M. Sven Clement (Piraten) | Virun allem och op Lëtze- buergesch, als „Verdeelt-Regëster-Technologie“, wann ech Iech gutt nogelauschtert hunn. Ech hu virdru mat der Finanzministesch kuerz driwwer geschwat. Et gëtt op Facebook am Moment esou e Video, wou et drëm geet: „Erklär DLT verschiddenen Alterstranchen.“
(Hilarité)
Eemol fir kleng Kanner, eemol fir méi eeler Kanner, eemol fir Jugendlecher, eemol fir Erwuessener an eemol fir Pensionnairen. An allkéiers, wann dann ee gefrot gëtt …
Une voix | Pensionnéen.
M. Sven Clement (Piraten) | Pensionnéen. Jiddwe- reen, dee gefrot gëtt, fir dat dann deene Leit, déi net méi am aktive Beruffsliewe stinn, ze erklären, jidd- weree seet do riicht duerch: „Impossible! Onméig- lech!“ Dat ass net ze erklären. An ech mengen, dat ass e bëssen dat: Fir vill Leit ass DLT e bëssen esou Zau- berei. Et weess keen esou wierklech, wat et ass. Dobäi ass et eng ganz banal Technologie, déi derfir suergt, datt mer eeben Datebanken net méi op engem Com- puter, mee op verschiddene Computeren hunn an dat redundant ass, soudatt, wann een ausfält, déi aner kënne weider iwwerhuelen, eppes, wat grad an Zäite vu Cyberattacke ganz sënnvoll ka sinn.
Dat heiten ass, wéi den Här Bauler dat richteg sot, eng Transpositioun an eng Upassung un europäescht Recht. An deementspriechend gi mir Piraten eisen Accord an ech hoffen, e bëssen zur Opklärung vun deem ganze Problem bäigedroen ze hunn.