M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President. Och merci dem Chantal Gary fir dee gudde schrëftlechen a mëndleche Rapport. Mir Piraten si bekanntlech net géint eng Vëlospist. Ech verstinn och alleguerten d’Argumenter, déi virgedroe gi sinn: fir d’Studenten, fir d’Verbindung tëschent Esch a Belval. Mee ech hunn et e bësse méi ënner engem finanziellen Aspekt gekuckt: Mir hunn e Projet, dee bei 34,5 Milliounen ugefaangen huet, deen awer elo, mat all de sécherlech gudden Ar- gumenter, bei 47,5 Millioune lant. Dat ass een Drëttel méi! Jo, et ass heiansdo einfach ze soen, mat gudden Argumenter: „Mir brauchen dat. Dat soll onbedéngt kommen!“, an da sinn da Präishaussen, wou vläicht och nach Leit mat dru verdénge lénks a riets.
D’Chamber seet jo: „Jo, et kann een et maachen.“ D’Chamber seet jo: „Jo“, an dat ass eigentlech den Aspekt, wou ech un dëse Projet drugaange sinn, dass d’Chamber net an Zukunft ëmmer … Bei engem Drët- tel! Also, et ware jo scho Projeten, déi mir Piraten och matgedroen hunn, wa mer vun 10 %, 20 % geschwat hunn – wat scho vill ass. Mir schwätze vu Milliounen! Mee hei sinn et carrement 13 Milliounen, déi et méi ginn ass, vu 34,5 erop. An dofir wäerte mir haut ee- ben net kënnen eis Zoustëmmung ginn, fir de Budget ze erhéijen.
Mir fannen de Projet a sech gutt. En hätt vläicht missen anescht geplangt ginn. Et hätt een et mis- sen anescht ugoen. Et hätt ee vläicht och anescht misse mat ArcelorMittal schonn am Viraus kucken. Ech mengen, dat Stolwierk war jo do, ier d’Vëlospist geplangt ginn ass, dann hätt een do scho mol misse
kucken. Et hätt ee misse kucken: Wann déi e Sichtschutz wëllen, ob een net déi vläicht kann doru parti- cipéiere loossen, wat och ëmmer!
Mir hunn et ënner engem finanziellen Aspekt ge- kuckt, dass net einfach ëmmer en neie Vott ka komme fir ze soen: „Hei, et gëtt méi Geld!“ Well et wäerten nach vill esou Fäll kommen. Et wäerte vill Leit, natierlech och Entrepreneuren, dobaussen no- lauschteren a soen: „Mir maachen déi Präishaussen, et gëtt méi, dat ass op Gemengenniveau, dat ass op Staatsniveau.“ Vum finanziellen Aspekt hier géif et der Chamber vläicht och eng Kéier guttdoen, dann ze soen: „Mir bremsen e bëssen.“ D’Finanze wuessen eeben net bis an den Himmel!
Merci.