M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, ech hunn elo grad mat mengem Kolleeg, dem Marc Goergen, ofgemaach, datt hien d’Madamm Cecchetti kann heemféieren, wann et …
(Hilarité)
… e Problem mam Zuch sollt ginn.
(Interruption)
Als Éischt emol wollt ech dem Claude Lamberty Merci soe fir den exzellente mëndlechen a schrëftleche Rapport. Den Institut national des langues ass zu Lëtzebuerg net ewechzedenken. En organiséiert hei am Land net nëmmen d’Sproochecoursen, fir eebe Lëtzebuergesch ze léieren – déi iwwregens esou be- léift si wéi nach ni an alljoers quasi nei Aschreiwungs- rekorder opstellen –, mee e bitt och nach Coursen an enger ganzer Rei anere Sproochen un, wat et also och Lëtzebuergerinnen a Lëtzebuerger erméiglecht, welt- oppen an d’Welt ze goen.
Mir sinn e Land mat ville Leit, déi e Migratiounshan- nergrond hunn, a vun de Frontalieren, déi all Dag heihinnerkommen, guer net ze schwätzen. Nëmmen 38 % vun der Populatioun si Lëtzebuerger an hunn allen zwee Elteren, déi e lëtzebuergesche Pass hunn. Dat heescht ëmgedréit, datt 62 % vun eiser Popula- tioun direkt e Migratiounshannergrond hunn – hei- ansdo vu méi no, heiansdo vu méi wäit.
A Kanner, déi hei am Land opwuessen, léieren déi offiziell Sproochen zum gréissten Deel an der Schoul. Mee wéi ech grad gesot hunn, gëtt et der ganz vill, déi hir Sprooch eebe vun iergendwou matbruecht hunn an awer Lëtzebuergesch wëlle léieren, an deementspriechend besteet och bei Erwuessenen dëse Besoin. An dat gesi mer mat den Aschreiwunge beim INL.
A genau fir déi brauch et eng breetgefächert Offer. Sief et, datt een eng Sprooch brauch fir seng Aar- becht, mee grad am Fall vum Lëtzebuergeschen ass et och eng vun de Viraussetzungen, fir d’Nationali- téit ze kréien. De Besoin no Sproochecoursen, dat net nëmmen am Lëtzebuergeschen, ass also immens grouss. Dat beweise jo och d’Zuele vun den Inscrip- tiounen.
Ech kommen awer nach eng Kéier zréck op de Punkt vun der Lëtzebuerger Nationalitéit, well grad am Beräich vum Sproochennoweis ass de Besoin am Moment ganz grouss. An eng engleschsproocheg Onlineplattform huet elo rezent geschriwwen, datt d’Waardezäiten, fir de „Sproochentest“ ofzeleeën, ak- tuell bei bis zu zwee Méint leien.
Wann een do derbäi nach déi bis zu aacht Méint rechent, déi de Justizministère brauch, fir neie Lëtze- buerger hir Nationalitéit dann duerno och nach ze octroyéieren, da mierkt ee ganz séier, datt dat eng laangwiereg Prozedur ass. An ech hoffen iergend- wou, datt ee vun de positiven Nieweneffekter vun dësem Gesetz wäert sinn, datt mer déi Prozesser e bësse straffe kënnen, datt mer se méi séier gemaach kréien an datt mer doduerjer och vläicht nach deem engen oder aneren, deen et elo wëllt maachen, well am Hierscht Wale sinn, erméiglechen, un dësen als frëschgebakene Lëtzebuerger deelzehuelen, nodeem en da seng Sprooch ganz gutt um INLL geléiert huet. An ech hoffen … Domadder gi mir eisen Accord dann och fir dëse Pro- jet. Ech soen Iech Merci.