Projet de loi 8074, eng temporaire Dero- gatioun vum Aarbechtsrecht

M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President. Et deet mer leed, ech kann net nëmmen den Accord ginn. Ech wollt awer nach zwee Wierder lassginn. Dat eent ass e grousse Merci un de Rapporter fir de Rapport.

Et ass jo net déi éischte Kéier, datt mer mat esou en- gem Gesetz befaasst sinn. A mir begréissen et u sech prinzipiell, datt mer och deenen Apprentien, déi am Delai elo keng Plaz fonnt hunn, déi Karenzzäit weider ginn.

Mir hoffen natierlech, datt all d’Apprentië bis zum neien Delai dann elo schlussendlech eng Plaz wäerte fannen, mee gläichzäiteg ass et awer esou, datt d’Fanne vu Léierplaze vu Joer zu Joer, an net nëmmen duerch Covid, ëmmer méi schwéier ze gi schéngt. An deementspriechend musse mer eis méi prinzipiell d’Fro stellen – an dat ass net nëmmen eng Aarbecht fir den Educatiounsministère, dat ass eng Aarbecht virun allem och fir d’Patronat, déi jo déi Plazen of- fréieren –, wat mer kënne maachen, fir et méi einfach ze maachen a fir eis Jonker och beschtméiglech ze forméieren.

Et ass fir eis evident, datt et héich Zäit ass, mat alle Betraffenen eng genau Analys vun der Situatioun ze maachen. Ech hunn et gëschter an der Ried zur Lag vun der Natioun gesot: Mir mussen och ophalen, als Staat nëmmen Apprentien ofzewerben, wa se schonn ausgebilt sinn, an de Staat muss massiv selwer méi Apprentisplaze schafen.

Dës Problemer gi leider duerch dëst Gesetz net aus der Welt geschaaft. Si ginn awer zumindest fir déi Betraffen e bëssen ofgeschwächt. An ech mengen, dat ass eng gutt Saach, an duerfir gi mir och eisen Accord fir dëst Gesetz.

Ech soen Iech Merci, Här President.

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene