M. Sven Clement (Piraten) | Jo. Merci, Här President. Ech kann elo nach eng Kéier op alles agoen, wat d’Vir- riedner a virun allem och de Rapporter zum Projet ge- sot hunn. Ech erspueren Iech dat awer.
Ech kommen awer net ëmhin, fir eng fundamental Remark zum Text ze maachen. Déi hunn ech virdru scho gemaach. Dat ass déi, datt mer de Betriber net nëmmen elo hëllefe mussen, mat den héijen Energiekäschten eens ze ginn, mee duerno och, fir vun deenen héijen Energiekäschte fortzekom- men, andeem se méi resilient ginn, andeem se méi erneierbar Energië selwer och kënnen deelweis pro- duzéieren.
An da vläicht eng Reaktioun op dat, wat d’Madamm Lorsché elo grad gesot huet, datt d’Majoritéit alles géif maachen, fir onofhängeg ze gi vum Gas. Also vläicht nach vum russesche Gas, well do de Risiko do ass, datt iergendwann de Putin de Krunn zoudréit a mer, faute de mieux, souwisou onofhängeg dovunner wäerte ginn.
Mee ech mengen net, datt dës Regierung, oder wann domat d’Majoritéitsparteie gemengt waren, da mengen ech net, datt dës Regierung dat mécht. Well …
(Interruptions)
… iwwer 50 % vun den abordabele Wunnengen zënter 2016 si mat Gasheizunge gebaut ginn. Staatsgebaier sinn déi lescht, si wäit hannert dem Duerchschnëtt souwuel vun den Industriegebaier wéi vun de privaten Haushalter, wann et drëm geet, Solaranlagen op den Daach ze setzen. Ech schwätze guer net nach vun aneren Heizungen – och do, sechs Gebaier vum Staat hunn eng Gasheizung kritt.
Also ech mengen, bei der Onofhängegkeet vum rus- sesche Gas ass, mat deene Politicken, déi do gemaach ginn am abordabele Wunnengsbau, bei staatleche Gebaier an der Administration des bâtiments publics, nach Loft no uewen. Also alles ass et nach net.
D’Madamm Lenert, déi och heibannen ass an op hire Projet waart, huet eng Kéier vun der Impfflicht als „déi lescht Patroun“ geschwat. Ech mengen, hei géif et wierklech Zäit ginn, wann ee sech d’Temperaturen ukuckt, datt mer emol eng Kéier déi lescht Patroun géifen zünden a wierklech all déi Heizungen, eleng bei de staatleche Gebaier, géifen ersetzen. Da géife mer eis wierklech onofhängeg maache vum russe- sche Gas.
Bon, esou kann ech just soen: Mir hëllefen elo deene Betriber, déi et néideg hunn. Mee déi lescht Patroun hu mer definitiv nach net verschoss.