Projet de loi 8022, enger Ofännerung vum Walverfare vun der Chambre de Commerce

M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President. Och merci un d’Madamm Rapportrice fir den exzel- lente mëndlechen a schrëftleche Rapport. Dat heite Gesetz gëtt eis endlech e legale Kader, deen d’Cham- bre de Commerce an d’21. Joerhonnert bréngt, an ech mengen, dat ass wichteg. Mir begréissen, datt et net méi néideg ass, dat do bei de Gemengen ze maachen. Mir fannen, datt d’Digitaliséierung e groussen a wich- tege Schrëtt hei war an u sech e bëssen iwwerfälleg.

D’Prozedure gi vereinfacht, dat ass ze begréissen, datt ee keng komplett Lëschte méi muss hunn. Ech mengen, dat ass eppes, wat et bei de Chamberwale scho laang gëtt an elo dann och bei der Chambre de Commerce. Och dat ass, mengen ech, ze begréissen.

A schlussendlech, an dat muss een einfach soen, géife mir als Piraten eis freeën, wa méi oft Gesetzer esou eng breet Zoustëmmung vum Terrain hätte wéi dat heite Gesetz, well dat ass awer rar, dass wierk- lech all d’Resortissanten, all déi consultéiert Parteien, hei wierklech zefridde ware mam Gesetz, an dat ass eleng schonn u sech e Grond, firwat een deem Gesetz zoustëmme muss. An domat ginn ech eisen Accord.

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt