Projet de loi 8051 iwwert d’Ver- ankerung vun den Telekommunikatiounsmëttelen am Code de procédure pénale

M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President. Merci dem Charles Margue fir dee gudde schrëft- lechen a mëndleche Rapport. Hei ass eng Digitali- séierung dran. An ech hat et och schonn eng Kéier an der Kommissioun gesot, dass mer mussen oppassen, dass d’Vertraulechkeet gewaart bleift, grad wann ee mat sengem Affekot schwätzt a wann ee vläicht Saa- chen, déi soss keen eppes géifen ugoen, an deene vertrauleche Gespréicher seet.

An do kommen ech dann op déi Iwwerleeung, déi ech och an der Kommissioun hat: éischtens d’Vorrats- datenspeicherung, déi nach ëmmer aktiv ass, wou ganz kloer och den Affekot mat sengem Client er- faasst ass an deementspriechend och dat duerno

nozevollzéien ass – wat mir Piraten awer guer net gutt fannen a wat mer gären ofgeschaaft hätten.

Op där anerer Säit Äre Computersystem: Do gëtt et nach ëmmer Trojaner, et gëtt souguer Staatstroja- ner. Ech mengen, mir haten alleguerten déi Diskus- sioun deemools, wéi déi Trojaner aus Israel opkomm sinn. Och dat sinn alles Saachen, wou een eigentlech awer muss vun den Affekoten hier hinne bäistoen, fir dass genau si dee Schutz hunn! Well et kann net herno sinn, dass op hire Computeren iergendwellech Softwarë sinn, déi bedenklech sinn, well et si si, déi mussen déi Confidentialitéit mat hire Clientë behalen. Dofir si mir och der Meenung, dass grad Affekoten net dierften ënner eng Vorratsdatenspeicherung falen, dass net do dierft en Tracking gemaach ginn, wéini se wat mat de Clientë geschwat hunn. An och grad an de Videosoftwaren ass et immens wichteg, dass dat ganz clean bleift.

Mir wäerten eisen Accord hei ginn, mee mir warnen awer dervir, dass am Digitalen do och Gefore bestinn. Merci.

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene