Projet de loi 8033 iwwert de Cannabis

M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President. Jo, mir schwätzen haut iwwer ee Schrëtt, net iwwert d’Legaliséierung vum Cannabis, wéi mir eis se als Piraten gewënscht hätten, mee et ass ee ganz klenge Schrëtt an déi richteg Richtung.

Well wann een eng Reaktioun ka ginn och op d’Vir- riedner, et ass nun emol e Constat: Deen, dee fëmme wëll, dee fëmmt. An de Konsum ass haut schonn esou

do. Mir kënnen e schéischwätzen, mir kënne ston- nelaang driwwer debattéieren, mee et ass nun emol haut e Fakt, dass de Cannabis konsuméiert gëtt, an et ass och eis Responsabilitéit als Politick, wann ee fest- stellt, dass de Cannabis eeben am Alldag ukomm ass an een et iwwer repressiv Gesetzer net hikritt, en ze verhënneren, dass ee muss higoen, en anere Wee ze goen.

Grad wann ee beim Cannabis vun enger softer Drog kann ausgoen, déi am meeschte Problemer bis elo doduerch ausgeléist huet, dass ee se eeben net um legale Wee konnt kafen, mee dass een huet misse mat engem Dealer an, soe mer, Commerce goen, fir dass deen dann e Produit verkaf huet, deen och emol net clean war.

Dat ass awer elo net, wéi verschidde Virriedner ge- sot hunn, dass doduerjer, wat haut gestëmmt wäert ginn, d’Dealer, soe mer mol, aarbechtslos géife ginn. Am Contraire. Déi meescht Konsumente wäerte leider net d’Méiglechkeet hunn, doheem eng Planz unze- setzen, nenne mer et emol esou, well et muss jo och d’ganz Famill dann averstane sinn, wann een doheem op eemol seng Plantage vu véier Planzen ufänkt. Ech ka mer dat virstellen, dass dat – an ech maache laang Jugendaarbecht –, dass dat schwiereg doheem ass, fir sengen Elteren ze verklickeren: „Jo, ech hu meng 18 Joer, wou kann ech dann elo meng Planzen hiset- zen?“

Dat heescht, fir eis Piraten wäert dat doten de Pro- blem vun den Dealer net léisen. D’Dealer wäerte weiderhi leider bestoe bleiwen. Well eist Zil war et, fir déi Dealer vum Marché ze kréien, déi déi onpropper Droge verkafen. Dir dierft net vergiessen: Dir fänkt beim Cannabis u beim Dealer an da lant Der herno bei enger méi schwéierer Drog, well deen Iech nach eppes drënner gemixt huet oder eppes aneres wollt verkafen. An do huet de Courage gefeelt vun dëser Regierung, fir dat unzepaken, well de Courage feelt, fir de Cannabis richteg ze legaliséieren, esou wéi mir Piraten et gäre gehat hätten.

Mir hunn eis virgestallt, dass een dat ka ganz legal kafen, kontrolléiert, dass een eng gutt Matière kritt, dass de Gesondheetsrisiko doduerch erofgeet an ee guer net a Kontakt mam Dealer kënnt. Leider huet dee Courage bei dëser Regierung gefeelt.

An ech hunn nach eng Kéier extra de Koalitiounsaccord erausgedréckt, wou Der ganz grouss geschriwwen hat, Dir géift op „achat, possession, consommation“, alles goen. Bon, nix ass. Elo gëtt et eng emol net soft Lega- liséierung. Et ass einfach iergendeppes emol dohinner gemaach, wat …

An do ginn ech de Virriedner och vun der CSV Recht, dass et net kontrolléierbar ass. Dat ass nämlech de Problem. Just mir kritiséieren an eng aner Richtung. Mir kritiséieren, dass Der et hätt solle méi legaliséie- ren, dass een et herno soll an engem gudde Kader kënne kafe wéi Zigaretten zum Beispill, dass Der dat kéint esou kafen an doduerjer eng Kontroll hätt. Well wat Der elo maacht, wäert a sech ganz schwéier ginn, souwuel fir eis Police wéi fir d’Konsumente wéi fir d’Fa- milljememberen. Wat äntwert Der Äre Kanner dann elo, wann déi soen: „Hues de doheem iergendzwousch Plaz, ech géif mer gäre véier Planzen dohinnersetzen?“ Oder ëmgedréint. Är Eltere wëlle se setzen, wat äntwe- ren d’Kanner dann? Da soen déi an der Schoul: „O hei, mir hunn doheem véier nei Planze kritt.“

(Hilarité)

Et ass e bëssen dat Äre Problem. Dir hutt hei eng Limi- tatioun agesat, déi awer herno net fir jiddereen ëm- setzbar ass. Déi aner ass, ech hat dat an der Kommis- sioun opgeworf: Wou kritt Der Är Planzen an Äre Som hier? Ech krut do als Äntwert: „Hei zu Lëtzebuerg kritt

een deen herno awer net ze kafen.“ Dat ass e bëssen de Problem. Da musst Der en am Internet bestellen, da geet dat hin an hier. An dann, wat bestellt Der? Be- stellt Der de Som oder hutt Der scho kleng Planzen, déi Der geliwwert kritt? Dat sinn alles déi Froen, déi sech herno stellen.

