Projet de loi 8014, enger Ofännerung vum Gesetz iwwert den internationale Schutz

M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, mat dësem Gesetzes- text solle jo dann Arrête vum Europäesche Geriichts- haff an nationaalt Recht ëmgesat ginn. Bon.

Éier ech awer op de Sujet vum Gesetzesprojet per se ze schwätze kommen, wëll ech awer virdrun op eppes agoen, wat mat deem Gesetz hei ganz enk verbonnen ass. An dat ass d’Nouvelle, déi mer e Freide kruten iw- wert den Accord vum EU-Conseil par rapport zu enger Verschäerfung vum Migratiounsrecht.

Mir Piraten fannen et immens traureg, datt d’EU- Länner der Meenung sinn, datt ee Leit misst aspären, wa se hei an Europa wëllen Hëllef froen.

Et ass ganz kloer, datt all Mënsch muss d’Recht hunn, fir an engem Land Schutz unzefroen, jo, fir Asyl unze- froen. Sou si mir Piraten net der Meenung, datt dat heescht, datt een d’Leit kann aspären, bis een hal- lefweegs sécher weess, ob se dann Asyl kréien oder net. Et gëtt keen hallwen Asyl, esou wéi verschidde Leit sech dat virstellen, wou d’Leit dann emol aus der Detentioun erausginn an dann eventuell an dat Land kommen, wou se hi wollten, oder och net, fir dann ze kucken, ob se dann den Accord kréien.

Fir eis geet et net, datt een hei soll eng Zwouklassege- sellschaft schafen tëscht deene Leit, déi sécher Hëllef kréien, an deenen, déi u sech individuell zwar d’Recht drop hunn, statistesch gesinn dann awer vläicht keng Hëllef kréien. Jiddereen huet d’Recht – an dat gëllt och hei zu Lëtzebuerg – op eng individuell Bewäertung vu sengen Asyldemanden. A wann déi Bewäertung ne- gativ ausfält, mussen d’Leit, laut EU- an och nationa- lem Recht, goen, et sief dann, et géif eng Protection subsidiaire ginn, wat jo nach en zweeten Niveau ass.

An ech mengen, datt et och wichteg ass, datt mer de Leit all d’rechtlech Méiglechkeete ginn, déi se hunn.

Et geet net, datt mer hei Kanner mat hire Familljen aspären an iergendwelchen Zenteren, well se grad aus engem Land kommen, wou keng héich Proba- bilitéit besteet, datt se Asyl kréien. Fir eis Piraten ass dat net akzeptabel, a mir fuerdere kloer vun der Re- gierung, datt se hei eng ganz kloer an humanistesch Positioun hëlt. A mir sollten op alle Fall keng faul Kompromësser mat Länner wéi Ungarn oder Pole maachen. Wann et ëm Mënscherechter geet, gëtt et keng Kompromësser, nee, et gëtt just Mënscherech- ter. A wéi d’Wuert „Recht“ seet, ass dat net negocia- bel.

Här President, bei deem heiten Text gouf scho vill gesot iwwert déi eenzel Klarifikatiounen, déi déi ver- schidden Arrête vum Geriichtshaff néideg gemaach hunn. Ech muss Iech éierlech soen: Ech hunn dat Ganzt ugelies. Ech hu probéiert, Kloerheet ze fannen an deene Klarifikatiounen, an ech muss soen, datt ech nach ëmmer net ganz kloer all eenzel Disposi- tioun verstanen hunn.

An et läit anscheinend net nëmmen u mir, well och d’Zivillgesellschaft huet kloer Problemer, an et ass och ugeklongen a verschiddene Rieden heibannen, datt och aner Kolleeginnen a Kolleegen heibanne Problemer hu mat der Genauegkeet vun deenen Defi- nitiounen, déi hei benotzt goufen. An ech fäerte ganz, datt och deen heiten Text nach eng Kéier viru Geriicht wäert analyséiert a klarifiéiert musse ginn, wat dann erëm zu Amendementer wäert féieren.

Deementspriechend wäerte mir eis enthalen, well Reegele sollten ëmmer universell gestalt ginn a man- ner arbiträr.

Ech soen Iech Merci.

Zesummenhang posts

Rezent gouf ugekënnegt, dass ab dem 21ten Dezember d’Gesellschaft China Southern plangt eng Kéier d’Woch mat engem Airbus 350-900-Fliger vun de Stied Guangzhou a