medezinner huet hei am Land am Mo- ment e schwéiere Stand a gëtt och net méi an deem Ausmooss valoriséiert, wéi dat virun enger Rei Joren nach de Fall war. Dat weist dee ganzen Hin an Hier mat den IRMen, dat weist d’Kënnegung vun de Kar- diologen zu Ettelbréck, an och déi zäitweis Fermeture vun enger Maternité.

Hei musse mer also séier déi néideg Mesüre maa- chen, well d’Penurie soss ganz séier nach méi grouss gëtt. An dozou gehéiert dat heiten, et ass awer net d’Enn vum Wee. A mir kënnen eis och net méi blann drop verloossen, nach genuch Personal aus der Groussregioun ze rekrutéieren, well déi hu mer a ganz groussen Deeler schonn ofgegraast. An och an eisen Nopeschlänner ginn ëmmer méi Mesüren an d’Weeër geleet, fir nees méi Gesondheetspersonal ze rekrutéieren, sief et duerch eng Valorisatioun vum Beruff oder duerch besser Aarbechtskonditiounen. Dat heescht, och do musse mer net mengen, datt do an Zukunft immens vill Leit wäerte weider kommen.

Dofir ass dat heiten e wichtegt Gesetz an dofir wäerte mir och eisen Accord ginn. Ech soen Iech Merci.

Zesummenhang posts

Rezent gouf ugekënnegt, dass ab dem 21ten Dezember d’Gesellschaft China Southern plangt eng Kéier d’Woch mat engem Airbus 350-900-Fliger vun de Stied Guangzhou a