M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, mat dësem Gesetz setze mer dann eng EU-Direktiv ëm. Déi grouss Ännerung, déi kënnt, ass, datt ee kann een Dag vun der Aarbecht fräi- gestallt ginn, wann e Familljemember en Accident huet oder en urgente medezinnesche Grond virläit.
Bon, ech si selwer Patron, a wann ech bis elo an der Vergaangenheet mat esou engem Fall konfrontéiert war, hunn ech selbstverständlech dem respektive Salarié deen Dag fräi ginn. Also do hunn ech net emol eng EU-Direktiv gebraucht, fir dorunner ze denken. Dat gehéiert zum gudde Stil a mengen Aen. An ech mengen, datt dat och fir déi meeschte Patronen hei am Land schonn de Fall ass, wann de Partner oder d’Elte- ren, a jo, souguer wann d’Grousselteren an en Autos- accident zum Beispill verwéckelt wären. Dee Moment ka souwisou kee sech méi wierklech op d’Aarbecht konzentréieren an de Risiko vun Aarbechtsaccidenter steigt exponentiell. Mir ginn där Saach also elo e legale Kader, wat mir Piraten ënnerstëtze kënnen.
Dann, datt een och fënnef Deeg ka fräigestallt ginn, wann e Familljemember Hëllef brauch, well en net méi alles selwer maache kann, kënne mer nëmme begréis- sen. Och hei mengen ech, datt jiddereen, dee scho Leit a senger Famill hat, wou ee leider weess, datt et net méi laang esou ka virugoen, dann alles mécht, fir no der Aarbecht an de Weekend nach fir se do ze sinn. An da war een nach net mat bei den Dokters-Rendez-vous- en, wou et heiansdo awer immens wichteg wier, datt och nach eng Vertrauenspersoun derbäi ass. Och hei ënnerstëtze mir Piraten dat.
An ech sot et virdrun, och bei de Grousselteren zum Beispill: Mir hätten et vläicht besser fonnt, wann een déi Definitioun vu „Familljemember“ awer méi large gesinn hätt, virun allem well d’EU-Direktiv dat hierginn hätt. Firwat also net d’Geschwëster an d’Grousseltere materanhuelen? Et steet eis als Politiker/innen net zou, eng Differenz tëscht enger Famill an där anerer ze maachen. Et gëtt Leit, fir déi sinn hir Grousselteren d’Ersatzelteren. Et gëtt Leit, déi hunn nëmme Ge- schwëster an hirem Liewen. Do hätte mer eis eng méi grouss Ouverture gewënscht.
Mir Piraten soen dann awer och ganz kloer, datt dat heite kee Congé ass. Et sinn Deeg, déi ee just hëlt, well et onbedéngt néideg ass.
Mir wëllen dann och nach eng Kéier de Kommentar vun der Fonctionnaireskummer opgräifen, déi hei kloer seet, datt dësen Text kee Verdéngscht vun enger Regierung ass, wéi et am Exposé des motifs steet, mee d’Ëmsetzung vun enger EU-Direktiv. Et gouf probéiert, dat hei ze verkafen als Deel vun engem Verspriechen aus dem État de la nation 2001 …, pardon 2021 – sou laang ass et nach net versprach. Mee och wann et e klenge Schrëtt a Richtung Flexibiliséierung ass, esou ass et awer nëmmen d’Ëmsetzung vun enger EU- Direktiv.
E Recht op deen Entretien, deen dann am Gesetz steet, ass och nach kee Recht op eng Flexibiliséierung. Do, mengen ech, misst d’Regierung nach méi liwweren, fir hire Versprieche gerecht ze ginn. Well deen Entre- tien, wann ee Kanner huet bis 9 Joer … Éischtens emol, weess ech net wierklech, ob een … Mäi Meedchen ass nach keng 9, dat heescht, ech kann net ofschätzen, wéi et ass, wann et bis 9 Joer huet, mee ech hunn esou e Gefill, datt een och mat zwëschent 9 an 12 oder zwë- schent 12 an 18 heiansdo nach eng gewësse Flexibili- téit brauch. An och déi, mengen ech, kann een nach e bëssen noliwweren.
Här President, ech sot et: Mir ënnerstëtzen deen heite Gesetzesprojet. Ech wollt awer nach profitéieren, fir dem Rapporter Merci ze soe fir de mëndlechen a schrëftleche Rapport. Och wa mer eis vläicht am Detail net eens sinn, sou ass awer och e klenge Schrëtt hei- ansdo e wichtege Schrëtt. An dofir stëmme mer dee Projet mat.
Ech soen Iech Merci.