M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, als Éischt emol merci dem Gilles Baum fir de mëndlechen a schrëftleche Rapport. Wann eppes kloer ass, dann dat: Lëtzebuerg ass e Migratiounsland. All Joer kommen Dausende Leit nei op Lëtzebuerg, dorënner och ganz vill Famillje mat Kanner. Datt dës Kanner an eng Schoul musse goen, ass nëmmen normal. Et gëtt eng Schoulflicht a
virun allem ass et och wichteg, datt d’Schoul en inte- grative Facteur an hirem Liewen ass.
Wat liicht kléngt, dat ass et dann awer net ëmmer esou ganz an der Realitéit. Do gëtt et Sproochebarriären, Problemer mam Schreiwen, zum Beispill wa Kanner mat engem aneren Alphabet opgewuess si respektiv och scho schreiwen a liese geléiert hu mat engem ane- ren Alphabet, an nach villes méi. Ech schwätzen net emol nëmme vu vu riets no lénks oder vu vun uewen no ënnen, mee tatsächlech vun anere Buschtawen. Dat ass net einfach! An dës Problemer suergen derfir, datt eng Rei Kanner Problemer hunn, sech an de Lëtze- buerger Schoulsystem anzeglidderen.
Et gëtt mëttlerweil zwar speziell Accueilsklassen, mee dës stinn net iwwerall zur Verfügung. An och do musse mer usetzen. Mir mussen dës Kanner beschtméiglech encadréieren an hinne sou gutt wéi méiglech hëllefen, hire Wee am Lëtzebuerger Schoulsystem ze fannen, well déi meescht – an dat wësse mer och –, déi op Lëtzebuerg kommen, bleiwen och zu Lëtzebuerg.
Certes, an deene leschte Joren huet sech d’Migratioun e bësse geännert, doduerjer, datt haaptsächlech aus dem engleschsproochege Raum Leit fir méi kuerz Mis- siounen op Lëtzebuerg kommen, mee d’Migratioun zu Lëtzebuerg, dat waren traditionell Leit, déi op Lëtze- buerg komm sinn, fir mat eis zesummen de Räichtum vun dësem Land ze bauen. An deementspriechend bleiwen och hir Kanner hei zu Lëtzebuerg an et ass der Schoul hir Aufgab, dës Kanner beschtméiglech ze pre- paréieren, fir duerno an enger Gesellschaft hir Plaz ze fannen,wousebäikoumen,meewousedefinitivder- zougehéieren. A genau dat soll mat dësem Projet de loi gemaach ginn.
Wéi scho viru Kuerzem beim Projet de loi 8169 si mer och hei der Meenung, datt de Projet an der Theorie gutt kléngt. Vill Persounen, déi nei op Lëtzebuerg kommen, hu Schwieregkeete mam System, dat hunn ech erkläert, an hu virun allem och Problemer, sech zurechtzefannen. Hei ginn eng gutt Orientatioun an Informatioun einfach indispensabel, fir datt d’Elteren zesumme mat hire Kanner dee fir si beschte Wee an engem dach ëmmer méi komplexe Schoulsystem fan- nen, fir datt se déi passend Schoul zum Beispill fan- nen, déi passend Orientéierung fannen, wëssen, wéi eng Hëllefe se an Usproch kënnen huelen.
Dofir ass et och zum Beispill fir eis positiv, datt elo deen Dossier entsteet, well een domat de Kanner och eng Aart vu roudem Fuedem gëtt, un deem se sech orientéiere kënne fir hire schoulesche Parcours. Natierlech ass och fir d’Schoule selwer deen Dossier ganz wichteg, well en hinne beim Accueil vun den neie Schülerinnen a Schüler awer wäertvoll Informa- tioune liwwert an domadder hëlleft.
Wat an der Theorie gutt kléngt, muss sech an der Praxis awer bewären, well et gëtt e Risiko, datt een hei zousätzlech administrativ Chargë generéiert. Wann ee béis wär, géif ee vun engem „administrative Waasserkapp“ schwätzen, vun deem mer hoffen, datt deen net entsteet.
Mir sinn der fester Iwwerzeegung, datt hei d’Inten- tioun immens gutt ass. Mir sinn der Meenung, datt deen heite Projet wierklech d’Ambitioun huet, datt d’Hëllef do ukënnt, wou se gebraucht gëtt. An dofir sollte mer och dem Personal um Terrain, wat dat hei- ten herno ëmsetze muss, dat Vertrauen haut entgéint- bréngen, datt et dat genau esou ëmsetzt, wéi d’Ambi- tioun an d’Intentioun vun deem Projet ass. Mir ginn also jiddwerengem an där ganzer Chaîne hei haut e Vertrauensvirschoss, datt déi gutt Intentiounen do ukommen, wou se dréngend gebraucht ginn.
Wéi also beim Projet de loi 8169 wäerte mer och deen heite Projet matstëmmen. Mir ginn, wéi ech et sot,
jiddwerengem, dee bedeelegt ass, vun der Regierung bis zu de Leit, déi dat heiten um Terrain ëmsetzen, e Vertrauensvirschoss an hoffen, datt de Projet an der Realitéit dat hält, wat en an der Theorie versprécht.
Ech soen Iech Merci.