M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, dat heiten ass jo e Projet, wéi et oft ass: Wat de Projet méi déck ass, wat et ëm méi déck Montante geet, wat d’Diskussioun u sech méi kleng ass, well mer eis meeschtens eens sinn. An ech mengen, dat ass och haut net anescht.
Mir sinn eis alleguerten eens, datt mer e Virage am- bulatoire brauchen. Mir sinn eis alleguerten eens, datt mer eise Gesondheetssecteur musse stäerken. Mir sinn eis och, wann ech d’Riede vu menge Virried- ner esou héieren hunn, alleguerten eens, datt de CHL an där Form, wéi en am Moment fonctionéiert – op- gedeelt op verschidde Gebaier, déi net propper mat- enee verbonne sinn, déi och schonn e gewëssenen Alter hunn –, net méi de Wee an d’Zukunft ass.
An ech mengen, duerfir ass et och ganz flott, datt mer hei e Projet hunn, dee modulaire soll gebaut ginn. Ech mengen, am Gesetz nenne se dat e „life cycle hospital“, also e Gebai, wat wuesse kann, wat sech verännere kann, e Spidol, wat sech op wiesselnd Besoinen adaptéiere kann. An ech mengen, dat ass eppes, wat mer fir d’Zukunft brauchen. Well haut Kaf- fisazlieserei ze bedreiwen an ze mengen ze wëssen, wat mer an 20 oder an 30 Joer brauchen – an esou e Gebai steet nun emol e puer Joerzéngten –, dat géif kee sech méi zoutrauen.
Wann ee virun 20 oder 30 Joer gefrot gi wär, fir e Spi- dol zu Lëtzebuerg ze bauen, hätt keen dru geduecht, datt mer iergendwann eng Kéier vill méi grouss Iso- latioune misste maachen. Et hätt keen dru geduecht, datt mer eng Kéier an enger globaler Pandemie wären, wou op eemol ënner ganz anere Bedingunge misst operéiert ginn, ënner anere Bedingungen un de Patiente géif geschafft ginn. A genau duerfir ass et wichteg, datt mer eis an Zukunft kënnen u variabel Situatiounen upassen.
Dat Zweet, wat ech absolutt begréisse kann, ass déi direkt Ubannung un d’Heliporten. Dat ass eppes, wat um Kierchbierg immens begréissenswäert ass: vum Heliport quasi direkt an de Bloc opératoire. Dat soll dann och elo endlech beim CHL de Fall sinn. Mir wës- sen, déi zwee hu mëttlerweil gläichzäiteg Déngscht, mee awer, jee no Disponibilitéit gëtt een nach ëmmer an dat eent oder an dat anert Spidol bruecht, wann et haart op haart kënnt. A grad wann ee bedenkt, datt den INCCI jo awer am CHL ugesidelt ass an datt et grad bei Häerzproblemer op all Sekonn, net nëmmen op all Minutt, ukënnt, ass dat eppes, wat e grousse Progrès ass.
Une voix | Très bien!
M. Sven Clement (Piraten) | Dann, wa mer iwwert déi Ubannung schwätzen, da schwätze mer natierlech iwwert déi kuerz Weeër. Ech mengen, d’Gesetz huet dovunner geschwat. Och am Rapport ass dovunner geschwat ginn. E grousse Merci nach fir de Rapport. Et ass jo e bëssen eisen übleche Rapporter fir alles, wat Santé ass, deen eis erëm en extensiven a ganz gudde mëndlechen a schrëftleche Rapport gemaach huet.
Kuerz Weeër heescht awer och, an dat huet och de Claude Wiseler virdrun, mengen ech, gesot, datt d’Leit, déi an d’Spidol kommen, mussen e kuerze Wee hunn. Dat ass sécherlech de Fall, wann een an der Stad wunnt, an et gi jo Pläng, fir och den ëffentleche
Verkéier nach besser unzebannen un de CHL an Zu- kunft. Mee et däerf net nëmme fir déi Leit aus der Stad sinn. De CHL ass en nationale Kompetenzzenter. Mir mussen, wa mer scho vu „médecine holistique“ schwätzen, och vun enger „politique holistique“ schwätzen. A mir mussen de CHL esou ubannen, datt d’Patientinnen an d’Patienten, d’Visiteuren, awer och d’Personal zu deenen Auerzäiten, wou se dann dohinnerkommen, och kënnen op Alternativen zum Individualverkéier zréckgräifen.
Wie rezent eng Kéier am CHL war, dee weess, datt et ëm d’Parkplazsituatioun do net besonnesch gutt bestallt ass. Dat läit u ganz ville Facteuren. Mee et ass sécherlech ee vun de Facteuren, dee mer mussen ugoen. An ech stinn elo net hei fir ze soen: „Mir musse méi Parkhaiser bauen!“, mee mir brauchen eng besser Ubannung un den ëffentlechen Transport. A mir mussen eis virun allem och d’Fro stellen: Wéi fonctionéiert den ëffentlechen Transport fir déi Leit, déi Schichte schaffen? Well fir e Spidol ass et inhä- rent, datt do Schichte geschafft ginn. Fir e Spidol ass et inhärent, datt do Leit och virum Ufank vun enger Schicht mussen do sinn, fir Saachen ze maachen, an och deelweis no enger Schicht nach mussen do sinn. Dat heescht, och do musse mer an Zukunft nach investéieren. An ech hoffen, datt dat gemaach gëtt.
Schlussendlech kann ech just hei eisen Accord gi fir dëse Projet, e Projet, deen iwwerfälleg ass a wou ech frou sinn, wann den éischte Stee läit, den éischte Spuetestéch gemaach ass. Ech soen Iech Merci.