Mir hätten eigentlech de Wee gäre gehat, dass dat vill méi oppen ass.

(Interruption)

Jo, ech soen dat elo éierlech – ech wëll elo keen Numm soen –, esou e grousse Baumaart, dass een do kann dohinnergoen an et keeft ee säi Som an da kann ee säi Cannabis planzen ouni Risiko, dass een och net muss fäerten, dass iergendwéi eng Kéier d’Police schellt, well vläicht fënnef Planzen doheem komm sinn. Ech mengen, jiddereen, dee Gäertner ass, weess, dass heiansdo vläicht eng Planz bäikënnt, an dann ass een direkt kriminell.

Well déi aner Fro ass jo: Wéi grouss däerfen déi Planze ginn? Dat ass jo déi aner Geschicht beim Can- nabis. Wéi grouss däerfen déi Planze ginn? Herno hutt Der Planzen, Verschiddener, déi kënne bis zu dräi, véier Meter ginn. Jo gutt, wann Der der do véier kënnt huelen, da kënnt Der eng grouss Famill do- heem hunn. Dat ass deen anere Problem.

Dat heescht, Dir hutt a sech mat Ärer softer, falscher Legaliséierung elo méi Problemer geschaaft, wéi wann Der einfach gesot hätt: „Mir erkennen de Pro- blem. Mir si modern. Mir ginn an eng gerecht Léi- sung, dass mer soen, mir maachen et op, et gëtt eng ganz kloer Vente, déi gereegelt ass, déi op spezielle Lieue stattfënnt an och de Konsum.“ Ma firwat dann net op Caféë goen, wou een einfach ka säi Cannabis konsuméieren? An anere Länner fonctionéiert dat ouni Problem. Firwat hu mir dat net zu Lëtzebuerg gemaach? Elo muss ee sech dann iergendzwousch seng Plaz sichen, wou een de Konsum ka maachen, ouni dass een ee gesäit. Et däerf een nëmme seng 3 Gramm … Bon ech si frou, dass een elo 3 Gramm däerf mathuelen. Ech stelle mer et awer ganz schwie- reg vir, wéi de Polizist dat herno soll ëmsetzen. A stellt Iech emol vir, Dir hutt och nach grad Är Planz doheem geschnidden an Dir hutt herno 3,1 Gramm dobäi. O Mamm, da kënnt d’Blo Luucht.

Dat ass e bëssen de Problem, deen Der geschaf hutt. Dir hätt einfach solle soen: „Et däerf een et mathue- len“, awer net déi soft …, wësst Der? Dir hutt elo näischt Richteges gemaach an näischt Falsches. Ein- fach esou, ech maachen einfach iergendeppes, well ech hat jo am Koalitiounsaccord nach eppes stoen an ech muss jo elo drun denken, den 8. Oktober kënnt eng Echeance, vläicht muss ech meng Leit dann nach iergendwéi bei Laun halen.

(M. Fernand Etgen reprend la présidence.)

Mee ech kann Iech eppes soen: Och déi, déi Cannabis fëmmen, déi wäerten elo net glécklech gi mat Ärer softer, falscher Legaliséierung, déi Der hei gemaach hutt, well dat dote wäert hinne méi Problemer herno schafen, wéi Der der eigentlech wollt léisen.

Hätt Der de Courage gehat als Regierung, fir endlech de Cannabis richteg ze legaliséieren, wéi mir Piraten et gefrot haten, da wär et eng super Affär gewiescht.

Merci.

Zesummenhang posts

De Centre pénitentiaire d’Uerschterhaff ass zoustänneg fir d’Leit, déi an Untersuchungshaft sinn. Eisen Informatiounen no, si beim Bau vum Uerschterhaff och Büroe fir Untersuchungsriichter
Zënter Jore gëtt doriwwer diskutéiert, fir an der Rue de Linger op der Gemengegrenz tëschent Käerjeng a Péiteng ee gemeinsamen Zenter fir d’Police an